
- This event has passed.
Beerpong an Semesterofschloss
June 3, 2021 - 18:00 - 23:30
Léif LSZ’ler,
lues a lues gëtt et Zäit déi nei Beerpongchampions vir d’Joer 2021 ze kréinen an vir em dësen Titel ze kämpfen soll natierlech keen vun iech feelen!🏆
Dowéinst sidd dir all agelueden Donneschdes den 3. Juni um Beerpongsturneier op der grousser Grillplatz Vitaparcours Zürich Käferberg (via Google Maps fannt dir d’Grillplatz zimmlech einfach) deelzehuelen. Umellen kennt dir iech bis en Desnchden Owend (01.06) hei:
Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllenVu dass den 3. Juni den zweetleschten Dag vum Semester ass, ass dëst eng super Geleeënheet d’Semesterenn zesummen ze verbrengen. Mir wäerten soumat net nemmen nei Beerpongchamps kréinen mais och zesummen op dat vergaangent Semester ustoussen an dat net nëmmen bei guddem Gegrills a fäinem Béier🍺, mais och mat top Wäin🍷, a gäilen Cocktail(s)🍹, well ween kann schon engem gudden Züri Long Island widerstoen🤤 Et lount sech definitiv laanscht ze kommen!
Méi Informatiounen kommen nach no!
Bis dann,
de Comité