Loading Events

« All Events

Tournoi de Noël 2025

December 22 - December 23

Léif Sportler a Sportlerinnen,

Wéi all Wanterpaus, fënnt och dëst Joer den Tournoi de Noël erëm statt. Mir sinn och dës Kéier an all de Sportaarte vertrueden. Den 22.12 maache mir beim Volleyball a beim Basketball mat an den 23.12 dann natierlech och am Fussball. Wéi dir warscheinlech awer schonn all matkritt hutt, sinn déi 2 Deeg leider och eis Datumer op deene mir eist wichtegst Event vum Joer den Zürcher Bal opriichte mussen.

Informatiounen, fir eis Sportler, déi beim Tournoi de Noël wëllen deelhuelen: De Volleyball an de Basketball wäerten den 22. Dezember stattfannen an de Fussball den 23. Dezember. Fir kënnen eligibel ze sinn, fir deelzehuelen, muss een op mannst e ganzen Dag Op- oder Ofriichten. D’Umeldung a weider Detailer zum Tournoi de Noël kommen an deenen nächste Wochen.

Mir hunn dofir decidéiert, fir kënnen eligibel ze sinn, fir deelzehuelen, muss een op mannst e ganzen Dag Op- oder Ofriichten. D’Platze ginn nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB (https://lsz.lu/wp-content/uploads/2023/10/Allgemeng-Participatiouns-Bedingungen-update-1.pdf) verdeelt.

Fir all Sportaart hu mer e maximum vun 2 Auswiesselspiller festgeluecht. (Basket: 5 + 2, Volleyball: 6 + 2, Fussball: 5 + 2)

De Forms geet den 08.12 um 18:00 ob, a geet de 15.12 um 23:59 zou.

Mir géifen och déi motivéiert vun iech bieden nom Tournoi de Noël nach am Nomëtte laanscht ze kommen, mir kennen all hëllef gebrauchen, déi mir kenne kréien.

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

Details

  • Start: December 22
  • End: December 23