Loading Events

« All Events

SPL 2025 Alumni

May 10 - 18:00 - May 11 - 02:00

Léif Alumnis vum LSZ,

Fir de Kontakt tëscht de LSZler an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen, invitéiere mir Iech den 10. Mee ganz häerzlech op eis traditionell SPL.

D’Konzept vun der SPL sollt deene meeschten nach bekannt sinn: En 3-Gang-Menü an enger schicker Ambiance mat, aus Lëtzebuerg importéiertem, Wäin a Cremant fir den ETH Professeren ze gedenken déi eis Lëtzebuerger Studente wärend dem 2. Weltkrich bäi sech opgeholl hunn.

Dëst ass mat ee vun eise gréissten Eventer am Joer an et géif eis immens freeën eng Rei Alumnis vum LSZ do begréissen ze kënnen. Net nëmmen ass dëst fir eis eng flott Méiglechkeet vun Erfarungen aus der Beruffswelt ze héieren a vun ärer Uniszäit gezielt ze kréien, mais et ass sécher och fir Iech eng super Alternativ dem LSZ nees méi no ze kommen a gezielt ze kréien, wat sech alles säit ärer Uniszäit verännert huet.

D’SPL fënnt dëst Joer am Zunfthaus zum Rüden (https://www.hauszumrueden.ch) statt. Déi genau Adress ass Limmatquai 42, 8001 Zürich. Mir géifen um 18:00 mam Apéro starten. Wei gewinnt gëllt op der SPL d’Tenue correcte. Dir hutt de Choix tëscht 2 Menüen (Fleesch a vegetaresch) an d’Participatioun beleet sech op 140€.

Bäi Froe kënnt Dir Iech gäre bei eis mellen.

Mir freeën eis Iech op d’SPL kënnen ze invitéieren, an hoffen der vill vun Iech kënnen do ze gesinn.

Ären LSZ Comité

This form is currently closed for submissions.

Details

Start:
May 10 - 18:00
End:
May 11 - 02:00

Venue

Haus zum Rüden
Limmatquai 42
Zürich, Switzerland
+ Google Map