
- This event has passed.
Swisscup 2020
March 21, 2020
FreeDen Tournoi zitt sech vun Samschdegmoies géint 10 Auer bis an den spéiden Nomëtteg. Ween matmaachen wëll, oder awer och nëmmen ufeieren kommen wëll ass häerzlech wëllkomm! Fir Béier an sportlech Leckerbëssen ass gesuergt!
Wichteg ass dass all Sportler seng gülteg(!) Studentenkaart (Legi) derbäi huet an Haaleschung matbréngt déi keng Sträifen an den Terrain maachen.
Nom sportlechen Exploit geet et dann Owes géint 19:30 an den Restaurant Commihalle (https://www.commercio.ch/de/commihalle/ ) wou et wäert Nuddelen à volonté ginn mat verschiddenen Zosen. Bei Intoleranzen schreift et einfach an d’Kommentarfeld, do kucken mer dann eng Léisung ze fannen. Fir déi Motivéiert geet et dann dono nach op den Tour🍻
Bei weideren Froen mell dech einfach bei dem Responsabelen vun dengem Cercle oder direkt beim Felix Engel.