Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Tournoi de Noël 2024

December 21, 2024 - 08:00 - 17:00

Hallo léif Sportler/Sportlerinnen,

wéi all Wanterpaus, fënnt och dëst Joer den Tournoi de Noël erëm statt. Mir sinn och dës Kéier an all de Sportaarte vertrueden. Den 21.12 maache mir beim Volleyball a beim Basket mat an den 23.12 dann natierlech och am Fussball. Wéi dir warscheinlech awer schonn all matkritt hutt, sinn déi 2 Deeg leider och eis Datumer op deene mir eist wichtegst Event vum Joer den Zürcher Bal opriichte mussen.

Mir hunn dofir decidéiert, dass jiddereen den um Tournoi de Noël well matmaachen, 3 Schichte minimum schaffe muss (opriichten,ofriichten an Owend zesummen).

Fir all Sportaart hu mer e maximum vun 2 Auswiesselspiller festgeluecht. (Basket: 5 + 2, Volleyball: 6 + 2, Fussball: 5 + 2)

D’Platze ginn nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB(https://lsz.lu/wp-content/uploads/2023/10/Allgemeng-Participatiouns-Bedingungen-update-1.pdf) verdeelt. De Forms dofir geet de 8. Dezember um 18:00 ob.

Mir géifen och déi motivéiert vun iech bieden nom Tournoi de Noël nach am Nomëtte laanscht ze kommen, mir kenne wierklech all hëllef gebrauchen, déi mir kenne kréien.

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

Details

Date:
December 21, 2024
Time:
08:00 - 17:00