BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech - ECPv6.15.18//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-ORIGINAL-URL:https://lsz.lu
X-WR-CALDESC:Events for LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech
REFRESH-INTERVAL;VALUE=DURATION:PT1H
X-Robots-Tag:noindex
X-PUBLISHED-TTL:PT1H
BEGIN:VTIMEZONE
TZID:Europe/Zurich
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20210328T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20211031T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20220327T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20221030T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20230326T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20231029T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20240331T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20241027T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20250330T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20251026T010000
END:STANDARD
END:VTIMEZONE
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20221227
DTEND;VALUE=DATE:20221228
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20221205T085826Z
LAST-MODIFIED:20221205T085826Z
UID:18521-1672099200-1672185599@lsz.lu
SUMMARY:Volleyball Tournoi de Noel
DESCRIPTION:Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/volleyball-tournoi-de-noel/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230224T073000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230226T190000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230109T142229Z
LAST-MODIFIED:20230109T142229Z
UID:18905-1677223800-1677438000@lsz.lu
SUMMARY:Skiweekend 23
DESCRIPTION:Léif LSZler\,  \nD’Prüfungen stinn nach virun eis\, dofir get et heicht Zait eis Motivatioun un ze kuerbelen! An wéi geet daat besser wei mat engem Skiweekend? Et get also lues a lues Zait den Wachs op den Skier ze préparéieren\, well vum 24. bis den 26. geet den LSZ nees op Andermatt fir d’Pisten onsecher zemaachen. Mëll dech dofir séier un well d’Plaatzen sinn limitéiert! \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/skiweekend-23/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230318T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230318T170000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230306T182750Z
LAST-MODIFIED:20230307T101352Z
UID:19004-1679126400-1679158800@lsz.lu
SUMMARY:Swisscup 2023
DESCRIPTION:Hallo léif Sportler\, \n  \nEch sinn et rëm;) Des kéier mëllen ech mech bei iech fir den Siwsscup fir ze stellen. Dëst Joer ginn mir den Samschden 18.ten Mäerz op Fribourg. Dohannen wäerten mir dann géint den Friblëtz sou wei Lausanne am Basket\, Fussball an Volleyball spillen. Mir hunn hei zwou Coupen ze verdeedegen souwéi 1 Coup zréck ze gewannen. Lëscht Joer sinn mir nämlech Meeschter am Basket sou wéi am Fussball ginn:) \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/swisscup-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230428T060000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230430T230000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230318T192010Z
LAST-MODIFIED:20230426T171616Z
UID:19295-1682661600-1682895600@lsz.lu
SUMMARY:Genua 2023
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nGeschwenn ass et nees esou wäit\, d’Clubrees 2023 steht virun der Dier. Eis Rees féiert eis dest Joer nees an Italien\, an zwar an d’Hafenstaadt Genua\, d’Haaptstaadt vun der Regioun Legurien\, un der nördlecher Westküst vun eisen Noperen.  \nMir wäerten Freidegmoies\, den 28. Abrell mam Bus vum Hönggerberg aus fortfueren an kuerz no der Mettesstonn zu Genua ukommen. Zereck fueren mir den Sonndegowend\, den 30. Abrell. \nFir en flotten Programm ass natielech och gesuergt. Freides am Nomette gin mir zesummen d’Staadt an den aalen Hafen entdecken. Samstes kennen mir bis an d’Regioun Cinque-Terre an der Géigend vun Genua fueren\, fir déi wonnerschéin Vuen op d’Dierfer vun Cinque-Terre\, d’Wanderweer vun der Regioun an natierlech d’Plagen ze genéissen. Uschléissend gin mir zu Genua nach all zesummen iessen. Fir en gudden Ofschloss vun der Clubrees\, gin mir Sonndegmoies zesummen den berühmten Salzwaasser Aquarium vun Genua kucken. Duerno fueren mir am spéiden Nometten nees zereck op Zürech. Fir genug Fräizäit ass natielech och gesuergt. \nD’Participatioun läit dëst Joer bei 100€\, do sinn den Transport\, den Hostel\, een Nuechtiessen an déi kleng Aktivitéiten déi mir all zesumme maachen\, mat abegraff. \nDir kennt iech vum Méinden\, den 20.3. em 18h00 bis den Donneschten\, 24.3. em 18h00 op eiser Website ennert desem Link () umellen. D’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB (https://lsz.lu/wp-content/uploads/2021/01/APB.pdf).  \nD’Plaze sinn op 35 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \nWann d’Umeldungsphas eriwwer ass\, kritt dir Bescheed gesot\, op dir eng Platz kritt hutt. Zu deem Zäitpunkt kritt dir och d’Detailer fir d’Participatioun ze bezuelen. \nBei Froen kennt dir iech gär bei de Responsabelen vun der Clubrees mellen: Cedric Mulders (cedric@lsz.lu) an Kéo Oran (keo@lsz.lu).  \nMir freen eis op eng flott Rees mam LSZ\, \nÄeren Comité \nP.S. Wéi dir fläicht schon matkritt hat\, war eisen ursprünglechen Plang fir op Zagreb an Kroatien ze fueren. Allerdengs sin d’Zich op Zagreb zweschen Abrell an Mee ausgefall\, dowéinst ass aus desem Plang leider näischt gin. Bleiwt awer gespant fir d’Clubrees 2024 😉 \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/genua-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230506T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230506T170000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230302T174422Z
LAST-MODIFIED:20230302T174422Z
UID:18978-1683360000-1683392400@lsz.lu
SUMMARY:Sola 2023
DESCRIPTION:Léif Leefer an Leeferinnen\, \nD’Summersemester huet nees ugefaangen an dat bedeit\, dass d’Sola ëmmer méi no réckelt. Bei der Sola handelt et sech em een Staffellaf iwwert 114\,77 km\, opgedeelt an 14. Etappen duerch ganz Zürech. Am ganze lafen 1000 Equipe mat\, wat dann 14000 Leefer sinn. Sidd also bei engem eenzegaartegen an onvergiesslechen Event mat dobäi. Dofir maach är Schong prett\, laaft iech waarm an sidd prett fir d’Sola\, déi den 6. Mäi wäert statt fannen. Den genauen Plang vun den Strecken fann dir hei. \nD’lescht Joer haten mir een risegen Erfolleg\, deen mir des Joer weider toppen wëllen. Vue dass lescht Joer eng grouss Nofro do war\, hunn mir decidéiert\, dëst Joer zwou Equippen un ze mellen. Bei der Enger handelt et sech em eng kompetitiv Equipe wou bäi déi aner Equipe fir den Spaass mat leeft. Dir kënnt iech bis den 29. Abrëll umellen. \nLG\, \nären Comité \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/sola-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230508T193000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230508T233000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230505T072746Z
LAST-MODIFIED:20230505T074828Z
UID:19407-1683574200-1683588600@lsz.lu
SUMMARY:3-Schichten Iessen
DESCRIPTION:Léiwen LSZ’ler\, \nwei schon ugekennegt fennt en Donnesdchen 11. Mee um 19:30 am Restaurant “Spaghetti Pomodoro” (Adresse: Hardstrasse 324\, 8005 Zürich) d’3-Schichten Iessen vum Zürcherbal 2022 statt. Fir dass mir wessen mat weivill Leit mir kenne rechnen bieden mer dech\, dech bis en Meinden den Owend (8.5.23 18:00) unzemellen\, wous du och direkt den Menu muss uginn deen dir gefällt.  \nMir hoffen dech en Donnesden ze gesinn\, \n\nSarah Hoffmann \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/3-schichten-iessen-4/
LOCATION:Restuarant Spaghetti Pomodoro
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230513T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230514T030000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230402T194909Z
LAST-MODIFIED:20230403T130350Z
UID:19333-1684000800-1684033200@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2023 Alumni
DESCRIPTION:Leif Alumnis vum LSZ\, \nFir de Kontakt tëscht den LSZler an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen\, invitéieren mir Iech ganz häerzlech den 13. Mai op eis traditionell SPL.  \nD’Konzept vun der SPL sollt deenen meeschten nach bekannt sinn: En 3 – Gäng – Menü an enger schicker Ambiance mat\, aus Lëtzebuerg importéiertem\, Wäin a Cremant fir den ETH Professeren ze gedenken déi eis Lëtzebuerger Studenten wärend dem 2. Weltkrich bäi sech opgeholl hunn.  \nDëst ass mat een vun eisen gréissten Eventer am Joer an et géif eis immens freeën eng Rei Alumnis vum LSZ do begréissen ze kënnen. Net nëmmen ass dëst fir eis eng flott Méiglechkeet vun Erfarungen aus der Beruffswelt ze héieren an vun ärer Uniszäit gezielt ze kréien\, mais et ass sécher och fir Iech eng super Alternativ dem LSZ nees méi no ze kommen an gezielt ze kréien\, wat sech alles säit ärer Uniszäit verännert huet.  \nD’SPL fënnt dëst Joer am Haus zum Rüden (https://www.haus-zum-rueden.ch/) statt. Déi genau Adress ass Limmatquai 42\, CH-8001 Zürich. Mir géifen um 18:00 mam Apéro starten. Wei gewinnt gëllt op der SPL d’Tenue correcte. Dir hutt den Choix tëscht 2 Menüen (Fleesch an vegetaresch)\, mei Informatiounen dozou kommen no der Umeldung. D’Participatioun beleet sech op 130€.  \nFalls Dir interesséiert sidd un der SPL deelzehuelen\, géifen mir Iech bieden Iech ab dem 5. Abrëll ab 12:00 hei unzemellen:  \nPlease select a valid form\nD’Platzen (fir d’Alumnien) sinn op 25 Persounen limitéiert\, Dir kënnt Iech bis den 9. Abrëll umellen.  \nBäi Froen kënnt Dir Iech gären bei eis mellen.  \nMir freeën eis Iech rëm op d’SPL kennen ze invitéieren\, an hoffen der vill vun Iech kënnen do ze gesinn.   \nFir de Comité vum LSZ\, \nCédric Delhez (cedric.delhez@lsz.lu) & Till Winzen (till.winzen@lsz.lu) 
URL:https://lsz.lu/event/spl-2023-alumni/
LOCATION:Haus zum Rüden\, Limmatquai 42\, Zürich\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230513T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230514T030000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230411T084018Z
LAST-MODIFIED:20230411T110022Z
UID:19356-1684000800-1684033200@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2023
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nMir hunn déi grouss Freed iech den 13. Mee an d’ Haus zum Rüden (https://www.haus-zum-rueden.ch) op d’SPL ze invitéieren. Bei deser SPL weart et nees de Fall sinn\, dass och Alumnien\, also LSZ’ler\, déi virun mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn\, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbréngen wäerten. \nDir hutt den Choix tëscht engem Fleesch – an Vegimenü. Sot eis w.e.g. bei Allergien mat Zäiten Bescheed. \nStart ass um 18:00 mam Apero\, den jenodems wéi d’ Wieder as\, op de wonnerschéiner Terrasse direkt un de Limmat stattfennt. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 70 Euro. Iwwerweist déi w.e.g. réicht nodeems der vun eis d’Confirmatioun dozou krut. \nDir kënnt och rëm äre Wonschsetzpartner uginn. Schwätzt iech do w.e.g. virdrunner mateneen of. Traditionell ass den Dresscode Owestenue\, dat heescht Costume oder Kleed. \nDenkt och w.e.g. drun\, dass mir nach Wäin hunn\, deen op Zürech muss transportéiert ginn. Mellt Iech dowéinst w.e.g beim Till Winzen\, wann dir vun Lëtzebuerg op Zürech fuert fir e puer Këschten matzebréngen. \nDir kennt iech ab Donneschten\, den 13.4. (18h00) bis den 20.04 (18h00) hei drënner umellen: \nPlease select a valid form\n  \nD’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB. \nD’Plaze sinn op 80 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \nMir freeën eis riseg iech all rëm kënnen op d’SPL ze invitéieren an hoffen der vill vun iech kennen do ze hunn! \nFir den Comité\, \nTill Winzen (till.winzen@lsz.lu) \nCédric Delhez (cedric.delhez@lsz.lu)
URL:https://lsz.lu/event/spl-2023/
LOCATION:Haus zum Rüden\, Limmatquai 42\, Zürich\, Switzerland
CATEGORIES:SPL
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230527T140000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230527T190000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230516T154326Z
LAST-MODIFIED:20230516T155509Z
UID:19418-1685196000-1685214000@lsz.lu
SUMMARY:Uetliberg Stammdësch
DESCRIPTION:Léif LSZler\,\nGläich ass et endlech sou wäit\, e Samschden\, de 27. Mee gi mir op eisen leschten Stammdësch vun dësem Semester.\nFir déi\, déi sech iwwert de Forms och fir de Stammdësch Uetliberg ugemellt hunn\, starte mir em 14:00 Auer bei der Tramsstatioun Triemli fir erop dofir sidd bitte pünktlech. Et wäert provisoresch bis 19:00 Auer goen.\nEm alles wat d’Häerz begiert këmmere mir eis. Dir kritt awer och nach eppes um Triemli mat\, dass dir eis ënnerwee net dehydratéiert\, also denkt villäicht un en Rucksak.\nBei iergendwelleche Problemer schreift entweder dem Philippe ënnert +352 621152900 oder dem Louise +352 621708638.\nMir freeën eis\,\nLouise\, Marwane a Philippe \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/uetliberg-stammdesch/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230601T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230601T180000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230525T152718Z
LAST-MODIFIED:20230525T154613Z
UID:20003-1685642400-1685642400@lsz.lu
SUMMARY:Beerpong Tournoi 2023 - intern
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nD’Enn vum Semester kënnt ëmmer méi no\, an domadder gëtt et och erëm Zäit\, fir eisen alljärlechen Beerpongtournoi. Mir mussen d’Coupe vum Friblëtz erëm zréckgewannen an erëm en LSZler Team als Champion hunn. An aneren Wieder huelt iech ären Beerpong Partner an kommt\, den 1. Juni um 18 Auer bei d’Holderbachhütte um Hönggerberg\, fir em den Titel  “Beerpongchampions vum Joer 2023” ze kämpfen. Natierlech wäerten erëm eis léif Frënn vum Friblëtz an der Aell kommen\, fir eis Konkurrenz ze maachen. \nMellt iech sou séier wéi méiglech un (den Forms\, hei drenner\, geet en Freiden den 26.05.2023 um 16:00 op an dir hudd Zeit bis den Meinden den 29.05.2023 um 23:59)\, well mir hunn eng Begrenzung vun 32 Teams. Denkt och drun\, dass nëmmen een vum Team den Forms ausfëllen soll.  \nMir grillen dëst Joer erëm an fir Gedrénks ass natierlech och gesuergt.  \nDenkt un den Insektespray et wäerten vill Moustiquen do sinn. \nMir freeën eis op iech\, \nÄre Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/beerpong-tournoi-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230601T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230601T180000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230525T153424Z
LAST-MODIFIED:20230525T154705Z
UID:20008-1685642400-1685642400@lsz.lu
SUMMARY:Beerpong Tournoi 2023 - extern
DESCRIPTION:Leif Frënn vum LSZ\, \nMir invitéieren iech heimat offiziell\, op eisen Beerpongtournoi den 1. Juni bei der Holderbachhütte um Hönggerberg. Do kennt dir erëm géint den LSZ untrieden an mat bëssen Chance den Titel vun “Beerpongchampions vum Joer 2023” huelen. \nMellt iech sou séier wéi méiglech un (den Forms\, hei drenner\, geet en Freiden den 26.05.2023 um 16:00 op an dir hudd Zeit bis den Meinden den 29.05.2023 um 23:59)\, well mir hunn eng Begrenzung vun 32 Teams. Denkt och drun\, dass nëmmen een vum Team den Forms ausfëllen soll.  \nNatierlech hunn mir erëm Gegrilltes an Gedrénks\, dermadder mir op d’Enn vum Semester kennen ustoussen. \nDenkt un den Insektespray et wäerten vill Moustiquen do sinn. \nMir freeën eis iech zu Zürech ze gesinn\, \nden LSZ \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/beerpong-tournoi-2023-extern/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230613T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230613T170000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230613T084554Z
LAST-MODIFIED:20230613T084957Z
UID:20103-1686643200-1686675600@lsz.lu
SUMMARY:De Studentebal 2023
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \n  \nDen 14. Juli fennt nees den Studentebal vun der ACEL statt\, an och dest Joer ass den LSZ nees mam schwäizer Comptoir vertrueden. Wéi all Joer gin et nees déi verschidden Special Drinks vun den Letzebuerger Cerclen aus Europa\, an des Kéier sin mir mat eisem Gletscher dabei. Den Bal ass den 14. Juli beim Parking Bouillon an der Staad ab 20h00. Méi Infos fannt der op der offizieller Website (https://acel.lu/studentebal/).  \n  \nDir kennt och gär äer Kollegen op den Bal invitéieren. D’Tickets kaschten am Virverkaaf 10€ an dir kennt se an desem Forms (https://forms.gle/kHxvWnkPmNbMQxCg7) bestellen. Macht also gär Reklamm! \n  \nMir sin dest Joer och op äer Hellef ugewissen. An zwar brauchen mir motivéiert Leit déi beim Op- an Ofriichten hellefen an um Owend selwer bei eisem Comptoire zervéieren. Jidfereen den eng Hand mat upaakt kritt och eng gratis Entrée fir den Bal selwer! Wann dir eis also bessi ennert d’Äerm gräifen an eng gratis Entrée kréien wellt\, dann mellt iech bei desem Forms un!\n\nBis um Studentebal\, \n  \nÄeren Comité! \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/de-studentebal-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20230701
DTEND;VALUE=DATE:20230702
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230516T152316Z
LAST-MODIFIED:20230516T152316Z
UID:19462-1688169600-1688255999@lsz.lu
SUMMARY:Alus Summercup 2023
DESCRIPTION:Hei kennt dir ierch fier den Summercup vun der Alus umellen. Den Summercup fennt den 1ten Juli zu Hueschtert statt. D’ Alus organiseiert een Fussball Tournoi\, wou d’ Letzebuerger Cerclen kennen geint eneen spillen. Wann mir genuch Leit zesummen kreien\, 5 Spiller + 1 Goalkeep\, dann mellen mer och eng equipe un. Falls du also loscht hues een flotten daat mat Fussball\, Musék\, Gegrills an Bierpong ze verbrengen\, dann mell dech un. \n  \n  \nPlease select a valid form\n 
URL:https://lsz.lu/event/alus-summercup-2023/
LOCATION:Hueschtert\, Luxembourg
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230727T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230727T230000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230720T182945Z
LAST-MODIFIED:20230720T182945Z
UID:20121-1690480800-1690498800@lsz.lu
SUMMARY:Grillen an chillen - 2023
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nDir kënnt bestëmmt eng kleng Paus vun deem Ganzen Geléiers verdroen. Dofir wënschen mir Iech alleguer häerzlech wëllkomm den 27. Juni um 18:00 op der Chinawiese ze chillen.  \nD’Ustrengung vum Leieren\, heelen mer deen Owend mat Béieren. Fir Gedrénks an Gegrills ass gesuergt also musst dir ausser enger Gudder Stëmmung näischt matbréngen. \nKennt dir w.e.g. ukräizen op dir och eppes fir ze Grillen wëllt an op Wurscht oder Vegetaresch. Merci \nMir freeën eis Iech nach eng Kéier virum Endsprint ze gesinn 🙂 \nÄren Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/grillen-an-chillen-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230919T183000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230919T220000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230911T123919Z
LAST-MODIFIED:20230911T123919Z
UID:20136-1695148200-1695160800@lsz.lu
SUMMARY:First Contact 2023
DESCRIPTION:Den LSZ invitéiert Iech häerzlech opeise First Contakt wou mir Iech kenneleiere kennen\, an en flotten Owend verbréngen. \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/first-contact-2023/
LOCATION:Alumni Quattro Lounge\, Stefano-Franscini-Platz 5\, Zürich\, 8093\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20230930
DTEND;VALUE=DATE:20231002
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20230913T164357Z
LAST-MODIFIED:20230913T164357Z
UID:20142-1696032000-1696204799@lsz.lu
SUMMARY:Wanderweekend 2023
DESCRIPTION:Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen
URL:https://lsz.lu/event/wanderweekend-2023/
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231021T220000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231021T233000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20231021T131007Z
LAST-MODIFIED:20231021T131114Z
UID:20403-1697925600-1697931000@lsz.lu
SUMMARY:AG Hierscht 2023
DESCRIPTION:Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/ag-hierscht-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231117T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231119T170000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20231022T124733Z
LAST-MODIFIED:20231027T191454Z
UID:20408-1700208000-1700413200@lsz.lu
SUMMARY:Intercercle 2023 – Intern
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \n  \nVum 17.-19. November fënnt eisen legendären Intercercle den Clear the Bottles statt. Hei fannt dir d’ Veranstaltung wou dir är Kolleegen kënnt alueden an wou alleguerten d’Informatiounen fir déi Extern drastinn. \nDen Programm gesäit folgendermoossen aus: \n\nFreides den 17.11 um 18:30: Den LSZ invitéiert op eng gutt Kéis-Fondue am GZ Affoltern mat Wäin\, Béier an Softs à volonté.\n\n\nSamschdes den 18.11:\n\n\nAb 13:00: Ee Rallye duerch eis wonnerschéi Stad\, mat gudder Stëmmung a genuch flësseger Motivatioun.\nAb 21:00: Den legendäre Clear-the-Bottles. Open Bar an der “Wunderbox”  an der Langstrasse bis spéit an d’Nuecht mat allem wat d’Häerz begeeschtert.\n\nD’Matmaachen um Rallye ass net obligatoresch. Um Rallye wäerten d’Gruppe gemëscht ginn. Jidderee kann awer bei der Umeldung eng Referenzpersoun uginn\, mat deem en an eng Grupp kënnt. \nD’Participatioun fir LSZ’ler stellt sech folgendermoossen zesummen:  \n\nFreides (Fondue): 20€\nSamsdes (Rallye an CTB): 10€\n\n\nAn der Wunderbox ass eis Kapazitéit op 250 Leit begrenzt (LSZ’ler+Extern). Jidderee muss sech umelle fir um CTB kënnen deelzehuelen. Dofir musst dir eng gülteg Memberskaart https://lsz.lu/event/ag-hierscht-2023/ hun. D’Umeldunge lafen no den Allgemenge Participatiouns Bedingungen (APB) vum LSZ of. D’Umeldungsperiod fir d’LSZler start den Freiden den 27. Oktober um 18:00 an geet bis sonndes den 29. Oktober um 18:00 ënnert folgendem Link https://lsz.lu/event/intercercle-2023-intern/. Wann dir iech innerhalb vun dëser Period umellt\, hutt dir eng garantéiert Platz. Falls dir iech no dëser Umeldungsperiod wëllt umellen\, musst dir iech iwwer den Externe Forms umellen a mir kënnen iech keng Platz garantéieren. Dir hutt no der Umeldung eng Woch Zäit fir d’Participatioun an är Memberskaart (falls dir se net op der AG kaf hutt) ze bezuelen\, soss verléiert dir är Plaz. Dëst per Iwwerweisung op eise Konto (IBAN: LU34 0019 2955 4503 3000) oder per Payconiq (+41 79 767 63 25) mam Vermierk: “Intercercle CTB 2023 – Virnumm Nonumm”.  \nMir bidde fir déi extern Gäscht Schlofplazen un. Och hei si mir op är Hëllef ugewisen. Wann dir eng Platz kënnt zu Verfügung stellen\, gitt dëst w.e.g bei der Umeldung un\, et muss och keng Platz an engem Bett sinn\, eng Loftmatrass mécht d’Saach och 😉\n\nNach eng Kéier zesummegefaasst wat fir iech anescht ass wei fir déi extern Gäscht. \n\nd’Umeldungsperiod geet 2 Deeg éischter op an dir kritt eng garantéiert Platz wann dir iech innerhalb vun deenen 2 Deeg umellt\nd’Participatioun fir den Clear the Bottles selwer ass méi niddereg\n\nBei Froen oder Onkloerheeten kënnt dir iech bei eis mëllen. \n  \nMir freeën eis op ee flotten Weekend mat iech an ären Kolleegen\, \nDen LSZ Comité \n  \nPlease select a valid form\n 
URL:https://lsz.lu/event/intercercle-2023-intern/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231119T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231119T233000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20231102T112316Z
LAST-MODIFIED:20231105T115859Z
UID:20459-1700416800-1700436600@lsz.lu
SUMMARY:Fussballmatch Liechtenstein - Letzebuerg
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \n  \nFir déi\, déi den Weekend vum Clear the Bottles nach net genug Action haten\, fueren mir den Sonndeg\, 19. November zesummen op Vaduz\, Liechtenstein eis Rout Léiwen fir den läschten Fussball-EM Qualifikatiounsmatch ennerstetzen. Och wann d’Qualifikatioun net méi wahrscheinlech ass\, kennen mir fir gutt Stemmung am Auswäertsblock suergen\, an den Liechtensteiner weisen wie mir sinn. Mir géifen mam Bus vum Höngg géint 18h30 fortfueren\, an den Owend selwer och nees zeréckfueren\, soudass mir em kuerz no Metternuecht nees zu Zürech sinn. D’Plazen sinn aktuell op 30 begrenzt\, wann d’Demande grouss genug ass\, kennen mir awer probéieren nach méi Tickets ze kréien. D’Participatioun (Transport + Ticket) läit bei ongeféier 25€\, dat kann sech awer nach e bessen änneren. \nDir kennt iech ab dem Sonnden\, 5. November em 18h ennert desem Link (www.lsz.lu/event/fussballmatch-liechtenstein-letzebuerg/) umellen. \nD’Umeldungen verlaafen no den APB. \n  \nBis um CtB\, \n  \nÄre Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/fussballmatch-liechtenstein-letzebuerg/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231124T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231124T170000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20231124T135858Z
LAST-MODIFIED:20231124T135858Z
UID:20908-1700812800-1700845200@lsz.lu
SUMMARY:LSZ goes Fliplab
DESCRIPTION:Den LSZ invitéiert op e klengen Ausfluch an d’Fliplab Zürech! Et ass Zäit fir sech mol eng Kéier e bëssen ze beweegen amplaz sech nëmmen een an d’Rüstung ze réimeren. Key facts: \n– Gratis\n– 30 Plazen\n– Treffen sur place um 17h15\, keen organiséierten Trajet\n– Start ass um 17h30\, mee et gëtt sech nach waarm gemaach\n– Schluss ass um 18h30 \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/lsz-goes-fliplab/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20231201
DTEND;VALUE=DATE:20231202
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20231019T125309Z
LAST-MODIFIED:20231019T125309Z
UID:20395-1701388800-1701475199@lsz.lu
SUMMARY:Volleynight 2023
DESCRIPTION:Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/volleynight-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231206T183000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231206T220000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20231123T175842Z
LAST-MODIFIED:20231124T075221Z
UID:20884-1701887400-1701900000@lsz.lu
SUMMARY:Kleeschen a Schlittschung 2023
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, och dëst Joer ass den Houseker a natierlech och de Kleeschen op iech opmierksam ginn. Dofir wëlle sie zesumme mat iech d’Glühwäinsaison eröfnnen an invitéieren iech de 6. Dezember häerzlech op d’Schlittschungspist Heuried. Weider geet et dono op de Chrëschtmaart\, wou dann och eng gutt Raclette op iech waart. \nDe Kleesche\, den Hauseker a mir freeën eis op iech all\, a fir dass mir och wëssen weivill Rutte mir musse matbréngen\, mellt iech w.e.g. hei ab dem 23.11. 18:00 bis den 30.11. 23:59 un: \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/kleeschen-a-schlittschung-2023/
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231207T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231207T170000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20231207T134525Z
LAST-MODIFIED:20231207T134841Z
UID:21044-1701936000-1701968400@lsz.lu
SUMMARY:Fussball Trikots
DESCRIPTION:Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/fussball-trikots/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231213T190000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231213T220000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20231201T083511Z
LAST-MODIFIED:20231201T090932Z
UID:20915-1702494000-1702504800@lsz.lu
SUMMARY:Visitt Paul Wurth 2023
DESCRIPTION:Geéiert LSZ’ler\, \nGeschwë steet déi éischt Visitt an dësem Semester vun engem vun eise Sponsoren un. Den 13.12. kréie mir vu Paul Wurth Besuch\, déi hir Büroen op Zürech presentéiere kommen. Mat iwwer 1500 Employéen an Aktivitéiten a ronn 20 Länner\, gehéiert Paul Wurth zu deene gréissten Ingenieursbüroen zu Lëtzebuerg an huet eng staark Presenz an der Eisen- a Stolindustrie weltwäit. Fir weider Informatiounen am Virfeld\, kënnt dir gäre ee Bléck op hiren Internetsite geheien:http://www.paulwurth.com/ \nPaul Wurth wäert mat 4 Employéen ureesen: \n\nDem Här Mergen: Schafft bei Paul Wurth Geprolux an déckt domat all Fro bzgl. „civil engineering“ of.\nDem Här Ji: Schafft als „process engineer” an ass hire Spezialist den Owend fir all technesch Froen.\nDem Här Dechambre an der Madamm Pfander: Schaffen am Domaine Human Resources.\n\nD’Visitt fënnt an enger kollegialer a flotter Ambiance statt\, soudatt mir mat de Mataarbechter vu Paul Wurth ee flotten Owend am Alehouse Palmhof (https://www.alehouse.ch) verbrénge wäerten. Fir dat dir net verduscht an erhéngert\, ass d’Iessen a Gedrénks dee ganzen Owend inclus an dir musst fir guer näischt bezuelten. Start ass um 19:00 Auer.\nDobäi soll gesot sinn\, dat déi Präsentatioun fir all Alterskategorie vun LSZ’ler interessant ass an sech net nëmmen un déi méi al riicht! \nDe Forms fir d’Umeldung fannt dir ënnert dësem ganze Message. D’Umeldung ass bis den 10.12. um 23:30 Auer op. \nBei Froe kanns du dech gäre bei mir mellen: till.winzen@lsz.lu \nD’Equipe vum Paul Wurth an ech freeën eis vill vun iech rëm ze gesin. \nTill Winzen \n  \nUmeldung: \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/visitt-paul-wurth-2023/
LOCATION:Alehouse\, Universitätstrasse 23\, Zürich\, 8006\, Switzerland
CATEGORIES:Visite Entreprise
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20231225
DTEND;VALUE=DATE:20231226
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20231109T131544Z
LAST-MODIFIED:20231109T125917Z
UID:20865-1703462400-1703548799@lsz.lu
SUMMARY:Umeldung Schichten Zürcherbal 2023
DESCRIPTION:Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/umeldung-schichten-zurcherbal-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231225T210000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231226T040000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20231124T160339Z
LAST-MODIFIED:20231124T160339Z
UID:20910-1703538000-1703563200@lsz.lu
SUMMARY:Zürcher Bal 2023 Lëschtekeess
DESCRIPTION:Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/zurcher-bal-2023-leschtekeess/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231227T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231228T170000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20231214T160416Z
LAST-MODIFIED:20231214T161056Z
UID:21217-1703664000-1703782800@lsz.lu
SUMMARY:Tournoi de Noël 2023
DESCRIPTION:Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/tournoi-de-noel-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240222T200000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240222T200000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20240215T180313Z
LAST-MODIFIED:20240215T182709Z
UID:21292-1708632000-1708632000@lsz.lu
SUMMARY:Pubcrawl 2024
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nFir iech är Examen vergiessen ze loossen\, luede mir iech mat grousser Freed op eisen traditionelle Pubcrawl an. 🍸🍹 Mir starten dat Ganzt nächsten Donneschden\, den 22. Februar em 20:00 beim Schiffbau. De genaue Programm vun de Baren wäert nach nokommen. Domadde mir jidderengem eng grouss Vilfalt u Gedrénks ubidde kënne froe mir eng kleng Participatioun vu 13€. 😉\nWanns du gären derbäi bass mell dech am Forms (hei drënner) un\, an iwwerweis d’Suen op LU34 0019 2955 4503 3000 oder macht en Digi op +41 79 767 63 25!\nWanns du nokënns\, da so eis Bescheed a schreif eis am Laf vum Owend op +352 621 708 638\, fir eise Standuert ze kréie.📍 \nMir zielen op däin Duuscht\,\nDe Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/pubcrawl-2024/
LOCATION:Schiffbau Bar\, Schiffbaustrasse 4\, Zurich\, 8005\, Switzerland
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240301T063000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240303T230000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20240110T160915Z
LAST-MODIFIED:20240110T215037Z
UID:21235-1709274600-1709506800@lsz.lu
SUMMARY:Schiweekend 24
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \n  \nFir iech an der ustrengender Léierphase bei Laun ze halen an iech ze motivéieren nach de Januar a Februar z’iwwerstoen hu mir eng gutt Noriicht fir iech: De Schiweekend 2024 steet virun der Dier! \nDëst Joer geet et op Torgon am wonnerschéine Wallis\, wat am Schigebitt Les Portes du Soleil\, dem zweet gréisste Schigebitt vun der Welt\, läit. \nDe Schiweekend fënnt dëst Joer vu Freides moies\, den 1.Mäerz\, bis Sonndes owes\, den 3. Mäerz\, statt.\nDe Präis fir alles(ausgeholl vum Mëttesiessen a dem Schi-Equipement wat ee léine misst) beleeft sech op 200€ . \nUmelle kënnt der iech vum 15. Januar um 18:00 Auer bis den 22. Januar um 23:59 Auer iwwert de Forms hei ënnendrënner.\nWéi all Joers gëllt et sech séier unzemelle well d’Platzen op 50 Läit begrenzt sinn.\nBei der Umeldung gëllen d’APB’en vun eisem Club. \nVergiesst net am Forms unzeginn op der är Beloununge vun äre geschaffte Schichten um Bal benotze wëllt. D’ Unzuel Belounungen déi iech ze gutt sti fannt dir an der Annexe vun der Mail oder hei. \nWeider Infoen a Detailer zum Oflaf kritt dir mat der Confirmatioun vun ärer Participatioun. Dëst Joer brauch dir awer alleguer ee Schlofsak! \nMir wënschen iech vill Gléck fir d’Examen a freeën eis iech op eisen nächsten Eventer nees an eng sportlech a drénkfest Form ze bréngen. \n  \nÄre Comité \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/schiweekend-24/
LOCATION:Torgon\, Route des Fours 3\, Torgon\, 1899\, Switzerland
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20240316T200000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20240316T200000
DTSTAMP:20260406T112054
CREATED:20240307T145524Z
LAST-MODIFIED:20240311T200115Z
UID:21402-1710619200-1710619200@lsz.lu
SUMMARY:LSZ meets Afrez - Pubquiz
DESCRIPTION:Léif Leit\, \nMir hunn eis geduecht\, et wier flott sech emol mat engem anere Cercle vum VSETH zesummenzedoen – dofir hunn mir den 16.03.2024 mat der Afrez (Association Francophone des Étudiants de Zürich) e Pubquiz mat open End organiséiert. Dat Ganzt fënnt an eisem geliibten Loch Ness statt. \nDe Pubquiz fänkt um 20h00 un (sidd pünktlech!) an gëtt mat gemëschte Teams (Afrez / LSZ) duerchgefouert fir sech e bësse kennenzeléieren. Hei sinn d’Plazen op 40 LSZ’ler limitéiert\, mellt iech wanneschglifft heidrënner un. \nGéint 22h00 sollte mir eis dann genuch kennegeléiert hunn\, fir zesummen e bëssen ze danzen. Fir d’Party muss een sech NET umellen an d’Entrée ass gratis. Fir Gedrénks ass gesuergt. \nEt ass selbstverständlech\, dass mir eis vun eiser beschter Säit weisen an hinnen mol bäibréngen\, wéi een Party mëscht. \nMir freeën eis op Iech! \nKuss\,\nde Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/lsz-meets-afrez-pubquiz/
END:VEVENT
END:VCALENDAR