
Veloscourse mat der GEP
July 13
Léif LSZ’ler a memberen vun der GEP,
Mir hunn d’Freed iech dëst Joer een Event ze proposéieren dat säit 2021 net mei op d’Bee gestallt gouf. An zwar ass dat d’Vëloscourse mat der GEP (den Letzebuerger ETH Alumnien), wou mir den 13. Juli um 9 Auer moies ee 36,5 km Tour em de Stauséi maachen. D’Detailer zum Circuit fannt dir ënnert follgendem Link .
Als recompense vir eis sportlech Efforte gi mir duerno och all zesummen eppes klenges grillen.
Léif Gréiss,
Äre Comité