Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Wantersportweekend 2022

March 4, 2022 - March 6, 2022

Léif LSZler, 

et gëtt lues a lues Zäit seng holzen Brieder ze preparéieren, well vum 4. bis 6. Mäerz  geet den LSZ nees an d’Bierger a jauft zesummen d’Pisten erof a Richtung Apres – Ski.  

Dëst Joer geet et an d’Skigebitt Andermatt – Sedrun – Disentis, wou mir de Chalet Rheinquelle ganz vir eis eleng gelount hunn. Méi Informatiounen dozou fannt dir ënnert folgende Links:

Link Skigebitt: https://www.andermatt-sedrun-disentis.ch/de/

Link Chalet: https://www.ferienzentrum-rheinquelle.ch

Wei den Numm et scho verréit, soll et sech dëst Joer net nëmmen em d’Skifueren dréien, mee och déi manner skibegeeschtert ënnert iech wäerten op hier Käschte kommen, sief et beim Schlittfueren, Wanderen, Schlittschongfueren oder vir einfach eng flott Zäit zesummen ze verbréngen. Gitt aus dësem Grond an der Umeldung un op dir en Skipass braucht oder net. 

Den Depart mam Bus ass geplangt Freides  den 04.03 am fréien Moien um Campus Hönggerberg a mer wäerte Sonndes de 06.03 géinter Owend rëm zu Zürich sinn. Genau Informatiounen zum Depart a Retour kritt dir zu engem méi spéideren Zäitpunkt.

D’Participatioun läit dëst Joer bei  250€ fir déi wou Skifueren. An deem Präis mat abegraff ass den Transport hin an zeréck, de Skipass, de Chalet vir 2 Nueten, souwéi d’Moies – an Owesiessen. Vir déi aner (Net – Skifuerer) läit den Präis bei 150€, inclus sinn déi selwecht schon obgenannte Saachen, just ouni Skipass.   

D’Allgemeng Participatiounsbedingungen wäerten vir den Wantersportweekend mat folgenden Ännerungen ugewandt ginn: 

  • Umeldung: Beim Deel 2. Umeldung vun den APB  wäerten am Prioritéitenprinzip d’Punkten 2 an 3 net gëllen. Deementspriechend ass d‘Reihenfolg vun de Prioritéiten wei folgend : 
    • Comitésmemberen
    • Aktiv Memberen
    • Passiv Memberen
    • Externer
  • Ofmeldung: Am Fall vun enger Ofmeldung wäert een mussen 150€ bezuelen, et sief dann, et fënnt een op eegen Hand en Ersatz falls et keng Waardelëscht gëtt. 

Den Wantersportweekend ass en 2G+ Event. Et muss een also geboostert sinn oder en zerifizéierten Test (Schnelltest oder PCR) virweisen kennen, falls déi läscht Impfung méi wéi 6 Méint hier ass. Och wann ee schon geboostert ass, wäere mir frou wann dir am Viraus ee Schnelltest géingt maachen. Mir wäerten och virum Bus Schnelltester zur Verfügung stellen. Denkt drun ären Zertifikat um Wantersportweekend iwwerall derbäi ze hunn.

Dir kennt iech ab dem 19.01 (18:00) bis den 02.02 (18:00) hei umellen:

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

D’Platze fir de Wantersportweekend sinn op 30 Persoune limitéiert, macht Iech also schnell bäi.

Eréischt no der Umeldungsperiod kritt dir vun eis Bescheed gesot ob dir definitiv kennt mat goen. Ass dëst de Fall, bieden mir iech ab deem Zäitpunkt är Participatioun ze bezuelen, entweder per Digicash un d’Nummer 0041764971286 oder un d’Kontosnummer LU34 0019 2955 4503 3000. Spéider Umeldunge sinn och méiglech, eventuell musst du dann awer domat rechnen op der Waardelëscht ze landen.

Bei Froen kennt dir iech bei den Responsables vum Wantersportweekend mellen: Fanny Goy (fanny@lsz.lu); Felix Schoellen (felix.schoellen@lsz.lu); Nicolas Thill (nicolas@lsz.lu) a Sacha Thill (sacha@lsz.lu).

Mir freeën eis op ee flotte Weekend!

de Comité

Details

Start:
March 4, 2022
End:
March 6, 2022

Organizer

LSZ Comite
Email
comite@lsz.lu