Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Intercercle 2023 – Intern

November 17, 2023 - 08:00 - November 19, 2023 - 17:00

Léif LSZ’ler,

 

Vum 17.-19. November fënnt eisen legendären Intercercle den Clear the Bottles statt. Hei fannt dir d’ Veranstaltung wou dir är Kolleegen kënnt alueden an wou alleguerten d’Informatiounen fir déi Extern drastinn.

Den Programm gesäit folgendermoossen aus:

  • Freides den 17.11 um 18:30: Den LSZ invitéiert op eng gutt Kéis-Fondue am GZ Affoltern mat Wäin, Béier an Softs à volonté.
  • Samschdes den 18.11:
  • Ab 13:00: Ee Rallye duerch eis wonnerschéi Stad, mat gudder Stëmmung a genuch flësseger Motivatioun.
  • Ab 21:00: Den legendäre Clear-the-Bottles. Open Bar an der “Wunderbox”  an der Langstrasse bis spéit an d’Nuecht mat allem wat d’Häerz begeeschtert.

D’Matmaachen um Rallye ass net obligatoresch. Um Rallye wäerten d’Gruppe gemëscht ginn. Jidderee kann awer bei der Umeldung eng Referenzpersoun uginn, mat deem en an eng Grupp kënnt.

D’Participatioun fir LSZ’ler stellt sech folgendermoossen zesummen: 

  • Freides (Fondue): 20€
  • Samsdes (Rallye an CTB): 10€


An der Wunderbox ass eis Kapazitéit op 250 Leit begrenzt (LSZ’ler+Extern). Jidderee muss sech umelle fir um CTB kënnen deelzehuelen. Dofir musst dir eng gülteg Memberskaart https://lsz.lu/event/ag-hierscht-2023/ hun. D’Umeldunge lafen no den Allgemenge Participatiouns Bedingungen (APB) vum LSZ of. D’Umeldungsperiod fir d’LSZler start den Freiden den 27. Oktober um 18:00 an geet bis sonndes den 29. Oktober um 18:00 ënnert folgendem Link https://lsz.lu/event/intercercle-2023-intern/. Wann dir iech innerhalb vun dëser Period umellt, hutt dir eng garantéiert Platz. Falls dir iech no dëser Umeldungsperiod wëllt umellen, musst dir iech iwwer den Externe Forms umellen a mir kënnen iech keng Platz garantéieren. Dir hutt no der Umeldung eng Woch Zäit fir d’Participatioun an är Memberskaart (falls dir se net op der AG kaf hutt) ze bezuelen, soss verléiert dir är Plaz. Dëst per Iwwerweisung op eise Konto (IBAN: LU34 0019 2955 4503 3000) oder per Payconiq (+41 79 767 63 25) mam Vermierk: “Intercercle CTB 2023 – Virnumm Nonumm”. 

Mir bidde fir déi extern Gäscht Schlofplazen un. Och hei si mir op är Hëllef ugewisen. Wann dir eng Platz kënnt zu Verfügung stellen, gitt dëst w.e.g bei der Umeldung un, et muss och keng Platz an engem Bett sinn, eng Loftmatrass mécht d’Saach och 😉

Nach eng Kéier zesummegefaasst wat fir iech anescht ass wei fir déi extern Gäscht.

  • d’Umeldungsperiod geet 2 Deeg éischter op an dir kritt eng garantéiert Platz wann dir iech innerhalb vun deenen 2 Deeg umellt
  • d’Participatioun fir den Clear the Bottles selwer ass méi niddereg

Bei Froen oder Onkloerheeten kënnt dir iech bei eis mëllen.

 

Mir freeën eis op ee flotten Weekend mat iech an ären Kolleegen,

Den LSZ Comité

 

Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen

 

Details

Start:
November 17, 2023 - 08:00
End:
November 19, 2023 - 17:00