Loading Events

« All Events

Schiweekend 2026

February 27 - March 1

Léif LSZler,

D’Exame sti virun der Dier, dofir ass elo de perfekten Zäitpunkt fir sech op e flotte Weekend mam LSZ no den Examen ze freeën. Dofir luede mir iech op den LSZ-Schiweekend am Schigebitt Andermatt-Sedrun-Disentis am Chalet Gruppenhaus Rheinquelle an. Dëse fënnt de 27. Februar bis de 1. Mäerz statt.

Méi Informatiounen dozou fannt dir ënnert follgende Links:

ChaletPisteplang vum Schigebitt

D’Hütt ass op ongeféier 1650m, mir ginn also dovun aus, dass do scho Schnéi ze gesinn ass. D’Schigebitt selwer huet 180km Pist wou fir jiddereen eppes dobäi ass an déi héchste Plaz leit op op baal 3000m vu wou een eng fantastesch Vue genéisse kann. Den Depart mam Bus ass geplangt Freides de 27.02 am fréie Moien um Campus Hönggerberg a mer wäerte Sonndes den 01.03 Owes rëm um Höngg sinn. Genau Informatiounen zum Depart a Retour kritt dir zu engem spéideren Zäitpunkt.

D’Participatioun läit dëst Joer bei 230€. An deem Präis mat abegraff ass den Transport hin an zeréck, de Schipass, de Chalet fir 2 Nuechten, d’Moies – an Owesiessen am Chalet, souwéi genuch ze drénken.

D’Umeldung wäert no den APB’s vum LSZ oflafen. Falls een sech ofmellt, kee méi op der Waardelëscht steet an sech keen Ersatz méi fënnt, da muss een d’Fixkäschten déi schonn ugefall sinn, selwer bezuelen.

Dir kennt iech ab dem 17.01 (18:00) bis de 25.01 (23:59) umellen.

D’Platze fir de Schiweekend sinn op 50 Persoune limitéiert, maacht iech also schnell bäi.

Réischt no der Umeldungsperiod kritt dir vun eis Bescheed gesot ob dir eng Plaz kritt hutt, dir musst och da réischt bezuelen. Denkt och dru fir är Beloununge vum Zürcher Bal anzeléise fir eng Reduktioun op de Präis ze kréien. Spéider Umeldunge sinn och méiglech, eventuell muss een dann awer domat rechnen op der Waardelëscht ze landen.

Bei Froe kennt dir Iech beim Responsabele vum Schiweekend mellen: Will Homer (621150649, will.homer@lsz.lu)

Mir freeën eis op ee flotte Weekend!

Äre Comité

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

 

Details

  • Start: February 27
  • End: March 1