- This event has passed.
Stee 2026
September 30 - 17:00 - 23:59
Léif Bleuen,
E Mëttwoch den 30. September ass et endlech esou wäit! Bei der Stee léiert dir äre Pätter oder är Giedel kennen, déi iech duerch äert éischt Semester an déi nächst Eventer begleede wäerten. Dofir treffe mir eis um 17:00 Auer virum Living Science um Campus Hönggerberg.
Denkt dru pünktlech do ze sinn an virdrun eppes z’iessen. Ditt anstänneg bzw. al Gezei un.
Extrem wichteg ass et dass der eng eenzegaarteg Béier mathuelt, dat heescht dir probéiert eng Béier ze fanne wou soss keen anere Bleu huet.
Mir freeën eis op Iech,
Äre Bleuecomité
This form is currently closed for submissions.