
- This event has passed.
3-Schichten-Iessen
December 11, 2020
Léiwen LSZ’ler
Net eng, net zwou mee dréi Schichten hues du läscht Joer um Zürcher Bal geschafft an hues dir domadder net nëmmen d’Dankbarkeet vum gesamte LSZ, mee och een Iesse verdéngt.
Dëst fënnt den 11. Dezember um 19:00 an der Commihalle statt. Um Menü steet ee Pasta-Plausch.
D’Iesse wéi och d’Gedrénks ginn op den LSZ.
Natierlech wäert dat ganzt Iessen an eisen Openthalt am Restaurant Corona gerecht stattfannen. Mir wäerten op laangen Descher setzen, déi mat “stillvollen” Glastrennwänn ofgetrennt sinn, soudass d’maximal Dëschbesetzung vun 4 Léit net iwwerschratt gëtt, mir awer trotzdeem alleguerten zesumme féiere kënnen.
Wann s du dir dat net wëlls entgoe loossen, mell dech bis spéitstens nächste Samschden de 5. Dezember un. Falls du net um Iesse kanns deel huelen, mell dech w.e.g ënnert deem nämmlechte Link of. Bei Froe stinn ech gären zur Verfügung.
Bis speitens den 11. Dezember.
Fir den Comité,
Christine
Please select a valid form