Loading Events

« All Events

SPL 2025

May 10 - 18:00 - May 11 - 02:00

Léif LSZ’ler,

Mir hunn déi grouss Freed iech den 10. Mee am Haus zum Rüden (https://www.hauszumrueden.ch/) op d’SPL ze invitéieren. Bei dëser SPL wäert et nees de Fall sinn, dass och Alumnien, also LSZ’ler, déi viru mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbrénge wäerten.

Dir hutt de Choix tëscht engem Fleesch – a Vegimenü. Sot eis w.e.g. bei Allergië mat Zäite Bescheed.

Start ass um 18:00 mam Apero. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 80 Euro. Iwwerweist déi w.e.g. réischt nodeems der vun eis d’Confirmatioun dozou krut.

Dir kënnt och erëm äre Wonschsëtzpartner uginn. Schwätzt iech do w.e.g. virdrunner mateneen of. Traditionell ass den Dresscode Owestenue, dat heescht Costume oder Kleed.

Denkt och w.e.g. drun, dass mir nach Wäin hunn, deen op Zürech muss transportéiert ginn. Mellt iech dowéinst w.e.g beim Philippe Schaack, wann dir vu Lëtzebuerg op Zürech fuert fir e puer Këschte matzebréngen.

Dir kennt iech vum 7. Abrëll um 18:00 bis den 28. Abrëll um 23:59 umellen.

D’Umeldunge verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB.

D’Plaze si begrenzt a bannent de Kategorië vun de Prioritéite gëllt de Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un!

Mir freeën eis riseg iech all rëm kënnen op d’SPL ze invitéieren an hoffen, vill vun iech kënnen do ze gesinn!

De Comité
Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

Details

Start:
May 10 - 18:00
End:
May 11 - 02:00

Venue

Haus zum Rüden
Limmatquai 42
Zürich, Switzerland