Loading Events

« All Events

Visitt R3 Robotics

February 25 - 08:00 - 17:00
Léif LSZ’ler,

Den 26. Februar steet eng ganz besonnesch Visitt um Programm. R3 Robotics invitéiert eis op e Patt. R3 Robotics ass eng innovativ Firma, déi sech op modern Robotik an intelligent Automatiséierungsléisunge spezialiséiert huet. Ab 18:30 am HG E3 erwaart eis e spannenden an zukunftsorientéierte Programm.

Um Agenda stinn:

  • eng Aféierung an d’Welt vun der moderner Robotik an AI-gestëtzter Automatiséierung,
  • Ablécker an aktuell Projeten an technologesch Entwécklungen,
  • an natierlech Zäit fir Froen an Austausch mat den Expert:innen.
R3 Robotics steet fir Innovatioun, technologesch Exzellenz a praktesch Léisungen am Beräich vun der Robotik. D’Firma entwéckelt intelligent Systemer, déi Prozesser méi effizient, flexibel an nohalteg gestalten – a bitt eis domat en Abléck an d’Zukunft vun der Industrie.

Dir kënnt iech bis den 25. Februar um 21:00 umellen.

Mir freeën eis op eng spannend Visitt an op e flotten Owend mat Iech alleguer!

Mat beschte Gréiss,Äre Comité

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

Details

  • Date: February 25
  • Time:
    08:00 - 17:00