
- This event has passed.
Visitt HITEC – 26. Mäerz
March 26 - 18:00 - 23:00
Léif LSZ’ler,
Geschwënn steet déi éischt Visitt an dësem Semester vun engem vun eise Sponsoren un. De 26.03. um 18:00 Auer däerfe mir de Philipee Osch mat zwee weidere Mataarbechter vun Hitec hei zu Zürech begréissen.
HITEC Luxembourg S.A. ass eng 100% lëtzebuergesch Firma, déi innovativ an héichqualitativ Produkter a Servicer entwéckelt. Sie bidden héich technologesch Léisungen an de Beräicher Satellitte-Buedemsegment, Test- a Moossausrüstung a Verkéiersmanagement un.
D’Visitt fënnt an enger kollegialer a flotter Ambiance statt, soudatt mir ee flotten Owend am Alehouse (https://www.alehouse.ch) verbrénge wäerten. Fir dat dir net verduuscht an erhéngert, ass d’Iessen a Gedrénks dee ganzen Owend inclus an dir musst fir guer näischt bezuelen. Dobäi soll gesot sinn, dat déi Presentatioun fir all Alterskategorie vun LSZ’ler interessant ass.
De Forms fir d’Umeldung fannt dir ënnert dësem ganze Message. D’Umeldung ass bis Mëttwochs, den 19. Mäerz op.
Bescht Gréiss,
Äre Comité
De Forms ass leider zou. Mellt dech bei engem Comité Member wanns du awer op d’Präsentatioun komme wëlls. Mir kucken dann wat mir nach maache kennen.