
- This event has passed.
De Studentebal 2023
June 13, 2023 - 08:00 - 17:00
Léif LSZler,
Den 14. Juli fennt nees den Studentebal vun der ACEL statt, an och dest Joer ass den LSZ nees mam schwäizer Comptoir vertrueden. Wéi all Joer gin et nees déi verschidden Special Drinks vun den Letzebuerger Cerclen aus Europa, an des Kéier sin mir mat eisem Gletscher dabei. Den Bal ass den 14. Juli beim Parking Bouillon an der Staad ab 20h00. Méi Infos fannt der op der offizieller Website (https://acel.lu/studentebal/).
Dir kennt och gär äer Kollegen op den Bal invitéieren. D’Tickets kaschten am Virverkaaf 10€ an dir kennt se an desem Forms (https://forms.gle/kHxvWnkPmNbMQxCg7) bestellen. Macht also gär Reklamm!
Mir sin dest Joer och op äer Hellef ugewissen. An zwar brauchen mir motivéiert Leit déi beim Op- an Ofriichten hellefen an um Owend selwer bei eisem Comptoire zervéieren. Jidfereen den eng Hand mat upaakt kritt och eng gratis Entrée fir den Bal selwer! Wann dir eis also bessi ennert d’Äerm gräifen an eng gratis Entrée kréien wellt, dann mellt iech bei desem Forms un!
Bis um Studentebal,
Äeren Comité!