BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech - ECPv6.15.20//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-WR-CALNAME:LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech
X-ORIGINAL-URL:https://lsz.lu
X-WR-CALDESC:Events for LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech
REFRESH-INTERVAL;VALUE=DURATION:PT1H
X-Robots-Tag:noindex
X-PUBLISHED-TTL:PT1H
BEGIN:VTIMEZONE
TZID:Europe/Zurich
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20210328T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20211031T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20220327T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20221030T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20230326T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20231029T010000
END:STANDARD
END:VTIMEZONE
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220507T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220507T170000
DTSTAMP:20260424T225921
CREATED:20220222T201906Z
LAST-MODIFIED:20220222T202457Z
UID:16813-1651910400-1651942800@lsz.lu
SUMMARY:Sola 2022
DESCRIPTION:D’Sola ass eng Staffel duerch Zürich. En Team besteet aus 14 Leefer déi zesummen eng Gesamtstreck vun 113.85km lafen. D’Strecke sinn teschend 3.71 km – 14.09 km laang. 2 Strecke sinn obligatoresch fir Fraen. Gitt dowéinst am beschten är Beschtzäit op 5 km oder 10 km un\, sou dass mir d’Leefer optimal op de verschiddene Strecke kënnen opdeelen. \nBei weidere Froe kënnt dir iech gäre beim Fanny mëllen. \nHei kënnt dir iech fir d’Sola umellen: \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/sola-2022/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20220513
DTEND;VALUE=DATE:20220516
DTSTAMP:20260424T225921
CREATED:20220411T075258Z
LAST-MODIFIED:20220411T075258Z
UID:17052-1652400000-1652659199@lsz.lu
SUMMARY:Bologna 2022
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \n  \nGeschwënn ass et endlech esou wäit\, eis Clubrees 2022 steet virun der Dier! Dëst Joer féiert eis eis Rees an d’Haaptstad vun der norditalienescher Regioun Emilia-Romagna\, an zwar an déi wonnerschéi Stad Bologna.  \n  \nMir fueren Freidegmoies\, den 13. Mee\, vum Zürecher HB mam Zuch bis op Bologna\, wou mir am Hostel Combo Bologna iwwernuechten. Nees zeréck op Zürech geet et Sonndes de 15.5. am spéiden Nomëtteg. \n  \nFir en spannenden Programm ass och gesuergt. Freides am Nomëtte gi mir zesummen d’Stad an den Uni-Campus entdecken an duerno maache mir eis en flotten Clubowend. Samsdes huelen mer den Zuch bis an d’Nopeschstad Modena\, wou mer den bekannte Ferrari-Musée kucken ginn. Owes gi mer dann nees zu Bologna all zesumme gutt italienesch iessen. Sonndes besiche mir de MAMbo\, de Museum of Modern Art Bologna\, iert mer eis Owes leider nees op de Réckwee maachen mussen. Do dernierft ass awer och genuch Fräizäit\, wou dir dat maache kennt\, wourop der Loscht hutt. \n  \nAn Italien gëllen bis den 30. Abrëll nach relativ strikt Covid-Mesuren\, et brauch een den Covid-Check z.B. fir an den Intercityzich an och fir am Restaurant dobannen z’iessen. Méi detailléiert Infoen zu den aktuellen Covid-Mesuren fannt dir hei. Wéi eng Mesuren nom 30. Abrëll an Italien ginn\, wësse mir leider nach net. Mir wäerten iech um Courant halen\, wéi sech d’Situatioun an Italien entwéckelt. \n  \nD’Participatioun läit dëst Joer bei 100€\, do sinn den Transport\, den Hostel\, een Nuechtiessen an déi kleng Aktivitéiten déi mir all zesumme maachen\, mat abegraff. \n  \nDir kennt iech vum Mëttwoch den 13.4. (18h00) bis den 20.4. (18h00) op eiser Website umellen. D’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB ausser dass d’Punkten 2 an 3 net gëllen. D’Prioritéite sinn also: \n\nComitésmemberen\nAktiv Memberen\nPassiv Memberen\nExterner\n\nD’Plaze sinn op 35 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \n  \nWann d’Umeldungsphas eriwwer ass\, kritt dir Bescheed gesot\, op dir eng Platz kritt hutt. Zu deem Zäitpunkt kritt dir och d’Detailer fir d’Participatioun ze bezuelen. \n  \nBei Froen kennt dir iech gär bei de Responsabelen vun der Clubrees mellen: Cedric Mulders (cedric@lsz.lu) an Kéo Oran (keo@lsz.lu).  \n  \nMir freeën eis op eng flott Rees mam LSZ! \n  \nDe Comité \n  \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/bologna-2022/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220520T170000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220520T233000
DTSTAMP:20260424T225921
CREATED:20220520T093007Z
LAST-MODIFIED:20220520T091855Z
UID:17311-1653066000-1653089400@lsz.lu
SUMMARY:Beerpong & Semesteroofschloss
DESCRIPTION:Leif LSZler\, \nwell sech dëst Semester sou lues dem Enn zouneigt\, gëtt et och gläich Zäit fir eist lescht Event vum Semester: den alljärlechen Beerpong Tournoi an Semesteroofschloss. Schnaapt iech also ären Beerpong Partner an ergräift är Chance fir déi nei Beerpongchampions fir d’Joer 2022 ze ginn. Des wäerten den 2. Juni op der grousser Grillplaz Vitaparcours Zürich-Käferberg gekréint gi. Et wäerten dëst Joer och e puer vun eisen Fribourger an Lausanner Kolleegen eis Konkurrenz maachen kommen\, also mellt iech ënnert folgendem Link(eng Persoun pro Team) ab 19h an bis den 27.05 un fir eis Reputatioun ze halen: Please select a valid form (Platzen sinn op 32 Teams begrenzt). \n  \nBei guddem Gegrills a Gedrénks kenne mir den Owend dann och auskléngen loossen an op dat vergaangent Semester ustoussen. \n  \nMir freeën eis op iech\,  \nären Comité \n 
URL:https://lsz.lu/event/beerpong-semesteroofschloss/
LOCATION:Zürich\, Zürich\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220521T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220521T233000
DTSTAMP:20260424T225921
CREATED:20220404T211853Z
LAST-MODIFIED:20220429T063039Z
UID:16963-1653156000-1653175800@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2022
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nNëmmen en halleft Joer hutt dir missen waarden\, an schon ass et nees souwäit! Mir hunn déi grouss Freed iech den 21. Mai an d’Zunfthaus zur Meisen op d’SPL ze invitéieren. Des SPL leeft ganz nom Motto “Where old meets new” an domat ass déi grouss Ännerung vir des Editioun\, dass och Alumnien\, also LSZ’ler déi virun mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn\, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbréngen. \nDir hutt den Choix tëscht engem Fleesch – an Vegimenü\, Den genauen Menü fannt dir an der Umeldung. Sot eis w.e.g. bei Allergien mat Zäiten Bescheed.  \nStart ass um 18:00 mam Apero iert et dann op d’Gruppefoto geet. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 80 Euro\, iwwerweist déi w.e.g. réicht nodeems der vun eis d’Confirmatioun dozou krut.  \nDir kënnt och rëm äre Wonschsetzpartner uginn\, schwätzt iech do w.e.g. virdrunner mateneen of. Traditionell ass den Dresscode Owestenue\, dat heescht Costume oder Kleed. \nDenkt och w.e.g. drun dass mir nach Wäin hunn deen op Zürech muss transportéiert ginn\, mellt Iech dowéinst w.e.g bei eis wann dir vun Lëtzebuerg op Zürech fuert fir e puer Këschten matzebréngen. \nDir kennt iech ab Freiden\, den 29.4. (18h00) bis den 06.05. (18h00) hei drënner umellen: Please select a valid form \nD’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB ausser dass d’Punkten 2 an 3 net gëllen. D’Prioritéite sinn also: \n\nComitésmemberen\nAktiv Memberen\nPassiv Memberen\nExterner\n\nD’Plaze sinn op 90 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \nMir freeën eis riseg iech all rëm kënnen op d’SPL ze invitéieren an hoffen der vill vun iech kennen do ze hunn! \nFir den Comité\,  \nSarah Hoffmann (sarah.hoffmann@lsz.lu) \nSacha Thill (sacha@lsz.lu) \n 
URL:https://lsz.lu/event/spl-2022-2/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220521T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220522T020000
DTSTAMP:20260424T225921
CREATED:20220320T105824Z
LAST-MODIFIED:20220425T100816Z
UID:16910-1653156000-1653184800@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2022 Alumni
DESCRIPTION:Leif Alumnis vum LSZ\, \nFir de Kontakt tëscht den LSZler\, an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen\, invitéieren mir Iech ganz häerzlech den 21. Mai op eis traditionell SPL.  \nD’Konzept vun der SPL sollt deenen meeschten nach bekannt sinn: En 3 – Gäng – Menü an enger schicker Ambiance mat\, aus Lëtzebuerg importéiertem\, Wäin a Cremant fir den ETH Professeren ze gedenken déi eis Lëtzebuerger Studenten wärend dem 2. Weltkrich bäi sech opgeholl hunn.  \nDëst ass mat een vun eisen gréissten Eventer am Joer an et géif eis immens freeën eng Rei Alumnis vum LSZ do begréissen ze kennen. Net nëmmen ass dëst fir eis eng flott Méiglechkeet vun Erfarungen aus der Beruffswelt ze heieren an vun ärer Uniszäit gezielt ze kréien\, mais et ass sécher och fir Iech eng super Alternativ dem LSZ nees mei no ze kommen an gezielt ze kréien\, wat sech alles säit ärer Uniszäit verännert huet.  \nD’SPL fënnt dëst Joer den 21. Mai am Zunfthaus zur Meisen (https://www.zunfthaus-zur-meisen.ch) statt. Dei genau Address ass Münsterhof 20\, CH-8001 Zürich. Mir géifen um 18:00 mam Apero starten. Wei gewinnt gelt op der SPL d’Tenue correcte. Dir hutt den Choix tëscht 2 Menüen (Fleesch an vegetaresch)\, mei Informatiounen dozou kommen no der Umeldung. D’Participatioun beleet sech op 150€.  \nFalls dir interesséiert sidd un der SPL deelzehuelen\, géifen mir Iech bieden Iech ab muer\, 25. Mäerz ab 12:00\, hei unzemellen: Please select a valid form \nD’Platzen (vir d’Alumnien) sinn op 40 Persounen limitéiert\, dir kennt Iech bis den 8. Abrëll umellen. \nBäi Froen kennt dir Iech gären bei eis mellen.  \nMir freeën eis Iech rem op d’SPL kënnen ze invitéieren\, an hoffen der vill vun Iech kënnen do ze gesinn.   \nVir de Comité vum LSZ \nSacha Thill (sacha@lsz.lu) & Sarah Hoffmann (sarah.hoffmann@lsz.lu) \n 
URL:https://lsz.lu/event/spl-2022/
LOCATION:Zunfthaus zur Meisen\, Münsterhof 20\, Zurich\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
END:VCALENDAR