Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Visite en ligne – CDCL

December 1, 2020 - 17:00 - 18:30

Free

Léiw LSZler,

den 1. Dezember, dat heescht nächsten Dënschden, um 5 Auer, hält d’CDCL, d’Compagnie De Construction Luxembourgeoise, een vun eisen wichtegsten Sponsoren, dem LSZ eng Präsentatioun op Teams wou si sech virstellen an mer Froen kënnen stellen.

CDCL

Gegrënnt 1979 vun zwee ETH alumni, ass d’CDCL mat ronn 500 Employéen een groussen Acteur am Konstruktiounssecteur zu Lëtzebuerg. Mat enger breetgefächerter Panoplie un Projeten, dorënner ënnert anerem den vertikal link am Pafendall, den Athenée an den Luxembourg Kongress Center, ass d’CDCL aktiv an sou gutt wéi all Domaine vun der Bauingenieurie.

Motivatioun

Och wann dës Présentatioun am interessantsten fir eis Bau- an Maschinnebauingenieuren ass. Zéckt net fir trotzdeem nozelauschteren an eppes iwwert een vun deenen wichtegsten Secteuren zu Lëtzebuerg ze leieren. Den Mr. Luc Didier, deen d’Presentatioun halen wäert, war bis virun véier Joer nach selwer op der ETH an kann ierch soumat och all är Froen iwwert d’Transitioun an d’Beruffswelt, souwéi seng takeaways vum Studium beäntwerten. Speziell fir eis rezent Bleuen, déi lo stolz LSZler sinn, ass dëst, trotz dem digitalen Charakter, eng immens flott éischt Firmenvisite. Et ass wichteg, dass mer eisen Sponsoren nolauschteren an present sinn, ouni hiren Support wär eisen Club, speziell dëst Joer, net méiglech.

Teams

Och wann der nach ni virdrun Microsoft Teams benotzt hutt, kënnt der einfach ouni Account oder Software direkt duerch den Browser der Sessioun joinen. Dëst funktionéiert allerdéngs nëmmen op Chrome, Safari an Edge. Hei den Link:  https://teams.microsoft.com/l/meetup-join/19%3ameeting_ZjFmNTE4ZDItZmUyYy00MmEyLWIyMjEtZjczMWVlMDgwZTcy%40thread.v2/0?context=%7b%22Tid%22%3a%22ae013cbc-082f-4988-a54b-75a2851811f2%22%2c%22Oid%22%3a%226e71c7fc-61a8-4ca3-916a-eada5a990ed9%22%7d