Loading Events

« All Events

SPL 2026

May 9 - 18:00 - May 10 - 02:00

Léif LSZ’ler,

Mat grousser Freed invitéieren mer iech den 9. Mee am Zunfthaus zur Saffran op eis traditionell SPL. (https://zunfthauszursaffran.ch/). Och dëst Joer sinn eis Alumni, also LSZ’ler, déi virun méi laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn, invitéiert fir mat eis e flotten Owend ze verbréngen.

Dir hutt de Choix tëscht engem Fleesch- a Vegimenü. Sot eis w.e.g. bei Allergië mat Zäite Bescheed.

Start ass um 18:00 mam Apero. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 80 Euro. Iwwerweist déi w.e.g. réischt nodeems der vun eis d’Confirmatioun krut.

Wéi all Joers kënnt dir äre Wonschsëtzpartner uginn. Schwätzt iech do w.e.g. virdrunner mateneen of. Traditionell ass den Dresscode Owestenue, dat heescht Costume oder Kleed.

Denkt och w.e.g. drun, dass mir nach Wäin hunn, deen op Zürech muss transportéiert ginn. Mellt iech dowéinst beim Patrick (+352 621 511 899), wann dir vu Lëtzebuerg op Zürech fuert fir e puer Këschte matzebréngen.

Dir kennt iech vum 2. Abrëll um 18:00 bis den 24. Abrëll umellen. D’Umeldunge verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB.

Mir frëeen eis immens op eis Soirée Patriotique Luxembourgeoise an hoffen, iech zu vill do gesinn!

Léif Gréiss,
Äre Comité

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

 

Details

  • Start: May 9 - 18:00
  • End: May 10 - 02:00
  • Event Category: