Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

SPL 2022

May 21, 2022 - 18:00 - 23:30

Léif LSZ’ler,

Nëmmen en halleft Joer hutt dir missen waarden, an schon ass et nees souwäit! Mir hunn déi grouss Freed iech den 21. Mai an d’Zunfthaus zur Meisen op d’SPL ze invitéieren. Des SPL leeft ganz nom Motto “Where old meets new” an domat ass déi grouss Ännerung vir des Editioun, dass och Alumnien, also LSZ’ler déi virun mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbréngen.

Dir hutt den Choix tëscht engem Fleesch – an Vegimenü, Den genauen Menü fannt dir an der Umeldung. Sot eis w.e.g. bei Allergien mat Zäiten Bescheed. 

Start ass um 18:00 mam Apero iert et dann op d’Gruppefoto geet. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 80 Euro, iwwerweist déi w.e.g. réicht nodeems der vun eis d’Confirmatioun dozou krut. 

Dir kënnt och rëm äre Wonschsetzpartner uginn, schwätzt iech do w.e.g. virdrunner mateneen of. Traditionell ass den Dresscode Owestenue, dat heescht Costume oder Kleed.

Denkt och w.e.g. drun dass mir nach Wäin hunn deen op Zürech muss transportéiert ginn, mellt Iech dowéinst w.e.g bei eis wann dir vun Lëtzebuerg op Zürech fuert fir e puer Këschten matzebréngen.

Dir kennt iech ab Freiden, den 29.4. (18h00) bis den 06.05. (18h00) hei drënner umellen:

This form is currently closed for submissions.

D’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB ausser dass d’Punkten 2 an 3 net gëllen. D’Prioritéite sinn also:

  • Comitésmemberen
  • Aktiv Memberen
  • Passiv Memberen
  • Externer

D’Plaze sinn op 90 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un!

Mir freeën eis riseg iech all rëm kënnen op d’SPL ze invitéieren an hoffen der vill vun iech kennen do ze hunn!

Fir den Comité, 

Sarah Hoffmann (sarah.hoffmann@lsz.lu)

Sacha Thill (sacha@lsz.lu)

 

Details

Date:
May 21, 2022
Time:
18:00 - 23:30