Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Wanderweekend 2022

September 24, 2022 - September 25, 2022

Léif LSZler,

No all de verpasste Wanderweekender an de leschten 2 Jore wou eis de Corona en Stréch duerch Rechnung gemaach huet, kënne mir mat beschter Laun annoncéieren, dass et de Weekend vum 24ten a 25ten rëm op de Bierg geet!

Et start fir eis héich motivéiert Wanderer samschdes de 24ten em 8:00 vun Zürech aus bis op Göschenen. Vun do aus man mir eis steil de Bierg rop bis op Salbithütte. Fir déi déi dann nach net genuch midd sinn, kann et nach weider bis op Salbit Hängebrücke goen. Opgepasst awer, dir sollt dofir onbedéngt schwindelfräi sinn! Dëst ass en Ufanksabschnitt vun engem laange Klettersteig, bei deem ee fir eise kuerzen Deel awer  net onbedéngt en Klettersteigset braucht. Aus dem Grond biede mir iech an der Umeldung unzekräizen wéi dir iech selwer aschätzt! 

Den nächsten Dag ënnerhuele mir en traditionellen Wandertour bis op en klenge Gipfel, an optional virdrun bei en klenge Séi, bzw. éischter en méi groussen Waasserpull😂. Den Tour kann a verschiddene Variatiounen gemaach ginn: 

  1. 7.6 km mat 630hm an 
  2. 9.5km mat 840hm

Wann mer all rëm zréck an der Hütte sinn, gëtt et och rëm Zäit fir sech op den Heemwee ze maachen dh zréck erof op de Parking zu Göschenen an ab op Zürech.

Wéi schonn erwäänt geet eis Rees bis bei d’Salbithütte. Bei der Hütt handelt et sech em eng ganz traditionell Hütt soudass si kee fléissend waarmt Waasser hunn! Schlofen wäerte mir an engem Matrazenlager (héchstwarscheinlech mat aneren Leit). Heifir brauch all Mënsch ee Schlofsak!! 

De Präis beleeft sech ob ongeféier 55- 60€ op de Kapp, d’Iessen Samschden Owes souwéi Sonndes Moies ass doranner abegraff. Et si begrenzt platzen dofir mat iech bäi! Umeldungen ginn den 1ten September em 12:00 op a bleiwen dëst bis de 12ten September, an verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB.

Mir freeën eis op top motivéiert LSZler,

De Comité

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

Details

Start:
September 24, 2022
End:
September 25, 2022