
- This event has passed.
Genua 2023
April 28, 2023 - 06:00 - April 30, 2023 - 23:00
Léif LSZler,
Geschwenn ass et nees esou wäit, d’Clubrees 2023 steht virun der Dier. Eis Rees féiert eis dest Joer nees an Italien, an zwar an d’Hafenstaadt Genua, d’Haaptstaadt vun der Regioun Legurien, un der nördlecher Westküst vun eisen Noperen.
Mir wäerten Freidegmoies, den 28. Abrell mam Bus vum Hönggerberg aus fortfueren an kuerz no der Mettesstonn zu Genua ukommen. Zereck fueren mir den Sonndegowend, den 30. Abrell.
Fir en flotten Programm ass natielech och gesuergt. Freides am Nomette gin mir zesummen d’Staadt an den aalen Hafen entdecken. Samstes kennen mir bis an d’Regioun Cinque-Terre an der Géigend vun Genua fueren, fir déi wonnerschéin Vuen op d’Dierfer vun Cinque-Terre, d’Wanderweer vun der Regioun an natierlech d’Plagen ze genéissen. Uschléissend gin mir zu Genua nach all zesummen iessen. Fir en gudden Ofschloss vun der Clubrees, gin mir Sonndegmoies zesummen den berühmten Salzwaasser Aquarium vun Genua kucken. Duerno fueren mir am spéiden Nometten nees zereck op Zürech. Fir genug Fräizäit ass natielech och gesuergt.
D’Participatioun läit dëst Joer bei 100€, do sinn den Transport, den Hostel, een Nuechtiessen an déi kleng Aktivitéiten déi mir all zesumme maachen, mat abegraff.
Dir kennt iech vum Méinden, den 20.3. em 18h00 bis den Donneschten, 24.3. em 18h00 op eiser Website ennert desem Link () umellen. D’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB (https://lsz.lu/wp-content/uploads/2021/01/APB.pdf).
D’Plaze sinn op 35 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un!
Wann d’Umeldungsphas eriwwer ass, kritt dir Bescheed gesot, op dir eng Platz kritt hutt. Zu deem Zäitpunkt kritt dir och d’Detailer fir d’Participatioun ze bezuelen.
Bei Froen kennt dir iech gär bei de Responsabelen vun der Clubrees mellen: Cedric Mulders (cedric@lsz.lu) an Kéo Oran (keo@lsz.lu).
Mir freen eis op eng flott Rees mam LSZ,
Äeren Comité
P.S. Wéi dir fläicht schon matkritt hat, war eisen ursprünglechen Plang fir op Zagreb an Kroatien ze fueren. Allerdengs sin d’Zich op Zagreb zweschen Abrell an Mee ausgefall, dowéinst ass aus desem Plang leider näischt gin. Bleiwt awer gespant fir d’Clubrees 2024 😉
Please select a valid form