Virun zwou Woche war de LSZ erëm um Tour an huet Ljubljana op senger Clubrees besicht. Mam Nuetszuch ass et duerch d’Nuecht an déi slowenesch Haaptstad gaangen a mëttes goung et dunn direkt op eng Visite Guidée vun der molerescher Alstad. Donieft stoungen awer och eng Visitt vun den impressionanten Höhlen zu Postojna esouwéi en Exkurs an d’Nuetsliewen um Programm.

0 Comments