
- This event has passed.
Visitt Paul Wurth 2023
December 13, 2023 - 19:00 - 22:00
Geéiert LSZ’ler,
Geschwë steet déi éischt Visitt an dësem Semester vun engem vun eise Sponsoren un. Den 13.12. kréie mir vu Paul Wurth Besuch, déi hir Büroen op Zürech presentéiere kommen. Mat iwwer 1500 Employéen an Aktivitéiten a ronn 20 Länner, gehéiert Paul Wurth zu deene gréissten Ingenieursbüroen zu Lëtzebuerg an huet eng staark Presenz an der Eisen- a Stolindustrie weltwäit. Fir weider Informatiounen am Virfeld, kënnt dir gäre ee Bléck op hiren Internetsite geheien:http://www.paulwurth.com/
Paul Wurth wäert mat 4 Employéen ureesen:
- Dem Här Mergen: Schafft bei Paul Wurth Geprolux an déckt domat all Fro bzgl. „civil engineering“ of.
- Dem Här Ji: Schafft als „process engineer” an ass hire Spezialist den Owend fir all technesch Froen.
- Dem Här Dechambre an der Madamm Pfander: Schaffen am Domaine Human Resources.
D’Visitt fënnt an enger kollegialer a flotter Ambiance statt, soudatt mir mat de Mataarbechter vu Paul Wurth ee flotten Owend am Alehouse Palmhof (https://www.alehouse.ch) verbrénge wäerten. Fir dat dir net verduscht an erhéngert, ass d’Iessen a Gedrénks dee ganzen Owend inclus an dir musst fir guer näischt bezuelten. Start ass um 19:00 Auer.
Dobäi soll gesot sinn, dat déi Präsentatioun fir all Alterskategorie vun LSZ’ler interessant ass an sech net nëmmen un déi méi al riicht!
De Forms fir d’Umeldung fannt dir ënnert dësem ganze Message. D’Umeldung ass bis den 10.12. um 23:30 Auer op.
Bei Froe kanns du dech gäre bei mir mellen: till.winzen@lsz.lu
D’Equipe vum Paul Wurth an ech freeën eis vill vun iech rëm ze gesin.
Till Winzen
Umeldung:
This form is currently closed for submissions.