Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Intercercle 2024 – Intern

November 15, 2024 - 00:00 - November 17, 2024 - 00:00

Léif LSZ’ler,

Vum 15.-17. November fënnt eise legendären Intercercle de Clear the Bottles statt. Zesumme mat eise Kollegen aus villen anere Stied, stelle mir eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn. 

De Programm gesäit follgendermoossen aus:

Freides de 15.11 um 18:30: 

  • Den LSZ invitéiert op eng gutt Kéis-Fondue am GZ Hirzenbach mat Wäin, Béier a Softs à volonté.

Samschdes de 16.11:

  • Ab 13:00: Ee Rallye duerch eis wonnerschéi Stad, mat gudder Stëmmung a genuch flësseger Motivatioun.
  • Ab 21:00 bis 02:00: De legendäre Clear-the-Bottles. Open Bar am “Loch Ness”  um Hönggerberg mat allem wat d’Häerz begeeschtert.

D’Matmaachen um Rallye ass net obligatoresch. Um Rallye wäerten d’Gruppe gemëscht ginn. Jidderee kann awer bei der Umeldung eng Referenzpersoun uginn, mat deem een an eng Grupp kënnt.

D’Participatioun fir LSZ’ler stellt sech follgendermoossen zesummen: 

  • Freides (Fondue): 15€
  • Samschdes (Rallye an CTB): 5€


Am Loch Ness ass eis Kapazitéit op 250 Leit begrenzt (LSZ’ler+Extern). Jidderee muss sech umelle fir um CTB kënnen deelzehuelen. Dofir musst dir eng gülteg Memberskaart hunn. Déi kennt dir op der AG, oder duerno kafen. D’Umeldunge lafen no den Allgemenge Participatiouns Bedingungen (APB) vum LSZ of. D’Umeldungsperiod start de Sonnden den 20. Oktober um 18:00 ënnert follgendem Link https://lsz.lu/event/intercercle2024-intern/. No enger Woch kritt dir d’Bestätegung dass dir eng Plaz krut. Dir hutt no der Bestätegung eng Woch Zäit fir d’Participatioun an är Memberskaart (falls dir se net op der AG kaf hutt) ze bezuelen, soss verléiert dir är Plaz. Dëst per Iwwerweisung op eise Konto (IBAN: LU34 0019 2955 4503 3000) oder per Payconiq (+41 79 767 63 25) mam Vermierk: “Intercercle CTB 2024 – Virnumm Nonumm”. 

Fir d’Ofmeldung gellen d’Conditiounen aus eisen APB (https://lsz.lu/wp-content/uploads/2023/10/Allgemeng-Participatiouns-Bedingungen-update-1.pdf).

Mir bidde fir déi extern Gäscht Schlofplazen un. Och hei si mir op är Hëllef ugewisen. Wann dir eng Plaz kënnt zu Verfügung stellen, gitt dëst w.e.g bei der Umeldung un, et muss och keng Plaz an engem Bett sinn, eng Loftmatrass mécht d’Saach och 😉

Hei https://fb.me/e/2xUQ97RNu fannt dir d’Veranstaltung wou dir är Kolleege kënnt alueden a wou alleguerten d’Informatioune fir déi Extern drastinn. Dir kennt hinnen och dese Forms fir déi extern Umeldung ab e Sonnden 20. Oktober 18h00 weiderleeden: https://forms.gle/Moe43LSVty7rkzEJ7

 

 

Bei Froen oder Onkloerheete kënnt dir iech bei eis mellen.

 

Mir freeën eis op ee flotte Weekend mat iech an ären Kolleegen,

Den LSZ Comité

 

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

Details

Start:
November 15, 2024 - 00:00
End:
November 17, 2024 - 00:00