
- This event has passed.
SPL 2022 Alumni
May 21, 2022 - 18:00 - May 22, 2022 - 02:00
Leif Alumnis vum LSZ,
Fir de Kontakt tëscht den LSZler, an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen, invitéieren mir Iech ganz häerzlech den 21. Mai op eis traditionell SPL.
D’Konzept vun der SPL sollt deenen meeschten nach bekannt sinn: En 3 – Gäng – Menü an enger schicker Ambiance mat, aus Lëtzebuerg importéiertem, Wäin a Cremant fir den ETH Professeren ze gedenken déi eis Lëtzebuerger Studenten wärend dem 2. Weltkrich bäi sech opgeholl hunn.
Dëst ass mat een vun eisen gréissten Eventer am Joer an et géif eis immens freeën eng Rei Alumnis vum LSZ do begréissen ze kennen. Net nëmmen ass dëst fir eis eng flott Méiglechkeet vun Erfarungen aus der Beruffswelt ze heieren an vun ärer Uniszäit gezielt ze kréien, mais et ass sécher och fir Iech eng super Alternativ dem LSZ nees mei no ze kommen an gezielt ze kréien, wat sech alles säit ärer Uniszäit verännert huet.
D’SPL fënnt dëst Joer den 21. Mai am Zunfthaus zur Meisen (https://www.zunfthaus-zur-meisen.ch) statt. Dei genau Address ass Münsterhof 20, CH-8001 Zürich. Mir géifen um 18:00 mam Apero starten. Wei gewinnt gelt op der SPL d’Tenue correcte. Dir hutt den Choix tëscht 2 Menüen (Fleesch an vegetaresch), mei Informatiounen dozou kommen no der Umeldung. D’Participatioun beleet sech op 150€.
Falls dir interesséiert sidd un der SPL deelzehuelen, géifen mir Iech bieden Iech ab muer, 25. Mäerz ab 12:00, hei unzemellen:
This form is currently closed for submissions.
D’Platzen (vir d’Alumnien) sinn op 40 Persounen limitéiert, dir kennt Iech bis den 8. Abrëll umellen.
Bäi Froen kennt dir Iech gären bei eis mellen.
Mir freeën eis Iech rem op d’SPL kënnen ze invitéieren, an hoffen der vill vun Iech kënnen do ze gesinn.
Vir de Comité vum LSZ
Sacha Thill (sacha@lsz.lu) & Sarah Hoffmann (sarah.hoffmann@lsz.lu)