Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Zürcher Luft

April 30, 2022 - 14:00 - 23:30

Léif LSZler, 

Mat grousser Virfreed invitéieren mir iech alleguer Samschdes, den 30. Abrëll op eist nächst (Gönner)Event “Zürcher Luft”.

Lass geet et samschdes Mettes um 14:00 bei der Tramstatioun Triemli wou mir eis all zesummen treffen, d’Iessen an d’Gedrenks ënnert eis LSZler opdeelen, an dann den Uetlibierg eropwanderen. Uewen um Bierg gëtt dann zesummen gegrillt an gedronk. 

Nodeems mir eis nees op den Wee fir rof machen, geet et um 21:00 am Lochness weider. De Prinzip wäert deenen meeschten vum Clear the Bottles bekannt sinn: Open Bar, stëmmungsvoll Musek, genuch ze drenken, an dat bis spéit an d’Nuet eran! Vu dass mir vermeiden wëllen dass den ganzen Alkohol schon virun 22 Auer fort ass, mussen mir iech leider eng Participatioun vun 15€ froen, esou kenne mir dofir garantéieren, dass den ganzen Owend iwwer fir genuch Gedrénks gesuergt ass.

Am Lochness gëtt et eng Limitt op 100 Leit an d’Umeldungen lafen nom Prinzip vun eisen APB. Falls dir trotzdeem gären Externer, ganz gären schwäizer Kolleegen, invitéiert, kënnt dir dëst maachen, dir musst deenen den Link dann weiderschécken an sie mussen sech och umellen. Sidd iech an deem Fall just bewosst dass Externer laut dem Prioritéitsprinzip awer als lescht eng Platz kréien. 

Umellen kennt dir iech ab dem 8. Abrëll bis den 15. Abrëll hei:

This form is currently closed for submissions.

Mir freeën eis op iech!

de Comité

 

Details

Date:
April 30, 2022
Time:
14:00 - 23:30