
- This event has passed.
Schiweekend 2025
March 7 - March 9
Léif LSZler,
D’Exame sti virun der Dier, dofir ass elo de perfekten Zäitpunkt fir sech op e flotte Weekend mam LSZ no den Examen ze freeën. Dofir luede mir iech op den LSZ-Schiweekend am Schigebitt 4 Vallées am Chalet Les Louerettes an. Dëse fënnt de 7te bis de 9te Mäerz statt.
Méi Informatiounen dozou fannt dir ënnert follgende Links:
Chalet: https://louerettes.ch
Pisteplang vum Schigebitt: https://verbier4vallees.ch/fr/informations-utiles/carte-interactive
Mir hunn dëst Joer en anert Schigebitt fonnt wat e gutt Stéck mei héisch läit. D’Hütt ass op ongeféier 1700m, mir ginn also dovun aus do schonn den éischte Schnéi ze gesinn. E grousse Plus ass och dass een direkt virun der Hütt op 200m e puer Lifter an ënnerschiddlech Richtunge kann huelen. D’Schigebitt selwer huet 410km Pistekilometer wou fir jiddereen eppes dobäi ass an déi héchste Plaz leit op 3300m vu wou een eng fantastesch Vue genéisse kann. Am Präis vum Schiweekend ass de Schipass mat dobäi. Den Depart mam Bus ass geplangt Freides de 07.03 am fréie Moien um Campus Hönggerberg a mer wäerte Sonndes de 09.03 owes rëm um Höngg sinn. Genau Informatiounen zum Depart a Retour kritt dier zu engem spéideren Zäitpunkt.
D’Participatioun läit dëst Joer bei 250€. An deem Präis mat abegraff ass den Transport hin an zeréck, de Schipass, de Chalet vir 2 Nuechten, d’Moies – an Owesiessen, souwéi genuch ze drénken.
D’Umeldung wäert no den APB’s vum LSZ oflafen. Falls een sech ofmellt, kee méi op der Waardelëscht steet an sech keen Ersatz méi fënnt, da muss een d’Fixkäschten déi schonn ugefall sinn, selwer bezuelen.
Dir kennt iech ab dem 22.01 (18:00) bis de 29.01 (18:00) umellen.
D’Platze fir de Schiweekend sinn op 50 Persoune limitéiert, maacht Iech also schnell bäi.
Réischt no der Umeldungsperiod kritt dir vun eis Bescheed gesot ob dir eng Plaz kritt hutt, dir musst och da réischt bezuelen. Denkt och dru fir är Beloununge vum Zürcher Bal aléise fir eng Reduktioun op de Präis ze kréien. Spéider Umeldunge sinn och méiglech, eventuell muss een dann awer domat rechnen op der Waardelëscht ze landen.
Bei Froe kennt dir Iech bei de Responsabel vum Schiweekend mellen:
Pit Krantz (pit.krantz@lsz.lu) | Nicolas Recht (nicolas.recht@lsz.lu).
Mir freeën eis op ee flotte Weekend!
De Comité
Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen