De 15.11-16.11 huet eise legendäre Clear the Bottles stattfonnt. Gestart huet dësen e Freiden Owend mat enger gudder Fondue 🫕 am GZ Hirzenbach. Samsdes Mëttes hunn eis Gäscht an LSZ’ler e flotte Rallye duerch Zürech 🇨🇭gemaach, wou se sëlleg Challenge gestallt kruten. Owes goung et da mam Highlight, dem Clear the Bottles selwer am Lochness um Hönggerberg weider, wou eis Gäscht eis gehollef hunn eise Keller bësse méi eidel ze drénken. 🍹🥳
Mir soe jidderengem Merci, deen zu dësem flotte Weekend bäigedroen huet! 🫶🏻