SPL 2026 Alumni
Léiw Alumnie vum LSZ,
Mir freeën eis, iech ganz häerzlech den 9. Mee ob eis traditionell SPL anzelueden.
D’Konzept vun der SPL sollt deene meeschten nach bekannt sinn: En 3-Gang-Menü an enger schicker Ambiance, mat lëtzebuergeschem Wäin a Cremant, fir den ETH Professeren ze gedenken déi eis Lëtzebuerger Studente wärend dem 2. Weltkrich bäi sech opgeholl hunn.
D’SPL zielt zu de gréissten Eventer am Joer an et géif eis immens freeën, eng Réi Alumnien do begréissen ze kënnen. Et ass eng flott Méiglechkeet fir vun Erfarungen aus der Beruffswelt ze héieren a vun ärer Uniszäit gezielt ze kréien. Fir Iech ass et sécher eng flott Geleeënheet, dem LSZ nees méi no ze kommen a gezielt ze kréien, wat sech alles säit ärer Uniszäit verännert huet.
D’SPL fënnt dëst Joer am Zunfthaus zur Saffran statt (https://zunfthauszursaffran.ch/). Déi genau Adress ass Limmatquai 54, 8001 Zürich. Lass geet et um 18:00 mam Apero. Wéi gewinnt gëllt ob der SPL d’Tenue correcte. Dir hutt de Choix tëscht engem Fleesch- a Vegimenü, sot eis w.e.g. bei Allergië mat Zäite Bescheed. D’Participatioun beleeft sech ob 150€.
Dir kënnt iech bis den 24. Abrëll umëllen.
Bäi Froe kennt dir iech gäre bei eis mellen.
Mat beschte Gréiss,
Fir de Comité,
Patrick Weiser (patrick.weiser@lsz.lu)
Michèle Philippe (michele.philippe@lsz.lu)