Loading Events

« All Events

Clubrees 2025

May 1 - 00:00 - May 4 - 00:00

Léif LSZler,

An e puer Wochen ass et nees esou wäit, d’Clubrees 2025 steet virun der Dier. Dëst Joer geet et zréck an dat schéint Italien, op Florenz.

Mir wäerten Donneschdes Moies, den 1. Mee ëm 6h30 de Bus um Höngg huelen, an eis op de Wee an de Süde machen fir hoffentlech em 18h00 zu Florenz unzekommen. Um Hiwee wäerte mir och en Zweschestop vun 2-3h zu Parma maachen fir eis d’Been ze vertreppelen an den Tank nees ze fellen. Zréck fuere mir Sonndes am Nometten an engem Stéck, soudass mir Sonndes de 4. Mee spéit Owes zu Zürech sinn.

Fir e flotte Programm wärend de véier Deeg wäert natierlech och gesuergt sinn, en ass awer leider nach net 100% fest. Mir deelen iech alles mat, soubal de Plang steet. Genuch Zäit fir op eege Fauscht d’Stad ze entdecken ass awer sécher!

D’Participatioun steet doduerch och nach net ganz fest, mee se wäert ronderëm 140€ bis 160€ leien. Do sinn de Bus, den Hostel, ee gemeinsaamt Owesiessen a kleng Aktivitéiten déi mir all zesumme maachen, mat abegraff.

D’Plaze sinn op 36 Persoune begrenzt a bannent de Kategorië vun de Prioritéite gellt de Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un!

Wann d’Umeldungsphas eriwwer ass, kritt dir Bescheed gesot, op dir eng Platz kritt hutt. Zu deem Zäitpunkt kritt dir och d’Detailer fir d’Participatioun ze bezuelen. Mir hunn aktuell nach e Problem mat der Confirmatiounsmail vun der Umeldung, dowéinst wonnert iech net, wann dir no ärer Submission keng Mail kritt.

Bei Froe kennt dir iech gär bei de Responsabele vun der Clubrees mellen: Cedric Mulders (cedric@lsz.lu) an Philippe Schaack (philippe.schaack@lsz.lu).

Mir freeën eis op eng flott Rees mam LSZ,

Äre Comité

 

Clubrees2025
Numm
Numm
Virnumm
Nonumm
Iessenspräferenzen
Checkboxes

Details

Start:
May 1 - 00:00
End:
May 4 - 00:00