Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Proximus Visitt – 6. November 2024

November 6, 2024 - 19:00 - 22:00

Léif LSZ’ler,

Geschwënn steet déi zweet Visitt an dësem Semester vun engem vun eise Sponsoren un. De 6.11. däerfe mir den Alexis Briois vu Proximus Luxembourg S.A hei zu Zürech begréissen. Proximus, Mammekonzern vun ënner anerem Tango, ass eng Grupp, déi zu de féierenden Ubidder vun Internet, TV an ICT Servicer an der Belsch gehéiert. Mee och zu Lëtzebuerg hëllefen si zumools beim Ausbau vun Telekommunikatiounsinfrastrukturen an ICT-Servicer a mir kennen se all eben ënnert dem Numm Tango. Fir méi genau Infoen zu Proximus kënnt dir nach op hirer Website nokucken: https://www.proximus.lu/fr/ .

D’Visite fënnt an enger kollegialer a flotter Ambiance statt, soudatt mir mam Härr Brioix vu Proximus ee flotten Owend am Alehouse (https://www.alehouse.ch) verbrénge wäerten. Fir dat dir net verduuscht an erhéngert, ass d’Iessen a Gedrénks dee ganzen Owend inclus an dir musst fir guer näischt bezuelen. Dobäi soll gesot sinn, dat déi Presentatioun fir all Alterskategorie vun LSZ’ler interessant ass.

De Programm vun de Visite wäert wéi follegt sinn:
– Presentatioun vu Proximus Luxembourg an hier Beruffsfelder (10/15min)
– Konferenz “Wéi verkaafen ech mech gudd op engem Bewerbungsgespréich” (format TedTalk, +/- 20min)
– Question Réponse
– Apéro dinatoire

Dir gesitt de Programm riicht sech u jiddereen a kann iech an egal wéi engem Domaine weiderhëllefen.

De Forms fir d’Umeldung fannt dir ënnert dësem ganze Message. D’Umeldung ass bis Freides, den 1. November, um 18:00 Auer op.

Ee schéine Weekend gewënscht,
Pol Winkin

 

De Forms ass leider zou. Mellt dech bei engem Comité Member wanns du awer op d’Präsentatioun komme wëlls. Mir kucken dann wat mir nach maache kennen.

Details

Date:
November 6, 2024
Time:
19:00 - 22:00
Event Category:

Organizer

LSZ Comite
Email
comite@lsz.lu

Venue

Alehouse
Universitätstrasse 23
Zürich, 8006 Switzerland
+ Google Map