
- This event has passed.
Rallye
April 24, 2021
Léif LSZ’ler,
De 24.04 organiséiert de Comité en Rallye duerch Züri. Op dësem Tour kennt dir äert Kennen unhand vu Spiller ënner Beweis stellen, souwéi dir och unhand vu klengen Challengen um Wee Punkte sammele kennt. Wann dir virun allem an dësen Zäiten eng Ofwiesslung zum Alldag wëllt hunn, ass dëst sécherlech eng top Méiglechkeet. Dir kennt iech an engem Team vun bis zu 4 Persounen bis den 22.04 hei drënner umellen:
Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen
Weider Informatiounen kommen no äerer Umeldung no.
WICHTEG – Infos zur Sportchallenge:
Vir all Team wat och un der Sportchallenge deelhëlt: De Rallye ass des Woch d’Explore Challenge, mais och dir musst iech als Team nachengkeier uewen umellen. Pro Teammember wou um Rallye deelhëlt ginn et 10 Punkten, déi jiddereen fix kritt. Dann kennt dir um Wee selwer nach unhand vu Spiller a klengen Challengen Punkte vir eart Team gewannen. Daat Team waat um Rallye am Ganzen am meeschte Punkte sammelt kritt 40 supplementär Punkten. Et ass soumat och eng weider super Méiglechkeet säin Team direkt no den éischten 2 Wochen bis op de Podium ze puchen.
Selbstverständlech kennen/sollen sech och Teams umellen déi net bei der Sportchallenge matmaachen. Falls dir als Team sollt gewannen, waart op iech e klenge Präis.
Mir hoffen der vill vun iech säit laangem erëmzegesinn.
Bis dann,
de Comité