Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Kulturausfluch 2026

March 14

Léif LSZ’ler,

Fir eisen 2026 Kulturausfluch geet et Samsden den 14 Mäerz op Basel. Dofir fuere mir um 9 Auer mam Zuch vun Zürech aus dohinner a kommen um 10:30 dohannen un. No engem klengen Tour vun der historescher Stad, kënnt dir mëttegiesse goen. Dann treffe mir eis nees um 15 Auer bei der Brauerei vu Feldschlösschen. Do kréie mer d’Braukonscht vu méi no erkläert a kënnen dobäi hire leckere Béier schmaachen.

D’Participatioun verleeft no eisen APB’en an de Präis ass 25€. An deem Präis ass den Transport an d’Visite vu Feldschlösschen mat abegraff.

Dir kënnt iech haut ab 18:00 Auer bis den 28.02 um 23:59 Auer umellen.

https://lsz.lu/event/kulturausfluch-2026/ 

Mir freeën eis op iech,

Äre Comité

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

Details

  • Date: March 14

Organizer

  • LSZ Comite
  • Email comite@lsz.lu

Venue