Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

SPL 2023

May 13, 2023 - 18:00 - May 14, 2023 - 03:00

Léif LSZ’ler,

Mir hunn déi grouss Freed iech den 13. Mee an d’ Haus zum Rüden (https://www.haus-zum-rueden.ch) op d’SPL ze invitéieren. Bei deser SPL weart et nees de Fall sinn, dass och Alumnien, also LSZ’ler, déi virun mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbréngen wäerten.

Dir hutt den Choix tëscht engem Fleesch – an Vegimenü. Sot eis w.e.g. bei Allergien mat Zäiten Bescheed.

Start ass um 18:00 mam Apero, den jenodems wéi d’ Wieder as, op de wonnerschéiner Terrasse direkt un de Limmat stattfennt. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 70 Euro. Iwwerweist déi w.e.g. réicht nodeems der vun eis d’Confirmatioun dozou krut.

Dir kënnt och rëm äre Wonschsetzpartner uginn. Schwätzt iech do w.e.g. virdrunner mateneen of. Traditionell ass den Dresscode Owestenue, dat heescht Costume oder Kleed.

Denkt och w.e.g. drun, dass mir nach Wäin hunn, deen op Zürech muss transportéiert ginn. Mellt Iech dowéinst w.e.g beim Till Winzen, wann dir vun Lëtzebuerg op Zürech fuert fir e puer Këschten matzebréngen.

Dir kennt iech ab Donneschten, den 13.4. (18h00) bis den 20.04 (18h00) hei drënner umellen:

This form is currently closed for submissions.

 

D’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB.

D’Plaze sinn op 80 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un!

Mir freeën eis riseg iech all rëm kënnen op d’SPL ze invitéieren an hoffen der vill vun iech kennen do ze hunn!

Fir den Comité,

Till Winzen (till.winzen@lsz.lu)

Cédric Delhez (cedric.delhez@lsz.lu)

Details

Start:
May 13, 2023 - 18:00
End:
May 14, 2023 - 03:00
Event Category:

Organizer

LSZ Comite
Email
comite@lsz.lu

Venue

Haus zum Rüden
Limmatquai 42
Zürich, Switzerland
+ Google Map