
- This event has passed.
LSZ Schlittschong 2021
December 10, 2021 - 18:00 - 22:00
Ho ho ho,
Nodeems ech lescht Joer perséinlech bei Iech heem koum, hunn ech mir dëst Joer afale gelooss, mat Iech den 10. Dezember um 18:00 direkt op der Schlittschongpiste um Dolder een flotten Owend ze verbréngen, an duerno zesummen op den Chrëschtmaart eppes iessen an drénken zegoen!
Ech suergen dëst Joer net nemmen vir Glühwäin, mais natierlech hunn ech och d‘Stongen vir d‘Belounungen um Zürcher Bal 2021 rëmfonnt, déi ech well un Iech verdeelen an ären Asaatz bis elo belounen!
Bezüglech Transport: Déi Leit dei en Auto zur Verfügung hunn, an domat bis op den Dolder fueren wellen, ginn vum LSZ rembourséiert wann se an engem Auto mat min. 4 LSZler kommen. Gidd doweinst an der Umellung un op dir en Auto zur Verfügung stellt, oder op dir mat engem mam Auto matfuert respektiv matfueren wellt. Kommt laanscht wann dir en flotten Owend mat mir an mengem gudden Kolleeg, dem Schmutzli, wëllt verbréngen. Ech freeën mech op Iech!
De Kleeschen
an enker Zesummenaarbecht mam Comité vum LSZ