BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech - ECPv6.15.20//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-ORIGINAL-URL:https://lsz.lu
X-WR-CALDESC:Events for LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech
REFRESH-INTERVAL;VALUE=DURATION:PT1H
X-Robots-Tag:noindex
X-PUBLISHED-TTL:PT1H
BEGIN:VTIMEZONE
TZID:Europe/Zurich
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20240331T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20241027T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20250330T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20251026T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20260329T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20261025T010000
END:STANDARD
END:VTIMEZONE
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20250306T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20250306T170000
DTSTAMP:20260425T194721
CREATED:20250306T192648Z
LAST-MODIFIED:20250306T192648Z
UID:22928-1741248000-1741280400@lsz.lu
SUMMARY:Frendschaftsspill Schwäiz - Letzebuerg St. Gallen
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nDe 25. Mäerz spillen eis Rout Léiwen an engem Fussball-Frendschaftsspill géint d’Schwäizer Nati\, dofir géife mir mam Bus op St. Gallen fueren fir sie am Auswäertsblock ze ennerstetzen. Mir géifen um 19h mam Bus vum Höngg fortfueren fir de Match um 20h45 an géint Metternuecht nees zeréck sinn. Déi déi wellen kennen och schonn éischter op eege Fauscht mam Zuch fueren fir d’Stad ze besichen. \nParticipatioun wäert vun der Unzuel interesséierte Leit ofhänken\, mee ca zweschen 0-15€ leien (Bus + Ticket inclus).Mellt iech weg bis den 8. Mäerz ennert folgendem Link un\, duerno kenne mir leider keng Tickets méi kaafen. D’Plaze si begrenzt je no Unzuel Tickets déi verfügbar sinn. \nLéif Gréiss\,\nDe Comité \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/frendschaftsspill-schwaiz-letzebuerg-st-gallen/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20250307
DTEND;VALUE=DATE:20250310
DTSTAMP:20260425T194721
CREATED:20250120T202201Z
LAST-MODIFIED:20250120T203202Z
UID:22760-1741305600-1741564799@lsz.lu
SUMMARY:Schiweekend 2025
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nD’Exame sti virun der Dier\, dofir ass elo de perfekten Zäitpunkt fir sech op e flotte Weekend mam LSZ no den Examen ze freeën. Dofir luede mir iech op den LSZ-Schiweekend am Schigebitt 4 Vallées am Chalet Les Louerettes an. Dëse fënnt de 7te bis de 9te Mäerz statt. \nMéi Informatiounen dozou fannt dir ënnert follgende Links: \nChalet: https://louerettes.ch \nPisteplang vum Schigebitt: https://verbier4vallees.ch/fr/informations-utiles/carte-interactive \nMir hunn dëst Joer en anert Schigebitt fonnt wat e gutt Stéck mei héisch läit. D’Hütt ass op ongeféier 1700m\, mir ginn also dovun aus do schonn den éischte Schnéi ze gesinn. E grousse Plus ass och dass een direkt virun der Hütt op 200m e puer Lifter an ënnerschiddlech Richtunge kann huelen. D’Schigebitt selwer huet 410km Pistekilometer wou fir jiddereen eppes dobäi ass an déi héchste Plaz leit op 3300m vu wou een eng fantastesch Vue genéisse kann. Am Präis vum Schiweekend ass de Schipass mat dobäi. Den Depart mam Bus ass geplangt Freides de 07.03 am fréie Moien um Campus Hönggerberg a mer wäerte Sonndes de 09.03 owes rëm um Höngg sinn. Genau Informatiounen zum Depart a Retour kritt dier zu engem spéideren Zäitpunkt. \nD’Participatioun läit dëst Joer bei 250€. An deem Präis mat abegraff ass den Transport hin an zeréck\, de Schipass\, de Chalet vir 2 Nuechten\, d’Moies – an Owesiessen\, souwéi genuch ze drénken. \nD’Umeldung wäert no den APB’s vum LSZ oflafen. Falls een sech ofmellt\, kee méi op der Waardelëscht steet an sech keen Ersatz méi fënnt\, da muss een d’Fixkäschten déi schonn ugefall sinn\, selwer bezuelen. \nDir kennt iech ab dem 22.01 (18:00) bis de 29.01 (18:00) umellen. \nD’Platze fir de Schiweekend sinn op 50 Persoune limitéiert\, maacht Iech also schnell bäi. \nRéischt no der Umeldungsperiod kritt dir vun eis Bescheed gesot ob dir eng Plaz kritt hutt\, dir musst och da réischt bezuelen. Denkt och dru fir är Beloununge vum Zürcher Bal aléise fir eng Reduktioun op de Präis ze kréien. Spéider Umeldunge sinn och méiglech\, eventuell muss een dann awer domat rechnen op der Waardelëscht ze landen. \nBei Froe kennt dir Iech bei de Responsabel vum Schiweekend mellen: \nPit Krantz (pit.krantz@lsz.lu) | Nicolas Recht (nicolas.recht@lsz.lu). \nMir freeën eis op ee flotte Weekend! \nDe Comité \nDu muss dech alogge fir de Forms auszefëllen
URL:https://lsz.lu/event/schiweekend-2025/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20250326T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20250326T230000
DTSTAMP:20260425T194721
CREATED:20250225T162717Z
LAST-MODIFIED:20250303T145741Z
UID:22850-1743012000-1743030000@lsz.lu
SUMMARY:Visitt HITEC - 26. Mäerz
DESCRIPTION: Léif LSZ’ler\, \nGeschwënn steet déi éischt Visitt an dësem Semester vun engem vun eise Sponsoren un. De 26.03. um 18:00 Auer däerfe mir de Philipee Osch mat zwee weidere Mataarbechter vun Hitec hei zu Zürech begréissen. \nHITEC Luxembourg S.A. ass eng 100% lëtzebuergesch Firma\, déi innovativ an héichqualitativ Produkter a Servicer entwéckelt. Sie bidden héich technologesch Léisungen an de Beräicher Satellitte-Buedemsegment\, Test- a Moossausrüstung a Verkéiersmanagement un. \nD’Visitt fënnt an enger kollegialer a flotter Ambiance statt\, soudatt mir ee flotten Owend am Alehouse (https://www.alehouse.ch) verbrénge wäerten. Fir dat dir net verduuscht an erhéngert\, ass d’Iessen a Gedrénks dee ganzen Owend inclus an dir musst fir guer näischt bezuelen. Dobäi soll gesot sinn\, dat déi Presentatioun fir all Alterskategorie vun LSZ’ler interessant ass. \nDe Forms fir d’Umeldung fannt dir ënnert dësem ganze Message. D’Umeldung ass bis Mëttwochs\, den 19. Mäerz op. \nBescht Gréiss\,\nÄre Comité \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/visitt-hitec-26-maerz/
LOCATION:Alehouse\, Universitätstrasse 23\, Zürich\, 8006\, Switzerland
CATEGORIES:Visite Entreprise
END:VEVENT
END:VCALENDAR