Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Fussballmatch Liechtenstein – Letzebuerg

November 19, 2023 - 18:00 - 23:30

Léif LSZler,

 

Fir déi, déi den Weekend vum Clear the Bottles nach net genug Action haten, fueren mir den Sonndeg, 19. November zesummen op Vaduz, Liechtenstein eis Rout Léiwen fir den läschten Fussball-EM Qualifikatiounsmatch ennerstetzen. Och wann d’Qualifikatioun net méi wahrscheinlech ass, kennen mir fir gutt Stemmung am Auswäertsblock suergen, an den Liechtensteiner weisen wie mir sinn. Mir géifen mam Bus vum Höngg géint 18h30 fortfueren, an den Owend selwer och nees zeréckfueren, soudass mir em kuerz no Metternuecht nees zu Zürech sinn. D’Plazen sinn aktuell op 30 begrenzt, wann d’Demande grouss genug ass, kennen mir awer probéieren nach méi Tickets ze kréien. D’Participatioun (Transport + Ticket) läit bei ongeféier 25€, dat kann sech awer nach e bessen änneren.

Dir kennt iech ab dem Sonnden, 5. November em 18h ennert desem Link (www.lsz.lu/event/fussballmatch-liechtenstein-letzebuerg/) umellen.

D’Umeldungen verlaafen no den APB.

 

Bis um CtB,

 

Äre Comité

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

Details

Date:
November 19, 2023
Time:
18:00 - 23:30