BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech - ECPv6.15.18//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-WR-CALNAME:LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech
X-ORIGINAL-URL:https://lsz.lu
X-WR-CALDESC:Events for LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech
REFRESH-INTERVAL;VALUE=DURATION:PT1H
X-Robots-Tag:noindex
X-PUBLISHED-TTL:PT1H
BEGIN:VTIMEZONE
TZID:Europe/Zurich
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20230326T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20231029T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20240331T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20241027T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20250330T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20251026T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20260329T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20261025T010000
END:STANDARD
END:VTIMEZONE
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240406T193000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240406T220000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20240410T154727Z
LAST-MODIFIED:20240410T154727Z
UID:21622-1712431800-1712440800@lsz.lu
SUMMARY:3-Schichten-Iessen 2024
DESCRIPTION:Léiwen LSZ’ler\, \nwei schon ugekennegt fënnt en Donnesden 18. Abrëll um 19:30 am Restaurant Santa Lucia (Adresse: Waaggasse 5\, 8001 Zürich\, Schweiz) d’3-Schichten Iessen vum Zürcherbal 2023 statt. Fir dass mir wessen mat weivill Leit mir kenne rechnen bieden mer dech\, dech bis en Meinden den Owend (15.4) unzemellen\, wous du och direkt den Menu muss uginn deen dir gefällt. \n\nMir frëen eis op dech\,  \nLSZ Comité \nThis form is currently closed for submissions.
URL:https://lsz.lu/event/3-schichten-iessen-2024/
LOCATION:Santa Lucia Paradeplatz\, Waaggasse 5\, Zürich\, 8001\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240425T200000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240429T090000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20240324T172351Z
LAST-MODIFIED:20240324T175046Z
UID:21429-1714075200-1714381200@lsz.lu
SUMMARY:Budapest 2024
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \n  \nAn e puer Wochen ass et nees esou wäit\, d’Clubrees 2024 steet virun der Dier. Dëst Joer traue mer eis e bëssi méi wäit ewech vun Zürech\, an zwar fuere mer duerch fënnef Länner der Donau no bis an d’Haaptstad vun Ungarn\, op Budapest. \n  \nMir wäerten Donneschdenowend\, de 25. Abrëll den Nuetszuch zu Zürech huelen\, an duerch d’Schwäiz\, Liechtenstein\, Éisträich\, Däitschland an Ungarn fueren\, fir Freidegmoien ausgeschlof zu Budapest unzekommen. Zeréck fuere mer Sonndenowend\, soudass mer Méindes den 29. Abrëll em kuerz no 8h nees zu Zürech sinn. \n  \nFir e flotte Programm wärend den dräi Deeg wäert natierlech och gesuergt sinn\, en ass awer leider nach net 100% fest. Mir deelen iech alles mat\, soubal de Plang steet. Genuch Zäit fir op eege Fauscht d’Stad ze entdecken ass awer sécher! \n  \nD’Participatioun steet doduerch och nach net ganz fest\, mee se wäert ronderëm 140€ bis 160€ leien. Do sinn den Nuetszuch\, den Hostel\, ee gemeinsaamt Owesiessen a kleng Aktivitéiten déi mir all zesumme maachen\, mat abegraff. \n  \nDir kennt iech vum Dënschden\, 26.03.2024 em 18h00 bis de Freiden\, 29.03.2024 em 18h00 op eiser Website ënnert dësem Link (lsz.lu/event/budapest-2024/) umellen. D’Umeldunge verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB (lsz.lu/allgemeng-participatiouns-bedingungen-update-1/).  \n  \nD’Plaze sinn op 30 Persoune begrenzt a bannent de Kategorië vun de Prioritéite gellt de Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \n  \nWann d’Umeldungsphas eriwwer ass\, kritt dir Bescheed gesot\, op dir eng Platz kritt hutt. Zu deem Zäitpunkt kritt dir och d’Detailer fir d’Participatioun ze bezuelen. Mir hunn aktuell nach e Problem mat der Confirmatiounsmail vun der Umeldung\, dowéinst wonnert iech net\, wann dir no ärer Submission keng Mail kritt. \n  \nBei Froe kennt dir iech gär bei de Responsabele vun der Clubrees mellen: Cedric Mulders (cedric@lsz.lu) an Philippe Schaack (philippe.schaack@lsz.lu).  \n  \nMir freeën eis op eng flott Rees mam LSZ\, \n  \nÄre Comité \nThis form is currently closed for submissions.
URL:https://lsz.lu/event/budapest-2024/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240504T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240504T170000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20240409T143350Z
LAST-MODIFIED:20240409T143350Z
UID:21627-1714809600-1714842000@lsz.lu
SUMMARY:Sola 2024
DESCRIPTION:Léif Leefer a Leeferinnen\, \nD’Ouschtervakanz ass wei ëmmer nees ze kuerz gewiescht an et geet direkt nees weider mam Summersemester\, dat heescht awer och dass wei all Joers erëm d’SOLA stattfënnt. D’SOLA ass e Staffellaf vum ASVZ iwwert 114\,77km\, opgedeelt a 14 Etappen\, den duerch ganz Zürech geet. Dat ganzt fënnt dëst Joer de 4. Mee statt a mir als LSZ sinn nees mat 2 Equippen um Start. Mir hunn eis geduecht genau ewéi d’lescht Joer erëm eng méi kompetitiv Equipe an eng déi méi fir de Spaass matleeft ze maachen. Dir fannt all d’zousätzlech Informatiounen hei\, a fir dass mer och gutt virbereet sinn\, géinge mir Laftrainingen organiséieren\, wou ee sech da kann a Form bréngen egal ob een elo schonn e puer Joer Erfarung am Lafen huet oder eréischt viru kuerzem ugefaangen huet\, et ass fir jiddereen eppes dobäi. Dir kennt iech ab elo bis den 2. Mee hei umellen. \nLG\, \nÄre Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/sola-2024/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240518T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240519T020000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20240422T115617Z
LAST-MODIFIED:20240422T154921Z
UID:21782-1716055200-1716084000@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2024
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nMir hunn déi grouss Freed iech den 18. Mee an d’Zunfthaus zur Meisen (https://www.zunfthaus-zur-meisen.ch/) op d’SPL ze invitéieren. Bei dëser SPL wäert et nees de Fall sinn\, dass och Alumnien\, also LSZ’ler\, déi viru mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn\, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbrénge wäerten. \nDir hutt de Choix tëscht engem Fleesch – a Vegimenü. Sot eis w.e.g. bei Allergië mat Zäite Bescheed. \nStart ass um 18:00 mam Apero. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 80 Euro. Iwwerweist déi w.e.g. réischt nodeems der vun eis d’Confirmatioun dozou krut. \nDir kënnt och rëm äre Wonschsetzpartner uginn. Schwätzt iech do w.e.g. virdrunner mateneen of. Traditionell ass den Dresscode Owestenue\, dat heescht Costume oder Kleed. \nDenkt och w.e.g. drun\, dass mir nach Wäin hunn\, deen op Zürech muss transportéiert ginn. Mellt Iech dowéinst w.e.g beim Cédric Delhez\, wann dir vu Lëtzebuerg op Zürech fuert fir e puer Këschte matzebréngen. \nDir kennt iech ab e Mëttwoch\, den 24.04. (18h00) bis den 03.05 (18h00) umellen. \nD’Umeldunge verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB. \nD’Plazen si begrenzt a bannent de Kategorië vun de Prioritéite gelt de Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \nMir freeën eis riseg iech all rëm kënnen op d’SPL ze invitéieren an hoffen der vill vun iech kennen do ze hunn! \nFir de Comité\, \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/spl-2024/
LOCATION:Zunfthaus zur Meisen\, Münsterhof 20\, Zurich\, Switzerland
CATEGORIES:Event,SPL
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240518T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240519T020000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20240423T081650Z
LAST-MODIFIED:20240423T082446Z
UID:21793-1716055200-1716084000@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2024 Alumni
DESCRIPTION:Léif Alumnis vum LSZ\, \nFir de Kontakt tëscht den LSZler an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen\, invitéiere mir Iech ganz häerzlech den 18. Mai op eis traditionell SPL.  \nD’Konzept vun der SPL sollt deene meeschten nach bekannt sinn: En 3-Gang-Menü an enger schicker Ambiance mat\, aus Lëtzebuerg importéiertem\, Wäin a Cremant fir den ETH Professeren ze gedenken déi eis Lëtzebuerger Studenten wärend dem 2. Weltkrich bäi sech opgeholl hunn.  \nDëst ass mat ee vun eise gréissten Eventer am Joer an et géif eis immens freeën eng Rei Alumnis vum LSZ do begréissen ze kënnen. Net nëmmen ass dëst fir eis eng flott Méiglechkeet vun Erfarungen aus der Beruffswelt ze héieren a vun ärer Uniszäit gezielt ze kréien\, mais et ass sécher och fir Iech eng super Alternativ dem LSZ nees méi no ze kommen a gezielt ze kréien\, wat sech alles säit ärer Uniszäit verännert huet.  \nD’SPL fënnt dëst Joer am Zunfthaus zur Meisen (https://www.zunfthaus-zur-meisen.ch/) statt. Déi genau Adress ass Münsterhof 20\, CH-8001 Zürich. Mir géifen um 18:00 mam Apéro starten. Wei gewinnt gëllt op der SPL d’Tenue correcte. Dir hutt de Choix tëscht 2 Menüen (Fleesch a vegetaresch) an d’Participatioun beleet sech op 140€.  \nD’Menüe si wei folgend:  \nFleesch-Menü: \n\nSpargelcreme Suppe mit knusprigem Bündnerfleisch\nHähnchenbrust-Piccata alla Milanese auf Champagner Safran-Risotto\, Tomaten Clamard\nHimbeeren Roulade mit Sauerrahm Glacé\n\nVegi-Menü: \n\nSpargelcreme Suppe mit knuspriger Einlage\nChicorée Piccata\, Champagner Safran-Risotto\, Tomaten Clavard\nHimbeeren Roulade mit Sauerrahm Glacé\n\n  \nFalls Dir interesséiert sidd un der SPL deelzehuelen\, géife mir Iech bieden Iech ab dem 25. Abrëll ab 12:00 hei unzemellen: \nPlease select a valid form \nD’Platzen (fir d’Alumnien) sinn op 20 Persounen limitéiert\, Dir kënnt Iech bis den 5. Mai umellen.  \nBäi Froe kënnt Dir Iech gäre bei eis mellen.  \nMir freeën eis Iech rëm op d’SPL kennen ze invitéieren\, an hoffen der vill vun Iech kënnen do ze gesinn.   \nFir de Comité vum LSZ\, \nCédric Delhez (cedric.delhez@lsz.lu)\, Pol Winkin (pol.winkin@lsz.lu) & Larissa Weber (larissa.weber@lsz.lu) 
URL:https://lsz.lu/event/spl-2024-alumni/
LOCATION:Zunfthaus zur Meisen\, Münsterhof 20\, Zurich\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240525T150000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240525T200000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20240415T155551Z
LAST-MODIFIED:20240528T181906Z
UID:21811-1716649200-1716667200@lsz.lu
SUMMARY:Stammdesch Uetlibierg 2024
DESCRIPTION:Léif LSZler \nGläich ass et endlech sou wäit\, e Samschden\, de 25. Mee gi mir fir eise leschte Stammdësch vum Semester op den Uetlibierg\, fir uewen ze grillen. \nDofir treffe mer eis um 15 Auer beim Triemli\, fir dann all zesumme rop ze trëppelen. Sidd weg pünktlech an huelt ee Rucksak mat. Et wäert provisoresch bis 20 Auer goen. \nËnnerwee wäert och nach ee klenge Béierlaf stattfannen (natierlech och mat engem Präis fir eis Gewënnerekipp) Gidd dofir weg och am Forms u mat wiem dir an der Ekipp si wëllt (Ekippe vun 3-4 Léit) \nD’Umeldung geet bis den 23. Mee 18 Auer iwwert follgende Link: https://lsz.lu/event/stammdesch-uetlibierg-2024/ \nBei iergendwelleche Problemer schreift entweder dem Michel ënnert +352 621 748 226 oder dem Filip +352 621 619 515. \nMir freeën eis\,\nTom\, Michel a Filip \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/stammdesch-uetlibierg-2024/
CATEGORIES:Event
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240530T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240530T220000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20240515T110027Z
LAST-MODIFIED:20240515T115936Z
UID:21838-1717092000-1717106400@lsz.lu
SUMMARY:Beerpong Tournoi 2024 - intern
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nGeschwënn ass d Semester schonn erëm laanscht\, dat heescht dass et och erëm Zäit fir eisen alljärleche Beerpongtournoi gëtt. Mir mussen dëst Joer dofir suergen\, dass mir eis Coupe vu leschtem Joer erëm verteidegen. Schnappt iech also ären Beerpong Partner a kommt\, den 30. Mee um 18 Auer bei d’Holderbachhütte um Hönggerberg\, fir em den Titel  Beerpongchampions vum Joer 2024 ze kämpfen. Eis léif Frënn vum Friblëtz an der Aell wäerten natierlech och erëm kommen\, fir géint eis unzetrieden. \nMellt iech sou séier wéi méiglech un (de Forms hei drënner geet de 15.05.2024 um 18:00 op an dir huet Zeit bis de Meiden de 27.05.2024 23:59)\, well mir hunn eng Begrenzung vun 32 Teams. Denkt och drun\, dass nëmmen ee vum Team de Forms ausfëlle muss. \nDen Owend loosse mir mat Gedrénks a Gegrills auskléngen a stoussen zesummen op d vergaangent Semester un. \nAn denkt un den Insektespray et wäerte vill Moustiquen do sinn. \nMir freeën eis op iech\, \nÄre Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/beerpong-tournoi-2024-intern/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240530T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240530T220000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20240515T110029Z
LAST-MODIFIED:20240515T120111Z
UID:21835-1717092000-1717106400@lsz.lu
SUMMARY:Beerpong Tournoi 2024 - extern
DESCRIPTION: Leif Frënn vum LSZ\, \nHeimat invitéiere mir iech offiziell\, op eise Beerpongtournoi den 30. Mee um 18 Auer bei der Holderbachhütte. Do kennt dir erëm géint den LSZ untrieden an em den Titel vu Beerpongchampions vum Joer 2024 kämpfen. \nMellt iech sou séier wéi méiglech un\, (de Forms hei drënner geet de 15.05.2024 um 18:00 op an dir huet Zeit bis de Meiden de 27.05.2024 23:59) well mir hunn eng Begrenzung vun 32 Teams. Denkt och drun\, dass nëmmen ee vum Team de Forms ausfëlle soll. \nDen Owend loosse mir mat Gedrénks a Gegrills auskléngen a stoussen zesummen op d vergaangent Semester un. \nAn denkt un den Insektespray et wäerte vill Moustiquen do sinn. \nMir freeën eis iech zu Zürech ze gesinn\, \nden LSZ \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/beerpong-tournoi-2024-extern/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240705T200000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240706T030000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20240603T094327Z
LAST-MODIFIED:20240605T084154Z
UID:21991-1720209600-1720234800@lsz.lu
SUMMARY:Studentebal 2024
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nde 5. Juli um 20:00 fënnt der ACEL hier nächst Editioun vum Studentebal nees beim Parking Bouillon statt. Mir sinn dëst Joer och op är Hëllef ugewisen. An zwar brauche mir motivéiert Leit déi beim Op- an Ofriichten hëllefen an um Owend selwer bei eisem Comptoiren zerwéieren. Jiddereen den eng Hand mat upaakt kritt och eng gratis Entrée fir de Bal selwer! Wann dir eis also bëssi ënnert d’Äerm gräifen an eng gratis Entrée kréie wëllt\, da mellt iech bei dësem Forms un! \nLG\, \nÄren LSZ Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/studentebal-2024/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240917T183000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240918T000000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20240830T130444Z
LAST-MODIFIED:20240911T175423Z
UID:22087-1726597800-1726617600@lsz.lu
SUMMARY:First Contact 2024
DESCRIPTION:Den LSZ invitéiert dech häerzlech op de First Contact\, wou mir dech kenneléiere kennen\, an e flotten Owend verbréngen. \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/first-contact-2024/
LOCATION:Alumni Quattro Lounge\, Stefano-Franscini-Platz 5\, Zürich\, 8093\, Switzerland
CATEGORIES:Event
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20240928
DTEND;VALUE=DATE:20240930
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20240902T172923Z
LAST-MODIFIED:20240902T172923Z
UID:22096-1727481600-1727654399@lsz.lu
SUMMARY:Wanderweekend 2024
DESCRIPTION:Hallo léif LSZler\, \nwéi der hoffentlech net vergiess hutt gi mer den 28-29 September an d’Bierger wanderen. Mir géife moies den 28. um 7:00 de Bus um Höngg huelen an den Dag drop den 29. am spéiden Nomëtteg erëm zeréck fueren. Schlofe géife mir an der Glecksteinhütte. Mir hu Plaz fir 20 Leit\, denkt dofir drun iech direkt unzemellen wann dir wëllt matkommen. \nFir d’Iessen ass gesuergt der misst just en eegene Schlofsak matbréngen an d’Participatioun géif sech op 35€ belafen. \nLG \nÄre Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/wanderweekend-2024/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20241009T170000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20241009T233000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20241007T210611Z
LAST-MODIFIED:20241007T210611Z
UID:22265-1728493200-1728516600@lsz.lu
SUMMARY:TeV 2024
DESCRIPTION:Léif Bleuen\,\nE Mëttwoch den 9. Oktober geet et fir Iech schonn op ären zweeten Event wou mir Iech déi schéi Stad an der dir lo lieft emol richteg weisen. Dofir wäerte mir um 17h00 op der Polyterrasse beim ETH Haaptgebai starten. Ditt Kleeder un déi kenne knaschteg ginn a bréngt nei Ënnerwäsch\, Kleeder an en Handduch (kee Kichenduch) mat. Ausserdeem sollt dir natierlech d’Statute vum LSZ an eis Heemecht kennen. Mir brauchen Iech dat warscheinlech net mei ze soen\, mee sidd pünktlech.\nMir freeën eis op Iech\,\nÄre Bleuecomité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/tev-2024/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20241019T220000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20241019T233000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20241018T112023Z
LAST-MODIFIED:20241018T113751Z
UID:22387-1729375200-1729380600@lsz.lu
SUMMARY:AG Hierscht 2024
DESCRIPTION:WhatsApp Grupp: https://chat.whatsapp.com/IjIIDZnDDYsCep3evVkuoP \n  \n\n\n\n\nOnline-Memberskaart 24/25\n\n\n\n\n\n\n\n\n    Virnumm\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n    Nonumm\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n    Email\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n    Handynummer: (mat Virwahl +XXX)\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n    Héichschoul:\n        *\n    \n    					\n					 ETH\n					\n					 UZH\n					\n					 Aner:Aner:\n\n    \n    \n\n\n    Studiengang\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n    Aktuell ageschriwwen am:\n        *\n    \n    					\n					 Bachelor\n					\n					 Master\n					\n					 Doktorat\n					\n					 AneresAneres\n\n    \n    \n\n\n    Art vun der Memberschaft:\n        *\n    \n    					\n					 Aktiv\n					\n					 Passiv\n\n    \n    \n\n\n	\n\nSubmit\n\n\n\n	\n			\n			\n				If you are human\, leave this field blank.
URL:https://lsz.lu/event/ag-hierscht-2024/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20241030T160000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20241030T220000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20240926T090021Z
LAST-MODIFIED:20241001T184119Z
UID:22135-1730304000-1730325600@lsz.lu
SUMMARY:PwC meets LSZ - 30. Oktober 2024
DESCRIPTION:PwC refers to the PwC network and/or one or more of its member firms\, each of which is a separate legal entity. Please see www.pwc.com/structure for further details. Liability limited by a scheme approved under Professional Standards Legislation.\nPwC Luxembourg strives to build trust in providing audit\, tax and advisory services in ways that protect the privacy of its clients\, current or former employees\, and others with whom it does business through the design of its products and robust information security safeguards. PwC Luxembourg aspires to promote transparency through education initiatives\, privacy principles and guidelines\, and appropriate opportunities for choice\, access\, and correction with respect to personal information about data subjects. \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/pwc-meets-lsz-30-oktober-2024/
LOCATION:ETH Zentrum\, Rämistrasse 101\, Zurich\, Zurich\, 8092\, Switzerland
CATEGORIES:Event
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20241106T190000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20241106T220000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20241011T091122Z
LAST-MODIFIED:20241013T154202Z
UID:22298-1730919600-1730930400@lsz.lu
SUMMARY:Proximus Visitt - 6. November 2024
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nGeschwënn steet déi zweet Visitt an dësem Semester vun engem vun eise Sponsoren un. De 6.11. däerfe mir den Alexis Briois vu Proximus Luxembourg S.A hei zu Zürech begréissen. Proximus\, Mammekonzern vun ënner anerem Tango\, ass eng Grupp\, déi zu de féierenden Ubidder vun Internet\, TV an ICT Servicer an der Belsch gehéiert. Mee och zu Lëtzebuerg hëllefen si zumools beim Ausbau vun Telekommunikatiounsinfrastrukturen an ICT-Servicer a mir kennen se all eben ënnert dem Numm Tango. Fir méi genau Infoen zu Proximus kënnt dir nach op hirer Website nokucken: https://www.proximus.lu/fr/ . \nD’Visite fënnt an enger kollegialer a flotter Ambiance statt\, soudatt mir mam Härr Brioix vu Proximus ee flotten Owend am Alehouse (https://www.alehouse.ch) verbrénge wäerten. Fir dat dir net verduuscht an erhéngert\, ass d’Iessen a Gedrénks dee ganzen Owend inclus an dir musst fir guer näischt bezuelen. Dobäi soll gesot sinn\, dat déi Presentatioun fir all Alterskategorie vun LSZ’ler interessant ass. \nDe Programm vun de Visite wäert wéi follegt sinn:\n– Presentatioun vu Proximus Luxembourg an hier Beruffsfelder (10/15min)\n– Konferenz “Wéi verkaafen ech mech gudd op engem Bewerbungsgespréich” (format TedTalk\, +/- 20min)\n– Question Réponse\n– Apéro dinatoire \nDir gesitt de Programm riicht sech u jiddereen a kann iech an egal wéi engem Domaine weiderhëllefen. \nDe Forms fir d’Umeldung fannt dir ënnert dësem ganze Message. D’Umeldung ass bis Freides\, den 1. November\, um 18:00 Auer op. \nEe schéine Weekend gewënscht\,\nPol Winkin \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/proximus-visitt-6-november/
LOCATION:Alehouse\, Universitätstrasse 23\, Zürich\, 8006\, Switzerland
CATEGORIES:Event
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20241115T000000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20241117T000000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20241016T204446Z
LAST-MODIFIED:20251009T205700Z
UID:22371-1731628800-1731801600@lsz.lu
SUMMARY:Intercercle 2024 - Intern
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nVum 15.-17. November fënnt eise legendären Intercercle de Clear the Bottles statt. Zesumme mat eise Kollegen aus villen anere Stied\, stelle mir eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn.  \nDe Programm gesäit follgendermoossen aus: \nFreides de 15.11 um 18:30:  \n\nDen LSZ invitéiert op eng gutt Kéis-Fondue am GZ Hirzenbach mat Wäin\, Béier a Softs à volonté.\n\nSamschdes de 16.11: \n\nAb 13:00: Ee Rallye duerch eis wonnerschéi Stad\, mat gudder Stëmmung a genuch flësseger Motivatioun.\nAb 21:00 bis 02:00: De legendäre Clear-the-Bottles. Open Bar am “Loch Ness”  um Hönggerberg mat allem wat d’Häerz begeeschtert.\n\nD’Matmaachen um Rallye ass net obligatoresch. Um Rallye wäerten d’Gruppe gemëscht ginn. Jidderee kann awer bei der Umeldung eng Referenzpersoun uginn\, mat deem een an eng Grupp kënnt. \nD’Participatioun fir LSZ’ler stellt sech follgendermoossen zesummen:  \n\nFreides (Fondue): 15€\nSamschdes (Rallye an CTB): 5€\n\n\nAm Loch Ness ass eis Kapazitéit op 250 Leit begrenzt (LSZ’ler+Extern). Jidderee muss sech umelle fir um CTB kënnen deelzehuelen. Dofir musst dir eng gülteg Memberskaart hunn. Déi kennt dir op der AG\, oder duerno kafen. D’Umeldunge lafen no den Allgemenge Participatiouns Bedingungen (APB) vum LSZ of. D’Umeldungsperiod start de Sonnden den 20. Oktober um 18:00 ënnert follgendem Link https://lsz.lu/event/intercercle2024-intern/. No enger Woch kritt dir d’Bestätegung dass dir eng Plaz krut. Dir hutt no der Bestätegung eng Woch Zäit fir d’Participatioun an är Memberskaart (falls dir se net op der AG kaf hutt) ze bezuelen\, soss verléiert dir är Plaz. Dëst per Iwwerweisung op eise Konto (IBAN: LU34 0019 2955 4503 3000) oder per Payconiq (+41 79 767 63 25) mam Vermierk: “Intercercle CTB 2024 – Virnumm Nonumm”.  \nFir d’Ofmeldung gellen d’Conditiounen aus eisen APB (https://lsz.lu/wp-content/uploads/2023/10/Allgemeng-Participatiouns-Bedingungen-update-1.pdf). \nMir bidde fir déi extern Gäscht Schlofplazen un. Och hei si mir op är Hëllef ugewisen. Wann dir eng Plaz kënnt zu Verfügung stellen\, gitt dëst w.e.g bei der Umeldung un\, et muss och keng Plaz an engem Bett sinn\, eng Loftmatrass mécht d’Saach och 😉 \nHei https://fb.me/e/2xUQ97RNu fannt dir d’Veranstaltung wou dir är Kolleege kënnt alueden a wou alleguerten d’Informatioune fir déi Extern drastinn. Dir kennt hinnen och dese Forms fir déi extern Umeldung ab e Sonnden 20. Oktober 18h00 weiderleeden: https://forms.gle/Moe43LSVty7rkzEJ7.  \n  \n  \nBei Froen oder Onkloerheete kënnt dir iech bei eis mellen. \n  \nMir freeën eis op ee flotte Weekend mat iech an ären Kolleegen\, \nDen LSZ Comité \n  \nDu muss dech alogge fir de Forms auszefëllen
URL:https://lsz.lu/event/intercercle2024-intern/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20241120T190000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20241120T220000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20241017T141036Z
LAST-MODIFIED:20241101T185925Z
UID:22382-1732129200-1732140000@lsz.lu
SUMMARY:Visitt TR Engineering - 20. November
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nDen 20. November steet déi lescht Visitt vun dësem Semester vun eisem Goldsponsor TR-Engineering un. D’Pauline Kremer\, LSZ-Alumni\, kennt zesumme mat Mataarbechter op Zürich\, fir eis eng spannend Presentatioun ze halen. TR-Engineering gouf am Joer 1988 gegrënnt a fokusséiert sech zënterhier op d’Planung an d’Ëmsetzung vun Infrastrukturprojeten\, souwéi op Amenagement- a Entwécklungsprogrammer\, zu Lëtzebuerg an an Entwécklungslänner. Zu Lëtzebuerg waren si ënner anerem bei der Planung vum Stade National de Luxembourg an a ville weidere interessante Projete bedeelegt. Et soll betount ginn\, dass si net nëmme klassesch Bauingenieuren astellen\, mee och der Gebaitechnik an anere Beräicher aktiv sinn. Mei Informatiounen iwwert hire Betrib fannt dir ënner follgendem Link: https://www.tr-engineering.lu \nD‘Visitt fënnt och des Kéier am Alehouse statt a mir hunn déi grouss Chance mat de Mataarbechter vun TR Engineering\, bei engem herrleche Buffet\, den Owend auskléngen ze loossen.  \nDobäi soll gesot sinn\, dat déi Presentatioun fir all Alterskategorie vun LSZ’ler interessant ass. \nHei drënner fannt dir de Link fir d‘Umeldung déi bis de 15. November um 18:00 Auer op ass. \nBescht Gréiss\,\nDe Comité \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/visitt-tr-engineering-20-november/
LOCATION:Alehouse\, Universitätstrasse 23\, Zürich\, 8006\, Switzerland
CATEGORIES:Visite Entreprise
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20241122T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20241123T020000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20241031T085445Z
LAST-MODIFIED:20241031T085445Z
UID:22450-1732298400-1732327200@lsz.lu
SUMMARY:Volleynight 2024
DESCRIPTION:Hallo léif LSZler\, \nfir dass den 22. op der Volleynight alles klappt an\, dass dir och all genuch ze spille kritt hu mir decidéiert just 10 Leit an d’Equippen ze setzen. Dofir geet muer den 1.11. um 18:00 e Forms op an do gellt first come first serve\, dofir stellt iech e Wecker 😉. \nLG \nPit \nDu muss dech alogge fir de Forms auszefëllen
URL:https://lsz.lu/event/volleynight-2024/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20241205T183000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20241205T220000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20241123T112458Z
LAST-MODIFIED:20241123T112531Z
UID:22528-1733423400-1733436000@lsz.lu
SUMMARY:Kleeschen a Schlittschong 2024
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, och dëst Joer krute mir vun de Rendéiere geflüstert\, dass den Houseker a natierlech och de Kleeschen op iech opmierksam gi sinn an e puer Iwwerraschunge fir iech hunn. Dofir invitéieren si iech de 5. Dezember häerzlech op d’Schlittschongpist um Dolder\, vu wou et da weider op de Chrëschtmaart geet an dir mat hinnen eng gutt Raclette genéisse kennt. \nDe Kleesche\, den Houseker a mir freeën eis op iech all\, a fir dass mir och wësse wéivill Rutte mir musse matbréngen\, mellt iech w.e.g. hei ab dem 25.11. 18:00 bis den 1.12. 23:59 un: \nDu muss dech alogge fir de Forms auszefëllen
URL:https://lsz.lu/event/kleeschen-a-schlittschong-2024/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20241206T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20241206T210000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20241124T171151Z
LAST-MODIFIED:20241124T171208Z
UID:22559-1733508000-1733518800@lsz.lu
SUMMARY:Kleeschen an der Ambassade
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nNodeems dir vum Houseker op der Schlittschongpiste bestrooft gouft\, gitt dir trotzdeem alleguerten den Dag drop belount. De 6. Dezember invitéiert déi lëtzebuergesch Ambassade zu Bern d’Schwäizer Cerclen op ee Kleeschersowend voller gudder Chrëschtdag-Spezialitéite wéi Wäin a Schockela. \nFir datt dir de Wee op Bern awer net nëmme maacht\, fir vum Ambassadeur verwinnt ze ginn\, hu mir zesumme mam Friblëtz gekuckt\, bei hinne Schlofplazen fir deen Owend ze kréien\, fir datt mir Kleeschersdag an enger gudder Bar oder Club mat de Cerclë vu Lausanne a Fribourg ausklénge kënne loossen an dono séier a sécher an ee waarmt Bettchen ze kommen. \nFir op dem Owend an der Ambassade deelzehuelen musst dir iech bis den 30. November um 23:59 umellen. Wann dir eng Schlofplaz zu Fribourg\, wat wesentlech méi no wéi Zürech ass\, braucht\, da gitt dat weg och am Forms un. Dir kënnt iech ënnen iwwert de Forms umellen. \nFir op Bern ze kommen ass et am prakteschsten d’Friends Tageskarte ze huelen a mam Zuch ze fueren. D’Friends Tageskarte ass ee GA fir 4 Leit den insgesamt 80CHF kascht\, spréch 20CHF op de Kapp. Méi Infoen zu dëser Kaart fannt dir hei  \nBis geschwënn\, \nÄre Comité \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/kleeschen-an-der-ambassade/
LOCATION:Ambassade Bern\, Thunplatz 52\, Bern\, Switzerland
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20241209T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20241231T235900
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20241209T101249Z
LAST-MODIFIED:20241209T101249Z
UID:22630-1733731200-1735689540@lsz.lu
SUMMARY:Merchandise 2024
DESCRIPTION:LSZ Merchandise 2024\n\n\n\n\n\n\n\n\n    Virnumm\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n    Nonumm\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n    Email\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n	Wéi eng Zort Hoodie wëlls du\n		\n	\n			\n	 Ouni Backprint (ca.30-35€)	\n		\n	 Mat Béierglas (ca.40-45€)	\n		\n	 Mat Schampes (ca.40-45€)	\n\n	\n	\n\n\n    Hoodies ouni Backprint\n        *\n    \n    		\n	 Gro	\n		\n	 Rout	\n		\n	 Blo	\n		\n	 Gréng	\n\n    \n    \n\n\n    Hoodies mat Béierglas\n        *\n    \n    		\n	 Gro	\n		\n	 Rout	\n		\n	 Blo	\n		\n	 Gréng	\n\n    \n    \n\n\n    Hoodies mat Schampes\n        *\n    \n    		\n	 Gro	\n		\n	 Rout	\n		\n	 Blo	\n		\n	 Gréng	\n\n    \n    \n\n\n    Hoodie Gréisst\n        *\n    \n    					\n			 XS\n					\n			 S\n					\n			 M\n					\n			 L\n					\n			 XL\n					\n			 2XL\n					\n			 3XL\n\n    \n    \n\n\n    Zipper (ca.35-40€)\n        \n    \n    		\n	 Schwaarz	\n		\n	 Wäiss	\n		\n	 Blo	\n		\n	 Rout	\n		\n	 Gro	\n\n    \n    \n\n\n    Zipper Gréisst\n        *\n    \n    					\n			 XS\n					\n			 S\n					\n			 M\n					\n			 L\n					\n			 XL\n					\n			 2XL\n					\n			 3XL\n					\n			 4XL\n\n    \n    \n\n\n    Polo (ca.20-25€)\n        \n    \n    		\n	 Donkel Blo	\n		\n	 Wäiss	\n		\n	 Hell Blo	\n		\n	 Gréng	\n\n    \n    \n\n\n    Polo Gréisst\n        *\n    \n    					\n			 S\n					\n			 M\n					\n			 L\n					\n			 XL\n					\n			 XXL\n					\n			 3XL\n					\n			 4XL\n\n    \n    \n\n\n	Wéi eng Goodies wëlls du\n		\n	\n			\n	 Blo Kap (ca.10-15€)	\n		\n	 Beige Kap (ca.10-15€)	\n		\n	 Bidon (ca.10-15€)	\n\n	\n	\n\n\n	Remarque zur Bestellung\n		\n	\n	\n	\n	\n\n\n	\n\nSubmit\n\n\n\n\n	\n			\n			\n				If you are human\, leave this field blank.
URL:https://lsz.lu/event/merchandise-2024/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20241221T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20241221T170000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20241207T123539Z
LAST-MODIFIED:20241207T123539Z
UID:22593-1734768000-1734800400@lsz.lu
SUMMARY:Tournoi de Noël 2024
DESCRIPTION:Hallo léif Sportler/Sportlerinnen\, \nwéi all Wanterpaus\, fënnt och dëst Joer den Tournoi de Noël erëm statt. Mir sinn och dës Kéier an all de Sportaarte vertrueden. Den 21.12 maache mir beim Volleyball a beim Basket mat an den 23.12 dann natierlech och am Fussball. Wéi dir warscheinlech awer schonn all matkritt hutt\, sinn déi 2 Deeg leider och eis Datumer op deene mir eist wichtegst Event vum Joer den Zürcher Bal opriichte mussen. \nMir hunn dofir decidéiert\, dass jiddereen den um Tournoi de Noël well matmaachen\, 3 Schichte minimum schaffe muss (opriichten\,ofriichten an Owend zesummen). \nFir all Sportaart hu mer e maximum vun 2 Auswiesselspiller festgeluecht. (Basket: 5 + 2\, Volleyball: 6 + 2\, Fussball: 5 + 2) \nD’Platze ginn nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB(https://lsz.lu/wp-content/uploads/2023/10/Allgemeng-Participatiouns-Bedingungen-update-1.pdf) verdeelt. De Forms dofir geet de 8. Dezember um 18:00 ob. \nMir géifen och déi motivéiert vun iech bieden nom Tournoi de Noël nach am Nomëtte laanscht ze kommen\, mir kenne wierklech all hëllef gebrauchen\, déi mir kenne kréien. \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/tournoi-de-noel-2024/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20241225T210000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20241226T040000
DTSTAMP:20260406T133246
CREATED:20241029T124842Z
LAST-MODIFIED:20241029T125459Z
UID:22442-1735160400-1735185600@lsz.lu
SUMMARY:Zürcher Bal 2024 Lëschtekeess
DESCRIPTION:D'Umellungsphase fir d'Lëschtekeess ass vum 1. Dezember 18:00 bis den 18. Dezember 21:00.
URL:https://lsz.lu/event/zurcher-bal-2024-leschtekeess/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20250306T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20250306T170000
DTSTAMP:20260406T133247
CREATED:20250306T192648Z
LAST-MODIFIED:20250306T192648Z
UID:22928-1741248000-1741280400@lsz.lu
SUMMARY:Frendschaftsspill Schwäiz - Letzebuerg St. Gallen
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nDe 25. Mäerz spillen eis Rout Léiwen an engem Fussball-Frendschaftsspill géint d’Schwäizer Nati\, dofir géife mir mam Bus op St. Gallen fueren fir sie am Auswäertsblock ze ennerstetzen. Mir géifen um 19h mam Bus vum Höngg fortfueren fir de Match um 20h45 an géint Metternuecht nees zeréck sinn. Déi déi wellen kennen och schonn éischter op eege Fauscht mam Zuch fueren fir d’Stad ze besichen. \nParticipatioun wäert vun der Unzuel interesséierte Leit ofhänken\, mee ca zweschen 0-15€ leien (Bus + Ticket inclus).Mellt iech weg bis den 8. Mäerz ennert folgendem Link un\, duerno kenne mir leider keng Tickets méi kaafen. D’Plaze si begrenzt je no Unzuel Tickets déi verfügbar sinn. \nLéif Gréiss\,\nDe Comité \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/frendschaftsspill-schwaiz-letzebuerg-st-gallen/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20250307
DTEND;VALUE=DATE:20250310
DTSTAMP:20260406T133247
CREATED:20250120T202201Z
LAST-MODIFIED:20250120T203202Z
UID:22760-1741305600-1741564799@lsz.lu
SUMMARY:Schiweekend 2025
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nD’Exame sti virun der Dier\, dofir ass elo de perfekten Zäitpunkt fir sech op e flotte Weekend mam LSZ no den Examen ze freeën. Dofir luede mir iech op den LSZ-Schiweekend am Schigebitt 4 Vallées am Chalet Les Louerettes an. Dëse fënnt de 7te bis de 9te Mäerz statt. \nMéi Informatiounen dozou fannt dir ënnert follgende Links: \nChalet: https://louerettes.ch \nPisteplang vum Schigebitt: https://verbier4vallees.ch/fr/informations-utiles/carte-interactive \nMir hunn dëst Joer en anert Schigebitt fonnt wat e gutt Stéck mei héisch läit. D’Hütt ass op ongeféier 1700m\, mir ginn also dovun aus do schonn den éischte Schnéi ze gesinn. E grousse Plus ass och dass een direkt virun der Hütt op 200m e puer Lifter an ënnerschiddlech Richtunge kann huelen. D’Schigebitt selwer huet 410km Pistekilometer wou fir jiddereen eppes dobäi ass an déi héchste Plaz leit op 3300m vu wou een eng fantastesch Vue genéisse kann. Am Präis vum Schiweekend ass de Schipass mat dobäi. Den Depart mam Bus ass geplangt Freides de 07.03 am fréie Moien um Campus Hönggerberg a mer wäerte Sonndes de 09.03 owes rëm um Höngg sinn. Genau Informatiounen zum Depart a Retour kritt dier zu engem spéideren Zäitpunkt. \nD’Participatioun läit dëst Joer bei 250€. An deem Präis mat abegraff ass den Transport hin an zeréck\, de Schipass\, de Chalet vir 2 Nuechten\, d’Moies – an Owesiessen\, souwéi genuch ze drénken. \nD’Umeldung wäert no den APB’s vum LSZ oflafen. Falls een sech ofmellt\, kee méi op der Waardelëscht steet an sech keen Ersatz méi fënnt\, da muss een d’Fixkäschten déi schonn ugefall sinn\, selwer bezuelen. \nDir kennt iech ab dem 22.01 (18:00) bis de 29.01 (18:00) umellen. \nD’Platze fir de Schiweekend sinn op 50 Persoune limitéiert\, maacht Iech also schnell bäi. \nRéischt no der Umeldungsperiod kritt dir vun eis Bescheed gesot ob dir eng Plaz kritt hutt\, dir musst och da réischt bezuelen. Denkt och dru fir är Beloununge vum Zürcher Bal aléise fir eng Reduktioun op de Präis ze kréien. Spéider Umeldunge sinn och méiglech\, eventuell muss een dann awer domat rechnen op der Waardelëscht ze landen. \nBei Froe kennt dir Iech bei de Responsabel vum Schiweekend mellen: \nPit Krantz (pit.krantz@lsz.lu) | Nicolas Recht (nicolas.recht@lsz.lu). \nMir freeën eis op ee flotte Weekend! \nDe Comité \nDu muss dech alogge fir de Forms auszefëllen
URL:https://lsz.lu/event/schiweekend-2025/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20250326T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20250326T230000
DTSTAMP:20260406T133247
CREATED:20250225T162717Z
LAST-MODIFIED:20250303T145741Z
UID:22850-1743012000-1743030000@lsz.lu
SUMMARY:Visitt HITEC - 26. Mäerz
DESCRIPTION: Léif LSZ’ler\, \nGeschwënn steet déi éischt Visitt an dësem Semester vun engem vun eise Sponsoren un. De 26.03. um 18:00 Auer däerfe mir de Philipee Osch mat zwee weidere Mataarbechter vun Hitec hei zu Zürech begréissen. \nHITEC Luxembourg S.A. ass eng 100% lëtzebuergesch Firma\, déi innovativ an héichqualitativ Produkter a Servicer entwéckelt. Sie bidden héich technologesch Léisungen an de Beräicher Satellitte-Buedemsegment\, Test- a Moossausrüstung a Verkéiersmanagement un. \nD’Visitt fënnt an enger kollegialer a flotter Ambiance statt\, soudatt mir ee flotten Owend am Alehouse (https://www.alehouse.ch) verbrénge wäerten. Fir dat dir net verduuscht an erhéngert\, ass d’Iessen a Gedrénks dee ganzen Owend inclus an dir musst fir guer näischt bezuelen. Dobäi soll gesot sinn\, dat déi Presentatioun fir all Alterskategorie vun LSZ’ler interessant ass. \nDe Forms fir d’Umeldung fannt dir ënnert dësem ganze Message. D’Umeldung ass bis Mëttwochs\, den 19. Mäerz op. \nBescht Gréiss\,\nÄre Comité \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/visitt-hitec-26-maerz/
LOCATION:Alehouse\, Universitätstrasse 23\, Zürich\, 8006\, Switzerland
CATEGORIES:Visite Entreprise
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20250409T170000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20250409T223000
DTSTAMP:20260406T133247
CREATED:20250213T215042Z
LAST-MODIFIED:20250312T094918Z
UID:22824-1744218000-1744237800@lsz.lu
SUMMARY:Visitt Schroeder & Associés - 9. Abrëll
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nDen 9. Abrëll steet eng spannend Visitt um Programm. Dräi Mataarbechter vu Schroeder & Associés kommen een Dag op Zürech fir eis eng interessant Presentatioun mat uschléissendem  Apero ze halen. Fir den Owend gutt auskléngen ze loossen\, ginn mer dann nach alleguerten an d’Commihalle iessen. \nMat iwwer 60 Joer Erfarung an engem Team vu ronn 450 Mataarbechter spillt dës Ingenieursfirma ee wichtege Role am Ingenieursdomaine. Hir Missioun ass héchst Qualitéit\, innovativ Léisungen a maximal Zefriddenheet fir hir Clienten. Mat vill Erfolleg begleeden si Projeten zu Lëtzebuerg an am Ausland. \nMir freeën eis\, iech den 9.4 op der Uni ze treffen\, wou si eis méi iwwert hire Knowhow an hir spannendst Projeten erzielen. \n  \nHei drënner fannt dir de Link fir d‘Umeldung déi bis den 2. Abrëll um 18:00 Auer op ass. \nMat beschte Gréiss\,\nÄre Comité \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/visitt-schroeder-associes-9-abrell/
LOCATION:ETH Zentrum\, Rämistrasse 101\, Zurich\, Zurich\, 8092\, Switzerland
CATEGORIES:Visite Entreprise
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20250501T000000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20250504T000000
DTSTAMP:20260406T133247
CREATED:20250326T123838Z
LAST-MODIFIED:20260328T121000Z
UID:22990-1746057600-1746316800@lsz.lu
SUMMARY:Clubrees 2025
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nAn e puer Wochen ass et nees esou wäit\, d’Clubrees 2025 steet virun der Dier. Dëst Joer geet et zréck an dat schéint Italien\, op Florenz. \nMir wäerten Donneschdes Moies\, den 1. Mee ëm 6h30 de Bus um Höngg huelen\, an eis op de Wee an de Süde machen fir hoffentlech em 18h00 zu Florenz unzekommen. Um Hiwee wäerte mir och en Zweschestop vun 2-3h zu Parma maachen fir eis d’Been ze vertreppelen an den Tank nees ze fellen. Zréck fuere mir Sonndes am Nometten an engem Stéck\, soudass mir Sonndes de 4. Mee spéit Owes zu Zürech sinn. \nFir e flotte Programm wärend de véier Deeg wäert natierlech och gesuergt sinn\, en ass awer leider nach net 100% fest. Mir deelen iech alles mat\, soubal de Plang steet. Genuch Zäit fir op eege Fauscht d’Stad ze entdecken ass awer sécher! \nD’Participatioun steet doduerch och nach net ganz fest\, mee se wäert ronderëm 140€ bis 160€ leien. Do sinn de Bus\, den Hostel\, ee gemeinsaamt Owesiessen a kleng Aktivitéiten déi mir all zesumme maachen\, mat abegraff. \nD’Plaze sinn op 36 Persoune begrenzt a bannent de Kategorië vun de Prioritéite gellt de Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \nWann d’Umeldungsphas eriwwer ass\, kritt dir Bescheed gesot\, op dir eng Platz kritt hutt. Zu deem Zäitpunkt kritt dir och d’Detailer fir d’Participatioun ze bezuelen. Mir hunn aktuell nach e Problem mat der Confirmatiounsmail vun der Umeldung\, dowéinst wonnert iech net\, wann dir no ärer Submission keng Mail kritt. \nBei Froe kennt dir iech gär bei de Responsabele vun der Clubrees mellen: Cedric Mulders (cedric@lsz.lu) an Philippe Schaack (philippe.schaack@lsz.lu). \nMir freeën eis op eng flott Rees mam LSZ\, \nÄre Comité \n  \n\n\n\n\nClubrees2025\n\n\n\n\n\n\n\n\n    Numm\n        *\n    \n    \n	\n		Numm	\n\n	\n					\n				\n					Virnumm				\n\n				Virnumm			\n						\n				\n					Nonumm				\n\n				Nonumm			\n				\n\n\n    \n    \n\n\n    Email\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n    Handynummer\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n    Gebuertsdaag\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n    Nationalitéit\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n    Pass/Carte d'Identité Nummer\n        *\n    \n    \n    \n    \n\n\n    Iessenspräferenzen\n        \n    \n    					\n			 Vegetaresch\n\n    \n    \n\n\n    Allergien / aner Remarquen\n        \n    \n    \n    \n    \n\n\n    Checkboxes\n        *\n    \n    					\n			 Ech akzeptéiren d'APB (Allgemeng Participatiouns Bedingungen) https://lsz.lu/wp-content/uploads/2023/10/Allgemeng-Participatiouns-Bedingungen-update-1.pdf\n\n    \n    \n\n\n\n	\n\nSubmit\n\n\n\n\n	\n			\n			\n				If you are human\, leave this field blank.
URL:https://lsz.lu/event/clubrees-25/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20250510T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20250511T020000
DTSTAMP:20260406T133247
CREATED:20250328T110007Z
LAST-MODIFIED:20250328T111032Z
UID:22997-1746900000-1746928800@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2025 Alumni
DESCRIPTION:Léif Alumnis vum LSZ\, \nFir de Kontakt tëscht de LSZler an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen\, invitéiere mir Iech den 10. Mee ganz häerzlech op eis traditionell SPL. \nD’Konzept vun der SPL sollt deene meeschten nach bekannt sinn: En 3-Gang-Menü an enger schicker Ambiance mat\, aus Lëtzebuerg importéiertem\, Wäin a Cremant fir den ETH Professeren ze gedenken déi eis Lëtzebuerger Studente wärend dem 2. Weltkrich bäi sech opgeholl hunn. \nDëst ass mat ee vun eise gréissten Eventer am Joer an et géif eis immens freeën eng Rei Alumnis vum LSZ do begréissen ze kënnen. Net nëmmen ass dëst fir eis eng flott Méiglechkeet vun Erfarungen aus der Beruffswelt ze héieren a vun ärer Uniszäit gezielt ze kréien\, mais et ass sécher och fir Iech eng super Alternativ dem LSZ nees méi no ze kommen a gezielt ze kréien\, wat sech alles säit ärer Uniszäit verännert huet. \nD’SPL fënnt dëst Joer am Zunfthaus zum Rüden (https://www.hauszumrueden.ch) statt. Déi genau Adress ass Limmatquai 42\, 8001 Zürich. Mir géifen um 18:00 mam Apéro starten. Wei gewinnt gëllt op der SPL d’Tenue correcte. Dir hutt de Choix tëscht 2 Menüen (Fleesch a vegetaresch) an d’Participatioun beleet sech op 140€. \nBäi Froe kënnt Dir Iech gäre bei eis mellen. \nMir freeën eis Iech op d’SPL kënnen ze invitéieren\, an hoffen der vill vun Iech kënnen do ze gesinn. \nÄren LSZ Comité \nThis form is currently closed for submissions.
URL:https://lsz.lu/event/spl-2025-alumni/
LOCATION:Haus zum Rüden\, Limmatquai 42\, Zürich\, Switzerland
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20250510T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20250511T020000
DTSTAMP:20260406T133247
CREATED:20250407T060028Z
LAST-MODIFIED:20250428T081057Z
UID:23003-1746900000-1746928800@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2025
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nMir hunn déi grouss Freed iech den 10. Mee am Haus zum  Rüden (https://www.hauszumrueden.ch/) op d’SPL ze invitéieren. Bei dëser SPL wäert et nees de Fall sinn\, dass och Alumnien\, also LSZ’ler\, déi viru mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn\, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbrénge wäerten. \nDir hutt de Choix tëscht engem Fleesch – a Vegimenü\, déi follgendermoossen ausgesinn: \nApero: Mini-Käseküchlein und Mini Schinkengipfeli\nZopp: Räuschling Cremesuppe mit Croutons\nHaaptplat: Hackbraten mit Pilzrahmsauce oder veganes Zürich Geschnetzeltes mit Gemüse und Rösti\nDessert: Lemon Tarte mit Meringue und Joghurtglace \nSot eis w.e.g. bei Allergië mat Zäite Bescheed. \nStart ass um 18:00 mam Apero. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 80 Euro. Iwwerweist déi w.e.g. réischt nodeems der vun eis d’Confirmatioun dozou krut. \nDir kënnt och erëm äre Wonschsëtzpartner uginn. Schwätzt iech do w.e.g. virdrunner mateneen of. Traditionell ass den Dresscode Owestenue\, dat heescht Costume oder Kleed. \nDenkt och w.e.g. drun\, dass mir nach Wäin hunn\, deen op Zürech muss transportéiert ginn. Mellt iech dowéinst w.e.g beim Philippe Schaack\, wann dir vu Lëtzebuerg op Zürech fuert fir e puer Këschte matzebréngen. \nDir kennt iech vum 7. Abrëll um 18:00 bis den 28. Abrëll um 23:59 umellen. \nD’Umeldunge verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB. \nD’Plaze si begrenzt a bannent de Kategorië vun de Prioritéite gëllt de Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \nMir freeën eis riseg iech all rëm kënnen op d’SPL ze invitéieren an hoffen\, vill vun iech kënnen do ze gesinn! \nDe Comité\nDu muss dech alogge fir de Forms auszefëllen
URL:https://lsz.lu/event/spl-2025/
LOCATION:Haus zum Rüden\, Limmatquai 42\, Zürich\, Switzerland
END:VEVENT
END:VCALENDAR