
- This event has passed.
Visitt Schroeder & Associés – 9. Abrëll
April 9 - 17:00 - 22:30
Léif LSZ’ler,
Den 9. Abrëll steet eng spannend Visitt um Programm. Dräi Mataarbechter vu Schroeder & Associés kommen een Dag op Zürech fir eis eng interessant Presentatioun mat uschléissendem Apero ze halen. Fir den Owend gutt auskléngen ze loossen, ginn mer dann nach alleguerten an d’Commihalle iessen.
Mat iwwer 60 Joer Erfarung an engem Team vu ronn 450 Mataarbechter spillt dës Ingenieursfirma ee wichtege Role am Ingenieursdomaine. Hir Missioun ass héchst Qualitéit, innovativ Léisungen a maximal Zefriddenheet fir hir Clienten. Mat vill Erfolleg begleeden si Projeten zu Lëtzebuerg an am Ausland.
Mir freeën eis, iech den 9.4 op der Uni ze treffen, wou si eis méi iwwert hire Knowhow an hir spannendst Projeten erzielen.
Hei drënner fannt dir de Link fir d‘Umeldung déi bis den 2. Abrëll um 18:00 Auer op ass.
Mat beschte Gréiss,
Äre Comité
De Forms ass leider zou. Mellt dech bei engem Comité Member wanns du awer op d’Präsentatioun komme wëlls. Mir kucken dann wat mir nach maache kennen.