
SOLA 2025
May 17
Léif Leefer a Leeferinnen,
Geschwënn ass et rëm sou weit an den LSZ kann sech op der Édition 2025 vun der SOLA beweisen! Bei der Sola handelt et sech em e Staffellaf vum ASVZ iwwert 114,77km, opgedeelt a 14 Etappen, den duerch ganz Zürech geet. Dat ganzt fënnt Samsdes de 17.05 statt. Wéi och d’lescht Joer ginn et zwou Gruppe fir d’Staffel. Eng Equipe ass kompetitiv (Equipe 1) an déi aner ass Just for Fun (Equipe 2)!
Ënnert folgendem Link fann dir all d’Informatiounen iwwer d’SOLA.
LG,
Äre Comité