Loading Events

« All Events

Beermile & Stammdësch

May 24 - 15:00 - 22:00

Leif LSZ’ler,
Fir de leschte Stammdësch vum Semester hu mer eis eppes Neies iwwerluecht:
Mir géifen eng Beermile organiséieren, baséierend ob den “offiziellen” Reegelen. (beermile.com)
Eng Beermile ass véier mol een Tour ronderëm en Terrain, mat firun all Tour eng 0.3l Béier. Dat gëtt en total vu véier Béier an 1600 Meter (eng Mile).
Zousätzlech zu der kompletter Beermile géife mer och nach e Beermile-Relais ubidde, wou der zu 2 d’Beermile an Ugrëff kennt huelen. Dat ganzt wär um Terrain vun der Sportanlage Au, wou et natierlech och Vestiairë ginn.

Mir géifen eis och ob Spectateure freeë fir Stëmmung ze maachen, dowéinst ass et net just eng Aktivitéit fir eis Sportler. No der Beermile gi mer riwwer an den Opfikerpark fir eise Stammdësch. Do gëtt da gegrillt, an den Owend entspaant ausklénge gelooss. Fir genuch Gedrénks ass natierlech déi ganzen Zäite gesuergt.

Treffpunkt ass um 15:00 bei der Sportanlage Au.

Bei weidere Froe kennt der iech beim Patrick, Lucca oder Will mëllen.
Mir freeën eis ob iech,
äre Comité

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

Details

Date:
May 24
Time:
15:00 - 22:00