
- This event has passed.
Kleeschen an der Ambassade
December 6, 2024 - 18:00 - 21:00
Léif LSZ’ler,
Nodeems dir vum Houseker op der Schlittschongpiste bestrooft gouft, gitt dir trotzdeem alleguerten den Dag drop belount. De 6. Dezember invitéiert déi lëtzebuergesch Ambassade zu Bern d’Schwäizer Cerclen op ee Kleeschersowend voller gudder Chrëschtdag-Spezialitéite wéi Wäin a Schockela.
Fir datt dir de Wee op Bern awer net nëmme maacht, fir vum Ambassadeur verwinnt ze ginn, hu mir zesumme mam Friblëtz gekuckt, bei hinne Schlofplazen fir deen Owend ze kréien, fir datt mir Kleeschersdag an enger gudder Bar oder Club mat de Cerclë vu Lausanne a Fribourg ausklénge kënne loossen an dono séier a sécher an ee waarmt Bettchen ze kommen.
Fir op dem Owend an der Ambassade deelzehuelen musst dir iech bis den 30. November um 23:59 umellen. Wann dir eng Schlofplaz zu Fribourg, wat wesentlech méi no wéi Zürech ass, braucht, da gitt dat weg och am Forms un. Dir kënnt iech ënnen iwwert de Forms umellen.
Fir op Bern ze kommen ass et am prakteschsten d’Friends Tageskarte ze huelen a mam Zuch ze fueren. D’Friends Tageskarte ass ee GA fir 4 Leit den insgesamt 80CHF kascht, spréch 20CHF op de Kapp. Méi Infoen zu dëser Kaart fannt dir hei
Bis geschwënn,
Äre Comité