Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Wantersport Weekend

March 5, 2021 - 07:00 - March 7, 2021 - 19:00

Léif LSZ’ler,

Traditionell geet den LSZ och dës Wantersaison nees an d’Bierger a jauft mat den hëlzene Brieder d’Pisten erof. Natierlech ass eis bewosst, dass déi aktuell Corona-Lag net immens villverspriechend ausgesäit. Allerdéngs ass et fir ons wichteg d’Eventer sou wäit ewéi méiglech ze plangen an zu engem raisonnabelen Zäitpunkt d’Decisioun ze huelen, op d’Aktivitéit ka stattfannen oder net.

Aus dësem Grond bleiwe mir optimistesch an hunn decidéiert d’Umeldunge fir den LSZ-Wantersportweekend opzemaachen. Am Fall wou mer missten de Weekend ofsoen, falen natierlech keng Käschte fir den ugemellte Member un.

Mat engem neie Konzept geet et dëst Kéier op d’Lenzerheide an de Chalet Raschainas, dee mir vir eis eleng gelount hunn. D’Skigebitt Arosa- Lenzerheide zielt mat sengen 225 Pistenkilometer zu engem vun deene gréissten aus der Schwäiz.

Link: Gruppenferienhaus | Raschainas – Lenzerheide

Link: https://arosalenzerheide.swiss/de/Winter/Skifahren-Snowboarden/Schneesportgebiet

Wei den Numm et scho verréit, soll et sech dëst Joer net nëmmen em d’Skifueren dréien, mee och déi manner skibegeeschtert ënnert iech wäerten op hier Käschte kommen, sief et beim Schlittfueren, Wanderen, Schlittschongfueren oder vir einfach eng flott Zäit zesummen ze verbréngen.   

Méiglech Aktivitéiten fannt dir ënnert folgenden Links:

Schlittfueren:

https://arosalenzerheide.swiss/de/Region/Lenzerheide/Winter/Weitere-Winteraktivitaeten/Schlitteln

Foxtrail:

https://arosalenzerheide.swiss/de/Region/Lenzerheide/Winter/Weitere-Winteraktivitaeten/Foxtrail

Schlittschong:

https://arosalenzerheide.swiss/de/Region/Lenzerheide/Winter/Weitere-Winteraktivitaeten/Eissport

Schneeschuhwanderung:

https://arosalenzerheide.swiss/de/Region/Lenzerheide/Winter/Weitere-Winteraktivitaeten/Schneeschuhlaufen

Gitt dowéinst direkt bei der Umeldung un ob dir wëllt Skifueren oder net (dëst ass wichteg wéinst der Skipassreservatioun). E Mix aus béiden ass natierlech och méiglech, sot eis dofir awer w.e.g. am viraus Bescheed.

Den Depart ass geplangt Freides de 05.03 um 7:00h um Campus Hönggerberg a mer wäerte Sonndes de 07.03 géint 19:00h rëm zu Zürich sinn. Genau Informatiounen zum Depart a Retour kritt dier zu engem méi spéideren Zäitpunkt.

D’Participatioun läit dëst Joer bei ongeféier 300€ fir déi wou Skifueren, an ongeféier 165€ fir déi wou net Skifueren. An deem Präis ass ënner anerem de Ski-, Schneischung- oder Schlittverleih resp. d’Mëttegiessen nach net mat aberechent.

Iwwert d’Feierdeeg huet sech de Comité nei verbindlech Umelldungsconditiounen (APB) iwwerluecht. Liest iech déi w.e.g. emol gutt duerch firundeems dir iech umellt. Link: https://lsz.lu/wp-content/uploads/2021/01/APB.pdf 

D’Platze fir de Wantersportweekend sinn op 30 Persoune limitéiert. Dir kennt iech ab dem 16.01 (18:00) bis den 16.02 (18:00) hei ënnendrënner umellen. Eréischt no där Period kritt dir vun eis Bescheed gesot ob dir definitiv kennt mat goen. Ass dëst de Fall, bieden mer iech ab dësem Zäitpunkt är Participatioun ze bezuelen.
Spéider Umeldunge sinn och méiglech, eventuell musst dir dann awer domat rechnen op der Wardelescht ze landen.

Mir freeën eis op ee flotte Weekend!

de Comité

Responsables Wantersportweekend:

Fanny Goy (fanny@lsz.lu); Felix Engel (felix.engel@lsz.lu);  Sacha Thill (sacha@lsz.lu)

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

Details

Start:
March 5, 2021 - 07:00
End:
March 7, 2021 - 19:00

Organizer

LSZ Comite
Email
comite@lsz.lu

Venue

Gruppenferienhaus Raschainas
Voa Tgantieni 2A
Lenzerheide, Graubünden 7078 Switzerland
+ Google Map