
- This event has passed.
SPL 2023 Alumni
May 13, 2023 - 18:00 - May 14, 2023 - 03:00
Leif Alumnis vum LSZ,
Fir de Kontakt tëscht den LSZler an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen, invitéieren mir Iech ganz häerzlech den 13. Mai op eis traditionell SPL.
D’Konzept vun der SPL sollt deenen meeschten nach bekannt sinn: En 3 – Gäng – Menü an enger schicker Ambiance mat, aus Lëtzebuerg importéiertem, Wäin a Cremant fir den ETH Professeren ze gedenken déi eis Lëtzebuerger Studenten wärend dem 2. Weltkrich bäi sech opgeholl hunn.
Dëst ass mat een vun eisen gréissten Eventer am Joer an et géif eis immens freeën eng Rei Alumnis vum LSZ do begréissen ze kënnen. Net nëmmen ass dëst fir eis eng flott Méiglechkeet vun Erfarungen aus der Beruffswelt ze héieren an vun ärer Uniszäit gezielt ze kréien, mais et ass sécher och fir Iech eng super Alternativ dem LSZ nees méi no ze kommen an gezielt ze kréien, wat sech alles säit ärer Uniszäit verännert huet.
D’SPL fënnt dëst Joer am Haus zum Rüden (https://www.haus-zum-rueden.ch/) statt. Déi genau Adress ass Limmatquai 42, CH-8001 Zürich. Mir géifen um 18:00 mam Apéro starten. Wei gewinnt gëllt op der SPL d’Tenue correcte. Dir hutt den Choix tëscht 2 Menüen (Fleesch an vegetaresch), mei Informatiounen dozou kommen no der Umeldung. D’Participatioun beleet sech op 130€.
Falls Dir interesséiert sidd un der SPL deelzehuelen, géifen mir Iech bieden Iech ab dem 5. Abrëll ab 12:00 hei unzemellen:
This form is currently closed for submissions.
D’Platzen (fir d’Alumnien) sinn op 25 Persounen limitéiert, Dir kënnt Iech bis den 9. Abrëll umellen.
Bäi Froen kënnt Dir Iech gären bei eis mellen.
Mir freeën eis Iech rëm op d’SPL kennen ze invitéieren, an hoffen der vill vun Iech kënnen do ze gesinn.
Fir de Comité vum LSZ,
Cédric Delhez (cedric.delhez@lsz.lu) & Till Winzen (till.winzen@lsz.lu)