
- This event has passed.
Sola 2023
May 6, 2023 - 08:00 - 17:00
Léif Leefer an Leeferinnen,
D’Summersemester huet nees ugefaangen an dat bedeit, dass d’Sola ëmmer méi no réckelt. Bei der Sola handelt et sech em een Staffellaf iwwert 114,77 km, opgedeelt an 14. Etappen duerch ganz Zürech. Am ganze lafen 1000 Equipe mat, wat dann 14000 Leefer sinn. Sidd also bei engem eenzegaartegen an onvergiesslechen Event mat dobäi. Dofir maach är Schong prett, laaft iech waarm an sidd prett fir d’Sola, déi den 6. Mäi wäert statt fannen. Den genauen Plang vun den Strecken fann dir hei.
D’lescht Joer haten mir een risegen Erfolleg, deen mir des Joer weider toppen wëllen. Vue dass lescht Joer eng grouss Nofro do war, hunn mir decidéiert, dëst Joer zwou Equippen un ze mellen. Bei der Enger handelt et sech em eng kompetitiv Equipe wou bäi déi aner Equipe fir den Spaass mat leeft. Dir kënnt iech bis den 29. Abrëll umellen.
LG,
ären Comité
This form is currently closed for submissions.