Den LSZ – de Club vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürich
Natierlech däerf een eis net vergiessen, den LSZ, d’Lëtzebuerger Studenten zu Zürech. Mir suergen derfir, datt d’Leit sech net esou eleng fillen, an nieft dem Schwyzerdüütsch och nach heiansdo Lëtzebuergesch ze héiere kréien. Mee wat bitt eise Club?
- sportlech Aktivitéiten (SOLA, Hochschulmeisterschaften, Swisscup,…)
- den Zürcher Bal
- e chicen Owend mat Iessen zu Zürech am Mee (SPL)
- eng Receptioun beim Ambassadeur zu Bern fir Nationalfeierdag
- Kleeserchersowend
- Grillowend mat Beerpong am Fréijoer
- Virstellung, Stee an Aweiung vun deenen neien LSZ’ler
- eng Clubrees am Fréijoer
- Stammdëscher iwwert dat ganzt Joer verdeelt
- an natierlech, wéi kann et aneschters sinn, e Schiweekend
Zousätzlech organiséiert den LSZ eemol am Joer e grousse Studenten Intercercle, de Clear-the-Bottles, wou dir är lëtzebuergesch Kolleegen aus anere Studentestied an och schwäizer Kolleegen kennt alueden a mat deenen e flotte Weekend kennt verbréngen. Vun enger Kéisfondue Freides Owes iwwert e Rallye duerch déi schéi Stad Zürech bis d’Party Samsdes Owes selwer ass fir genuch Programm gesuergt.
Den LSZ ass awer net nëmmen ee Party-Club, mee du kanns dech beim Comité och bei allméigleche Problemer mellen, mir hunn oft eng Léisung oder wësse ween der ka weider hëllefen.
Wann s de wëlls Member ginn, da muss de CHF 20.- pro Joer bezuelen an dech aweie loossen (looss dech iwwerraschen, et ass awer net esou schlëmm!). D’Memberskaarte gëtt et bei eis all Joer ab Enn Oktober no der Assemblée Générale ze kafen.
Weider Informatiounen
Den LSZ organiséiert awer net nëmme Fester, Vakanzen a Weekender, mee hëlleft selbstverständlech jidderengem dee sech fir e Studium zu Zürech interesséiert. Wann s de nach Informatioune brauchs, da schéck eis eng Email oder schreif un eis Kontaktadress:
Étudiants Luxembourgeois à Zurich
Postfach: Hauptgebäude ETH
CH-8092 Zürich
E-Mail: comite@lsz.lu
[www.lsz.lu]
Mee déi bescht Informatiounen an Impressioune kriss du, wann s du eis eng Kéier an d’Schwäiz besiche kënns fir der d’Stad Zürich, d’ETH an d’Uni unzekucken. Zéck net dech bei eis ze melle wann s de eng Visite zu Zürich plangs.
Op eiser Homepage fënns de weider intressant Linken zum Thema Studium an Zürich awer och Kontaktdate vum Comité a Memberen fir der bei allfällegen Froen ze hëllefen. [www.lsz.lu]
Am “Guide du Futur Etudiant” vun der ACEL an an der Brochür “Let’s Engineer” vun der ANEIL sti weider Informatiounen iwwert de Studium zu Zürich an déi meescht technesch a wëssenschaftlech Studiefächer. [www.acel.lu] [www.aneil.lu]
De CEDIES steet dir och fir (bal) all Informatioune mat weidere Brochuren a Publikatiounen zur Verfügung. [www.cedies.lu]
Zu Zürich gëtt et och en Internet-Portal vun de Studente mat alle méiglechen Informatiounen. [www.students.ch]