BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech - ECPv6.15.18//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-ORIGINAL-URL:https://lsz.lu
X-WR-CALDESC:Events for LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech
REFRESH-INTERVAL;VALUE=DURATION:PT1H
X-Robots-Tag:noindex
X-PUBLISHED-TTL:PT1H
BEGIN:VTIMEZONE
TZID:Europe/Zurich
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20210328T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20211031T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20220327T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20221030T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20230326T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20231029T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20240331T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20241027T010000
END:STANDARD
END:VTIMEZONE
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20220513
DTEND;VALUE=DATE:20220516
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20220411T075258Z
LAST-MODIFIED:20220411T075258Z
UID:17052-1652400000-1652659199@lsz.lu
SUMMARY:Bologna 2022
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \n  \nGeschwënn ass et endlech esou wäit\, eis Clubrees 2022 steet virun der Dier! Dëst Joer féiert eis eis Rees an d’Haaptstad vun der norditalienescher Regioun Emilia-Romagna\, an zwar an déi wonnerschéi Stad Bologna.  \n  \nMir fueren Freidegmoies\, den 13. Mee\, vum Zürecher HB mam Zuch bis op Bologna\, wou mir am Hostel Combo Bologna iwwernuechten. Nees zeréck op Zürech geet et Sonndes de 15.5. am spéiden Nomëtteg. \n  \nFir en spannenden Programm ass och gesuergt. Freides am Nomëtte gi mir zesummen d’Stad an den Uni-Campus entdecken an duerno maache mir eis en flotten Clubowend. Samsdes huelen mer den Zuch bis an d’Nopeschstad Modena\, wou mer den bekannte Ferrari-Musée kucken ginn. Owes gi mer dann nees zu Bologna all zesumme gutt italienesch iessen. Sonndes besiche mir de MAMbo\, de Museum of Modern Art Bologna\, iert mer eis Owes leider nees op de Réckwee maachen mussen. Do dernierft ass awer och genuch Fräizäit\, wou dir dat maache kennt\, wourop der Loscht hutt. \n  \nAn Italien gëllen bis den 30. Abrëll nach relativ strikt Covid-Mesuren\, et brauch een den Covid-Check z.B. fir an den Intercityzich an och fir am Restaurant dobannen z’iessen. Méi detailléiert Infoen zu den aktuellen Covid-Mesuren fannt dir hei. Wéi eng Mesuren nom 30. Abrëll an Italien ginn\, wësse mir leider nach net. Mir wäerten iech um Courant halen\, wéi sech d’Situatioun an Italien entwéckelt. \n  \nD’Participatioun läit dëst Joer bei 100€\, do sinn den Transport\, den Hostel\, een Nuechtiessen an déi kleng Aktivitéiten déi mir all zesumme maachen\, mat abegraff. \n  \nDir kennt iech vum Mëttwoch den 13.4. (18h00) bis den 20.4. (18h00) op eiser Website umellen. D’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB ausser dass d’Punkten 2 an 3 net gëllen. D’Prioritéite sinn also: \n\nComitésmemberen\nAktiv Memberen\nPassiv Memberen\nExterner\n\nD’Plaze sinn op 35 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \n  \nWann d’Umeldungsphas eriwwer ass\, kritt dir Bescheed gesot\, op dir eng Platz kritt hutt. Zu deem Zäitpunkt kritt dir och d’Detailer fir d’Participatioun ze bezuelen. \n  \nBei Froen kennt dir iech gär bei de Responsabelen vun der Clubrees mellen: Cedric Mulders (cedric@lsz.lu) an Kéo Oran (keo@lsz.lu).  \n  \nMir freeën eis op eng flott Rees mam LSZ! \n  \nDe Comité \n  \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/bologna-2022/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220520T170000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220520T233000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20220520T093007Z
LAST-MODIFIED:20220520T091855Z
UID:17311-1653066000-1653089400@lsz.lu
SUMMARY:Beerpong & Semesteroofschloss
DESCRIPTION:Leif LSZler\, \nwell sech dëst Semester sou lues dem Enn zouneigt\, gëtt et och gläich Zäit fir eist lescht Event vum Semester: den alljärlechen Beerpong Tournoi an Semesteroofschloss. Schnaapt iech also ären Beerpong Partner an ergräift är Chance fir déi nei Beerpongchampions fir d’Joer 2022 ze ginn. Des wäerten den 2. Juni op der grousser Grillplaz Vitaparcours Zürich-Käferberg gekréint gi. Et wäerten dëst Joer och e puer vun eisen Fribourger an Lausanner Kolleegen eis Konkurrenz maachen kommen\, also mellt iech ënnert folgendem Link(eng Persoun pro Team) ab 19h an bis den 27.05 un fir eis Reputatioun ze halen: Please select a valid form (Platzen sinn op 32 Teams begrenzt). \n  \nBei guddem Gegrills a Gedrénks kenne mir den Owend dann och auskléngen loossen an op dat vergaangent Semester ustoussen. \n  \nMir freeën eis op iech\,  \nären Comité \n 
URL:https://lsz.lu/event/beerpong-semesteroofschloss/
LOCATION:Zürich\, Zürich\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220521T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220521T233000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20220404T211853Z
LAST-MODIFIED:20220429T063039Z
UID:16963-1653156000-1653175800@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2022
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nNëmmen en halleft Joer hutt dir missen waarden\, an schon ass et nees souwäit! Mir hunn déi grouss Freed iech den 21. Mai an d’Zunfthaus zur Meisen op d’SPL ze invitéieren. Des SPL leeft ganz nom Motto “Where old meets new” an domat ass déi grouss Ännerung vir des Editioun\, dass och Alumnien\, also LSZ’ler déi virun mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn\, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbréngen. \nDir hutt den Choix tëscht engem Fleesch – an Vegimenü\, Den genauen Menü fannt dir an der Umeldung. Sot eis w.e.g. bei Allergien mat Zäiten Bescheed.  \nStart ass um 18:00 mam Apero iert et dann op d’Gruppefoto geet. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 80 Euro\, iwwerweist déi w.e.g. réicht nodeems der vun eis d’Confirmatioun dozou krut.  \nDir kënnt och rëm äre Wonschsetzpartner uginn\, schwätzt iech do w.e.g. virdrunner mateneen of. Traditionell ass den Dresscode Owestenue\, dat heescht Costume oder Kleed. \nDenkt och w.e.g. drun dass mir nach Wäin hunn deen op Zürech muss transportéiert ginn\, mellt Iech dowéinst w.e.g bei eis wann dir vun Lëtzebuerg op Zürech fuert fir e puer Këschten matzebréngen. \nDir kennt iech ab Freiden\, den 29.4. (18h00) bis den 06.05. (18h00) hei drënner umellen: Please select a valid form \nD’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB ausser dass d’Punkten 2 an 3 net gëllen. D’Prioritéite sinn also: \n\nComitésmemberen\nAktiv Memberen\nPassiv Memberen\nExterner\n\nD’Plaze sinn op 90 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \nMir freeën eis riseg iech all rëm kënnen op d’SPL ze invitéieren an hoffen der vill vun iech kennen do ze hunn! \nFir den Comité\,  \nSarah Hoffmann (sarah.hoffmann@lsz.lu) \nSacha Thill (sacha@lsz.lu) \n 
URL:https://lsz.lu/event/spl-2022-2/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220521T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220522T020000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20220320T105824Z
LAST-MODIFIED:20220425T100816Z
UID:16910-1653156000-1653184800@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2022 Alumni
DESCRIPTION:Leif Alumnis vum LSZ\, \nFir de Kontakt tëscht den LSZler\, an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen\, invitéieren mir Iech ganz häerzlech den 21. Mai op eis traditionell SPL.  \nD’Konzept vun der SPL sollt deenen meeschten nach bekannt sinn: En 3 – Gäng – Menü an enger schicker Ambiance mat\, aus Lëtzebuerg importéiertem\, Wäin a Cremant fir den ETH Professeren ze gedenken déi eis Lëtzebuerger Studenten wärend dem 2. Weltkrich bäi sech opgeholl hunn.  \nDëst ass mat een vun eisen gréissten Eventer am Joer an et géif eis immens freeën eng Rei Alumnis vum LSZ do begréissen ze kennen. Net nëmmen ass dëst fir eis eng flott Méiglechkeet vun Erfarungen aus der Beruffswelt ze heieren an vun ärer Uniszäit gezielt ze kréien\, mais et ass sécher och fir Iech eng super Alternativ dem LSZ nees mei no ze kommen an gezielt ze kréien\, wat sech alles säit ärer Uniszäit verännert huet.  \nD’SPL fënnt dëst Joer den 21. Mai am Zunfthaus zur Meisen (https://www.zunfthaus-zur-meisen.ch) statt. Dei genau Address ass Münsterhof 20\, CH-8001 Zürich. Mir géifen um 18:00 mam Apero starten. Wei gewinnt gelt op der SPL d’Tenue correcte. Dir hutt den Choix tëscht 2 Menüen (Fleesch an vegetaresch)\, mei Informatiounen dozou kommen no der Umeldung. D’Participatioun beleet sech op 150€.  \nFalls dir interesséiert sidd un der SPL deelzehuelen\, géifen mir Iech bieden Iech ab muer\, 25. Mäerz ab 12:00\, hei unzemellen: Please select a valid form \nD’Platzen (vir d’Alumnien) sinn op 40 Persounen limitéiert\, dir kennt Iech bis den 8. Abrëll umellen. \nBäi Froen kennt dir Iech gären bei eis mellen.  \nMir freeën eis Iech rem op d’SPL kënnen ze invitéieren\, an hoffen der vill vun Iech kënnen do ze gesinn.   \nVir de Comité vum LSZ \nSacha Thill (sacha@lsz.lu) & Sarah Hoffmann (sarah.hoffmann@lsz.lu) \n 
URL:https://lsz.lu/event/spl-2022/
LOCATION:Zunfthaus zur Meisen\, Münsterhof 20\, Zurich\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220920T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220920T180000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20220902T091112Z
LAST-MODIFIED:20220902T093114Z
UID:17447-1663696800-1663696800@lsz.lu
SUMMARY:First Contact
DESCRIPTION:Leiwe Bleu\, \nHärzlech wellkomm an denger Studentenstadt Zürich ! \nFir dass du dem LSZ seng Memberen an mir dech kennen kennenleieren\, lueden mir dech op eisen First Contact an der Alumni Lounge um Campus Hönggerberg an. Fir dass mir ongefeier wessen zu weivill mir wärten sinn\, bieden mir dech desen Formular auszefellen. \nMir freen eis op dech ! \nDe Comité \nPlease select a valid form\n  \n 
URL:https://lsz.lu/event/first-contact/
LOCATION:Alumni Quattro Lounge\, Stefano-Franscini-Platz 5\, Zürich\, 8093\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20220924
DTEND;VALUE=DATE:20220926
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20220830T092438Z
LAST-MODIFIED:20220830T133025Z
UID:17423-1663977600-1664150399@lsz.lu
SUMMARY:Wanderweekend 2022
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nNo all de verpasste Wanderweekender an de leschten 2 Jore wou eis de Corona en Stréch duerch Rechnung gemaach huet\, kënne mir mat beschter Laun annoncéieren\, dass et de Weekend vum 24ten a 25ten rëm op de Bierg geet! \nEt start fir eis héich motivéiert Wanderer samschdes de 24ten em 8:00 vun Zürech aus bis op Göschenen. Vun do aus man mir eis steil de Bierg rop bis op Salbithütte. Fir déi déi dann nach net genuch midd sinn\, kann et nach weider bis op Salbit Hängebrücke goen. Opgepasst awer\, dir sollt dofir onbedéngt schwindelfräi sinn! Dëst ass en Ufanksabschnitt vun engem laange Klettersteig\, bei deem ee fir eise kuerzen Deel awer  net onbedéngt en Klettersteigset braucht. Aus dem Grond biede mir iech an der Umeldung unzekräizen wéi dir iech selwer aschätzt!  \nDen nächsten Dag ënnerhuele mir en traditionellen Wandertour bis op en klenge Gipfel\, an optional virdrun bei en klenge Séi\, bzw. éischter en méi groussen Waasserpull😂. Den Tour kann a verschiddene Variatiounen gemaach ginn:  \n\n7.6 km mat 630hm an \n9.5km mat 840hm\n\nWann mer all rëm zréck an der Hütte sinn\, gëtt et och rëm Zäit fir sech op den Heemwee ze maachen dh zréck erof op de Parking zu Göschenen an ab op Zürech. \nWéi schonn erwäänt geet eis Rees bis bei d’Salbithütte. Bei der Hütt handelt et sech em eng ganz traditionell Hütt soudass si kee fléissend waarmt Waasser hunn! Schlofen wäerte mir an engem Matrazenlager (héchstwarscheinlech mat aneren Leit). Heifir brauch all Mënsch ee Schlofsak!!  \nDe Präis beleeft sech ob ongeféier 55- 60€ op de Kapp\, d’Iessen Samschden Owes souwéi Sonndes Moies ass doranner abegraff. Et si begrenzt platzen dofir mat iech bäi! Umeldungen ginn den 1ten September em 12:00 op a bleiwen dëst bis de 12ten September\, an verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB. \nMir freeën eis op top motivéiert LSZler\, \nDe Comité \n			\n				\n					\n					\n					\n				\n				Optioun 1\n					\n					\n					\n				\n				Optioun 2\n					\n					\n					\n				\n				Salbithängebrücke\n				\n				\n				\n				\n				Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/wanderweekend-2022/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20221019T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20221019T170000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20221019T205305Z
LAST-MODIFIED:20221019T205305Z
UID:17950-1666166400-1666198800@lsz.lu
SUMMARY:Studentenfoire 22
DESCRIPTION:Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/studentenfoire-22/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20221118T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20221120T040000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20221022T152009Z
LAST-MODIFIED:20221022T152009Z
UID:17970-1668794400-1668916800@lsz.lu
SUMMARY:Intercercle 2022 – Extern
DESCRIPTION:Den 18.11 an 19.11 fënnt wéi all Joer eisen traditionelle Clear-The-Bottles Intercercle zu Zürich statt. \nZesumme mat iech stelle mer eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn.\nWëlls du dobäi sinn? Dann hues du ab dem 26. Oktober 19:00 d’Méiglechkeet dech fir den Intercercle mat folgenden Events unzemellen: \n\nFreides 18.11 Owes em 18:00 Auer: Invitéiert den LSZ op eng gutt Kéis-Fondue mat engem Patt.\nSamschdes 19.11 Mëttes em 13:30: Gett dann een Rallye duecht Stad Zürech organiséiert\, mat Genuch Stëmmung an flësseger Motivatioun duerch eis wonnerschéi Stad.\nSamschdes 19.11: Owes em 20:00 ass de legendäre Clear-The-Bottles. Open Bar am Lochness mat allem wat d’Häerz begiert bis 4:00\n\nMir freeën eis schon vill bekannten an och nei Gesiichter ze gesinn.\nDen LSZ Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/intercercle-2022-extern/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20221118T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20221120T040000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20221022T152221Z
LAST-MODIFIED:20221022T152235Z
UID:17972-1668794400-1668916800@lsz.lu
SUMMARY:Intercercle 2022 – Intern
DESCRIPTION:Den 18.11 an 19.11 fënnt wéi all Joer eisen traditionelle Clear-The-Bottles Intercercle zu Zürich statt. \nZesumme mat iech stelle mer eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn.\nWëlls du dobäi sinn? Dann hues du ab dem 24. Oktober 18:00 d’Méiglechkeet dech fir den Intercercle mat folgenden Events unzemellen: \n\nFreides 18.11 Owes em 18:00 Auer: Invitéiert den LSZ op eng gutt Kéis-Fondue mat engem Patt.\nSamschdes 19.11 Mëttes em 13:30: Gett dann een Rallye duecht Stad Zürech organiséiert\, mat Genuch Stëmmung an flësseger Motivatioun duerch eis wonnerschéi Stad.\nSamschdes 19.11: Owes em 20:00 ass de legendäre Clear-The-Bottles. Open Bar am Lochness mat allem wat d’Häerz begiert bis 4:00\n\nMir freeën eis schon vill bekannten an och nei Gesiichter ze gesinn.\nDen LSZ Comité \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/intercercle-2022-intern/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20221209T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20221209T220000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20221129T192802Z
LAST-MODIFIED:20221202T092530Z
UID:18213-1670608800-1670623200@lsz.lu
SUMMARY:Kleeschen / Schlittschong 2022
DESCRIPTION:Leif LSZler\, och dëst Joer krute mir nees een Message\, deen mir Iech weiderleeden wollten: \nHo ho ho\, \nWei ech vun mengem Renndéieren geflüstert krut\, hutt dir Iech all méi oder manner dëst Joer geschéckt\, soudass ech d’Glühwäinsaison mat guddem Gewëssen eröffnen kann. Ech invitéieren Iech also alleguerten häerzlech den 9. Dezember um 18:00 Auer op der Schlittschongpiste um Dolder wou mir zesummen eisen éischten Glühwäin vum Joer drénken\, éier mer dann op den Chrëschtmaart gin. \nDe Schmutzli an ech freeën eis schon iech all nees rëm ze gesinn an fir dass mir och wëssen weivill Rutten apaken\, mellt iech w.e.g hei un: \n			\n			\n				\n				\n				\n				\n			\n				\n				\n			\n				\n				\n				\n				\n				\n				\n				\n				\n				\n				\n				\n				\n				\n				\n				\n				\n				\n				Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/kleeschen-schlittschong-2022/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20221227
DTEND;VALUE=DATE:20221228
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20221205T085826Z
LAST-MODIFIED:20221205T085826Z
UID:18521-1672099200-1672185599@lsz.lu
SUMMARY:Volleyball Tournoi de Noel
DESCRIPTION:Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/volleyball-tournoi-de-noel/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230224T073000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230226T190000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230109T142229Z
LAST-MODIFIED:20230109T142229Z
UID:18905-1677223800-1677438000@lsz.lu
SUMMARY:Skiweekend 23
DESCRIPTION:Léif LSZler\,  \nD’Prüfungen stinn nach virun eis\, dofir get et heicht Zait eis Motivatioun un ze kuerbelen! An wéi geet daat besser wei mat engem Skiweekend? Et get also lues a lues Zait den Wachs op den Skier ze préparéieren\, well vum 24. bis den 26. geet den LSZ nees op Andermatt fir d’Pisten onsecher zemaachen. Mëll dech dofir séier un well d’Plaatzen sinn limitéiert! \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/skiweekend-23/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230318T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230318T170000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230306T182750Z
LAST-MODIFIED:20230307T101352Z
UID:19004-1679126400-1679158800@lsz.lu
SUMMARY:Swisscup 2023
DESCRIPTION:Hallo léif Sportler\, \n  \nEch sinn et rëm;) Des kéier mëllen ech mech bei iech fir den Siwsscup fir ze stellen. Dëst Joer ginn mir den Samschden 18.ten Mäerz op Fribourg. Dohannen wäerten mir dann géint den Friblëtz sou wei Lausanne am Basket\, Fussball an Volleyball spillen. Mir hunn hei zwou Coupen ze verdeedegen souwéi 1 Coup zréck ze gewannen. Lëscht Joer sinn mir nämlech Meeschter am Basket sou wéi am Fussball ginn:) \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/swisscup-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230428T060000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230430T230000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230318T192010Z
LAST-MODIFIED:20230426T171616Z
UID:19295-1682661600-1682895600@lsz.lu
SUMMARY:Genua 2023
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nGeschwenn ass et nees esou wäit\, d’Clubrees 2023 steht virun der Dier. Eis Rees féiert eis dest Joer nees an Italien\, an zwar an d’Hafenstaadt Genua\, d’Haaptstaadt vun der Regioun Legurien\, un der nördlecher Westküst vun eisen Noperen.  \nMir wäerten Freidegmoies\, den 28. Abrell mam Bus vum Hönggerberg aus fortfueren an kuerz no der Mettesstonn zu Genua ukommen. Zereck fueren mir den Sonndegowend\, den 30. Abrell. \nFir en flotten Programm ass natielech och gesuergt. Freides am Nomette gin mir zesummen d’Staadt an den aalen Hafen entdecken. Samstes kennen mir bis an d’Regioun Cinque-Terre an der Géigend vun Genua fueren\, fir déi wonnerschéin Vuen op d’Dierfer vun Cinque-Terre\, d’Wanderweer vun der Regioun an natierlech d’Plagen ze genéissen. Uschléissend gin mir zu Genua nach all zesummen iessen. Fir en gudden Ofschloss vun der Clubrees\, gin mir Sonndegmoies zesummen den berühmten Salzwaasser Aquarium vun Genua kucken. Duerno fueren mir am spéiden Nometten nees zereck op Zürech. Fir genug Fräizäit ass natielech och gesuergt. \nD’Participatioun läit dëst Joer bei 100€\, do sinn den Transport\, den Hostel\, een Nuechtiessen an déi kleng Aktivitéiten déi mir all zesumme maachen\, mat abegraff. \nDir kennt iech vum Méinden\, den 20.3. em 18h00 bis den Donneschten\, 24.3. em 18h00 op eiser Website ennert desem Link () umellen. D’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB (https://lsz.lu/wp-content/uploads/2021/01/APB.pdf).  \nD’Plaze sinn op 35 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \nWann d’Umeldungsphas eriwwer ass\, kritt dir Bescheed gesot\, op dir eng Platz kritt hutt. Zu deem Zäitpunkt kritt dir och d’Detailer fir d’Participatioun ze bezuelen. \nBei Froen kennt dir iech gär bei de Responsabelen vun der Clubrees mellen: Cedric Mulders (cedric@lsz.lu) an Kéo Oran (keo@lsz.lu).  \nMir freen eis op eng flott Rees mam LSZ\, \nÄeren Comité \nP.S. Wéi dir fläicht schon matkritt hat\, war eisen ursprünglechen Plang fir op Zagreb an Kroatien ze fueren. Allerdengs sin d’Zich op Zagreb zweschen Abrell an Mee ausgefall\, dowéinst ass aus desem Plang leider näischt gin. Bleiwt awer gespant fir d’Clubrees 2024 😉 \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/genua-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230506T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230506T170000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230302T174422Z
LAST-MODIFIED:20230302T174422Z
UID:18978-1683360000-1683392400@lsz.lu
SUMMARY:Sola 2023
DESCRIPTION:Léif Leefer an Leeferinnen\, \nD’Summersemester huet nees ugefaangen an dat bedeit\, dass d’Sola ëmmer méi no réckelt. Bei der Sola handelt et sech em een Staffellaf iwwert 114\,77 km\, opgedeelt an 14. Etappen duerch ganz Zürech. Am ganze lafen 1000 Equipe mat\, wat dann 14000 Leefer sinn. Sidd also bei engem eenzegaartegen an onvergiesslechen Event mat dobäi. Dofir maach är Schong prett\, laaft iech waarm an sidd prett fir d’Sola\, déi den 6. Mäi wäert statt fannen. Den genauen Plang vun den Strecken fann dir hei. \nD’lescht Joer haten mir een risegen Erfolleg\, deen mir des Joer weider toppen wëllen. Vue dass lescht Joer eng grouss Nofro do war\, hunn mir decidéiert\, dëst Joer zwou Equippen un ze mellen. Bei der Enger handelt et sech em eng kompetitiv Equipe wou bäi déi aner Equipe fir den Spaass mat leeft. Dir kënnt iech bis den 29. Abrëll umellen. \nLG\, \nären Comité \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/sola-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230508T193000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230508T233000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230505T072746Z
LAST-MODIFIED:20230505T074828Z
UID:19407-1683574200-1683588600@lsz.lu
SUMMARY:3-Schichten Iessen
DESCRIPTION:Léiwen LSZ’ler\, \nwei schon ugekennegt fennt en Donnesdchen 11. Mee um 19:30 am Restaurant “Spaghetti Pomodoro” (Adresse: Hardstrasse 324\, 8005 Zürich) d’3-Schichten Iessen vum Zürcherbal 2022 statt. Fir dass mir wessen mat weivill Leit mir kenne rechnen bieden mer dech\, dech bis en Meinden den Owend (8.5.23 18:00) unzemellen\, wous du och direkt den Menu muss uginn deen dir gefällt.  \nMir hoffen dech en Donnesden ze gesinn\, \n\nSarah Hoffmann \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/3-schichten-iessen-4/
LOCATION:Restuarant Spaghetti Pomodoro
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230513T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230514T030000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230402T194909Z
LAST-MODIFIED:20230403T130350Z
UID:19333-1684000800-1684033200@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2023 Alumni
DESCRIPTION:Leif Alumnis vum LSZ\, \nFir de Kontakt tëscht den LSZler an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen\, invitéieren mir Iech ganz häerzlech den 13. Mai op eis traditionell SPL.  \nD’Konzept vun der SPL sollt deenen meeschten nach bekannt sinn: En 3 – Gäng – Menü an enger schicker Ambiance mat\, aus Lëtzebuerg importéiertem\, Wäin a Cremant fir den ETH Professeren ze gedenken déi eis Lëtzebuerger Studenten wärend dem 2. Weltkrich bäi sech opgeholl hunn.  \nDëst ass mat een vun eisen gréissten Eventer am Joer an et géif eis immens freeën eng Rei Alumnis vum LSZ do begréissen ze kënnen. Net nëmmen ass dëst fir eis eng flott Méiglechkeet vun Erfarungen aus der Beruffswelt ze héieren an vun ärer Uniszäit gezielt ze kréien\, mais et ass sécher och fir Iech eng super Alternativ dem LSZ nees méi no ze kommen an gezielt ze kréien\, wat sech alles säit ärer Uniszäit verännert huet.  \nD’SPL fënnt dëst Joer am Haus zum Rüden (https://www.haus-zum-rueden.ch/) statt. Déi genau Adress ass Limmatquai 42\, CH-8001 Zürich. Mir géifen um 18:00 mam Apéro starten. Wei gewinnt gëllt op der SPL d’Tenue correcte. Dir hutt den Choix tëscht 2 Menüen (Fleesch an vegetaresch)\, mei Informatiounen dozou kommen no der Umeldung. D’Participatioun beleet sech op 130€.  \nFalls Dir interesséiert sidd un der SPL deelzehuelen\, géifen mir Iech bieden Iech ab dem 5. Abrëll ab 12:00 hei unzemellen:  \nPlease select a valid form\nD’Platzen (fir d’Alumnien) sinn op 25 Persounen limitéiert\, Dir kënnt Iech bis den 9. Abrëll umellen.  \nBäi Froen kënnt Dir Iech gären bei eis mellen.  \nMir freeën eis Iech rëm op d’SPL kennen ze invitéieren\, an hoffen der vill vun Iech kënnen do ze gesinn.   \nFir de Comité vum LSZ\, \nCédric Delhez (cedric.delhez@lsz.lu) & Till Winzen (till.winzen@lsz.lu) 
URL:https://lsz.lu/event/spl-2023-alumni/
LOCATION:Haus zum Rüden\, Limmatquai 42\, Zürich\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230513T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230514T030000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230411T084018Z
LAST-MODIFIED:20230411T110022Z
UID:19356-1684000800-1684033200@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2023
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nMir hunn déi grouss Freed iech den 13. Mee an d’ Haus zum Rüden (https://www.haus-zum-rueden.ch) op d’SPL ze invitéieren. Bei deser SPL weart et nees de Fall sinn\, dass och Alumnien\, also LSZ’ler\, déi virun mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn\, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbréngen wäerten. \nDir hutt den Choix tëscht engem Fleesch – an Vegimenü. Sot eis w.e.g. bei Allergien mat Zäiten Bescheed. \nStart ass um 18:00 mam Apero\, den jenodems wéi d’ Wieder as\, op de wonnerschéiner Terrasse direkt un de Limmat stattfennt. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 70 Euro. Iwwerweist déi w.e.g. réicht nodeems der vun eis d’Confirmatioun dozou krut. \nDir kënnt och rëm äre Wonschsetzpartner uginn. Schwätzt iech do w.e.g. virdrunner mateneen of. Traditionell ass den Dresscode Owestenue\, dat heescht Costume oder Kleed. \nDenkt och w.e.g. drun\, dass mir nach Wäin hunn\, deen op Zürech muss transportéiert ginn. Mellt Iech dowéinst w.e.g beim Till Winzen\, wann dir vun Lëtzebuerg op Zürech fuert fir e puer Këschten matzebréngen. \nDir kennt iech ab Donneschten\, den 13.4. (18h00) bis den 20.04 (18h00) hei drënner umellen: \nPlease select a valid form\n  \nD’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB. \nD’Plaze sinn op 80 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \nMir freeën eis riseg iech all rëm kënnen op d’SPL ze invitéieren an hoffen der vill vun iech kennen do ze hunn! \nFir den Comité\, \nTill Winzen (till.winzen@lsz.lu) \nCédric Delhez (cedric.delhez@lsz.lu)
URL:https://lsz.lu/event/spl-2023/
LOCATION:Haus zum Rüden\, Limmatquai 42\, Zürich\, Switzerland
CATEGORIES:SPL
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230527T140000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230527T190000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230516T154326Z
LAST-MODIFIED:20230516T155509Z
UID:19418-1685196000-1685214000@lsz.lu
SUMMARY:Uetliberg Stammdësch
DESCRIPTION:Léif LSZler\,\nGläich ass et endlech sou wäit\, e Samschden\, de 27. Mee gi mir op eisen leschten Stammdësch vun dësem Semester.\nFir déi\, déi sech iwwert de Forms och fir de Stammdësch Uetliberg ugemellt hunn\, starte mir em 14:00 Auer bei der Tramsstatioun Triemli fir erop dofir sidd bitte pünktlech. Et wäert provisoresch bis 19:00 Auer goen.\nEm alles wat d’Häerz begiert këmmere mir eis. Dir kritt awer och nach eppes um Triemli mat\, dass dir eis ënnerwee net dehydratéiert\, also denkt villäicht un en Rucksak.\nBei iergendwelleche Problemer schreift entweder dem Philippe ënnert +352 621152900 oder dem Louise +352 621708638.\nMir freeën eis\,\nLouise\, Marwane a Philippe \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/uetliberg-stammdesch/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230601T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230601T180000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230525T152718Z
LAST-MODIFIED:20230525T154613Z
UID:20003-1685642400-1685642400@lsz.lu
SUMMARY:Beerpong Tournoi 2023 - intern
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nD’Enn vum Semester kënnt ëmmer méi no\, an domadder gëtt et och erëm Zäit\, fir eisen alljärlechen Beerpongtournoi. Mir mussen d’Coupe vum Friblëtz erëm zréckgewannen an erëm en LSZler Team als Champion hunn. An aneren Wieder huelt iech ären Beerpong Partner an kommt\, den 1. Juni um 18 Auer bei d’Holderbachhütte um Hönggerberg\, fir em den Titel  “Beerpongchampions vum Joer 2023” ze kämpfen. Natierlech wäerten erëm eis léif Frënn vum Friblëtz an der Aell kommen\, fir eis Konkurrenz ze maachen. \nMellt iech sou séier wéi méiglech un (den Forms\, hei drenner\, geet en Freiden den 26.05.2023 um 16:00 op an dir hudd Zeit bis den Meinden den 29.05.2023 um 23:59)\, well mir hunn eng Begrenzung vun 32 Teams. Denkt och drun\, dass nëmmen een vum Team den Forms ausfëllen soll.  \nMir grillen dëst Joer erëm an fir Gedrénks ass natierlech och gesuergt.  \nDenkt un den Insektespray et wäerten vill Moustiquen do sinn. \nMir freeën eis op iech\, \nÄre Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/beerpong-tournoi-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230601T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230601T180000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230525T153424Z
LAST-MODIFIED:20230525T154705Z
UID:20008-1685642400-1685642400@lsz.lu
SUMMARY:Beerpong Tournoi 2023 - extern
DESCRIPTION:Leif Frënn vum LSZ\, \nMir invitéieren iech heimat offiziell\, op eisen Beerpongtournoi den 1. Juni bei der Holderbachhütte um Hönggerberg. Do kennt dir erëm géint den LSZ untrieden an mat bëssen Chance den Titel vun “Beerpongchampions vum Joer 2023” huelen. \nMellt iech sou séier wéi méiglech un (den Forms\, hei drenner\, geet en Freiden den 26.05.2023 um 16:00 op an dir hudd Zeit bis den Meinden den 29.05.2023 um 23:59)\, well mir hunn eng Begrenzung vun 32 Teams. Denkt och drun\, dass nëmmen een vum Team den Forms ausfëllen soll.  \nNatierlech hunn mir erëm Gegrilltes an Gedrénks\, dermadder mir op d’Enn vum Semester kennen ustoussen. \nDenkt un den Insektespray et wäerten vill Moustiquen do sinn. \nMir freeën eis iech zu Zürech ze gesinn\, \nden LSZ \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/beerpong-tournoi-2023-extern/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230613T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230613T170000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230613T084554Z
LAST-MODIFIED:20230613T084957Z
UID:20103-1686643200-1686675600@lsz.lu
SUMMARY:De Studentebal 2023
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \n  \nDen 14. Juli fennt nees den Studentebal vun der ACEL statt\, an och dest Joer ass den LSZ nees mam schwäizer Comptoir vertrueden. Wéi all Joer gin et nees déi verschidden Special Drinks vun den Letzebuerger Cerclen aus Europa\, an des Kéier sin mir mat eisem Gletscher dabei. Den Bal ass den 14. Juli beim Parking Bouillon an der Staad ab 20h00. Méi Infos fannt der op der offizieller Website (https://acel.lu/studentebal/).  \n  \nDir kennt och gär äer Kollegen op den Bal invitéieren. D’Tickets kaschten am Virverkaaf 10€ an dir kennt se an desem Forms (https://forms.gle/kHxvWnkPmNbMQxCg7) bestellen. Macht also gär Reklamm! \n  \nMir sin dest Joer och op äer Hellef ugewissen. An zwar brauchen mir motivéiert Leit déi beim Op- an Ofriichten hellefen an um Owend selwer bei eisem Comptoire zervéieren. Jidfereen den eng Hand mat upaakt kritt och eng gratis Entrée fir den Bal selwer! Wann dir eis also bessi ennert d’Äerm gräifen an eng gratis Entrée kréien wellt\, dann mellt iech bei desem Forms un!\n\nBis um Studentebal\, \n  \nÄeren Comité! \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/de-studentebal-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20230701
DTEND;VALUE=DATE:20230702
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230516T152316Z
LAST-MODIFIED:20230516T152316Z
UID:19462-1688169600-1688255999@lsz.lu
SUMMARY:Alus Summercup 2023
DESCRIPTION:Hei kennt dir ierch fier den Summercup vun der Alus umellen. Den Summercup fennt den 1ten Juli zu Hueschtert statt. D’ Alus organiseiert een Fussball Tournoi\, wou d’ Letzebuerger Cerclen kennen geint eneen spillen. Wann mir genuch Leit zesummen kreien\, 5 Spiller + 1 Goalkeep\, dann mellen mer och eng equipe un. Falls du also loscht hues een flotten daat mat Fussball\, Musék\, Gegrills an Bierpong ze verbrengen\, dann mell dech un. \n  \n  \nPlease select a valid form\n 
URL:https://lsz.lu/event/alus-summercup-2023/
LOCATION:Hueschtert\, Luxembourg
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230727T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230727T230000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230720T182945Z
LAST-MODIFIED:20230720T182945Z
UID:20121-1690480800-1690498800@lsz.lu
SUMMARY:Grillen an chillen - 2023
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nDir kënnt bestëmmt eng kleng Paus vun deem Ganzen Geléiers verdroen. Dofir wënschen mir Iech alleguer häerzlech wëllkomm den 27. Juni um 18:00 op der Chinawiese ze chillen.  \nD’Ustrengung vum Leieren\, heelen mer deen Owend mat Béieren. Fir Gedrénks an Gegrills ass gesuergt also musst dir ausser enger Gudder Stëmmung näischt matbréngen. \nKennt dir w.e.g. ukräizen op dir och eppes fir ze Grillen wëllt an op Wurscht oder Vegetaresch. Merci \nMir freeën eis Iech nach eng Kéier virum Endsprint ze gesinn 🙂 \nÄren Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/grillen-an-chillen-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20230919T183000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20230919T220000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230911T123919Z
LAST-MODIFIED:20230911T123919Z
UID:20136-1695148200-1695160800@lsz.lu
SUMMARY:First Contact 2023
DESCRIPTION:Den LSZ invitéiert Iech häerzlech opeise First Contakt wou mir Iech kenneleiere kennen\, an en flotten Owend verbréngen. \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/first-contact-2023/
LOCATION:Alumni Quattro Lounge\, Stefano-Franscini-Platz 5\, Zürich\, 8093\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20230930
DTEND;VALUE=DATE:20231002
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20230913T164357Z
LAST-MODIFIED:20230913T164357Z
UID:20142-1696032000-1696204799@lsz.lu
SUMMARY:Wanderweekend 2023
DESCRIPTION:Du muss dech alogge fir de Forms auszefëllen
URL:https://lsz.lu/event/wanderweekend-2023/
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231021T220000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231021T233000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20231021T131007Z
LAST-MODIFIED:20231021T131114Z
UID:20403-1697925600-1697931000@lsz.lu
SUMMARY:AG Hierscht 2023
DESCRIPTION:Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/ag-hierscht-2023/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231117T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231119T170000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20231022T124733Z
LAST-MODIFIED:20231027T191454Z
UID:20408-1700208000-1700413200@lsz.lu
SUMMARY:Intercercle 2023 – Intern
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \n  \nVum 17.-19. November fënnt eisen legendären Intercercle den Clear the Bottles statt. Hei fannt dir d’ Veranstaltung wou dir är Kolleegen kënnt alueden an wou alleguerten d’Informatiounen fir déi Extern drastinn. \nDen Programm gesäit folgendermoossen aus: \n\nFreides den 17.11 um 18:30: Den LSZ invitéiert op eng gutt Kéis-Fondue am GZ Affoltern mat Wäin\, Béier an Softs à volonté.\n\n\nSamschdes den 18.11:\n\n\nAb 13:00: Ee Rallye duerch eis wonnerschéi Stad\, mat gudder Stëmmung a genuch flësseger Motivatioun.\nAb 21:00: Den legendäre Clear-the-Bottles. Open Bar an der “Wunderbox”  an der Langstrasse bis spéit an d’Nuecht mat allem wat d’Häerz begeeschtert.\n\nD’Matmaachen um Rallye ass net obligatoresch. Um Rallye wäerten d’Gruppe gemëscht ginn. Jidderee kann awer bei der Umeldung eng Referenzpersoun uginn\, mat deem en an eng Grupp kënnt. \nD’Participatioun fir LSZ’ler stellt sech folgendermoossen zesummen:  \n\nFreides (Fondue): 20€\nSamsdes (Rallye an CTB): 10€\n\n\nAn der Wunderbox ass eis Kapazitéit op 250 Leit begrenzt (LSZ’ler+Extern). Jidderee muss sech umelle fir um CTB kënnen deelzehuelen. Dofir musst dir eng gülteg Memberskaart https://lsz.lu/event/ag-hierscht-2023/ hun. D’Umeldunge lafen no den Allgemenge Participatiouns Bedingungen (APB) vum LSZ of. D’Umeldungsperiod fir d’LSZler start den Freiden den 27. Oktober um 18:00 an geet bis sonndes den 29. Oktober um 18:00 ënnert folgendem Link https://lsz.lu/event/intercercle-2023-intern/. Wann dir iech innerhalb vun dëser Period umellt\, hutt dir eng garantéiert Platz. Falls dir iech no dëser Umeldungsperiod wëllt umellen\, musst dir iech iwwer den Externe Forms umellen a mir kënnen iech keng Platz garantéieren. Dir hutt no der Umeldung eng Woch Zäit fir d’Participatioun an är Memberskaart (falls dir se net op der AG kaf hutt) ze bezuelen\, soss verléiert dir är Plaz. Dëst per Iwwerweisung op eise Konto (IBAN: LU34 0019 2955 4503 3000) oder per Payconiq (+41 79 767 63 25) mam Vermierk: “Intercercle CTB 2023 – Virnumm Nonumm”.  \nMir bidde fir déi extern Gäscht Schlofplazen un. Och hei si mir op är Hëllef ugewisen. Wann dir eng Platz kënnt zu Verfügung stellen\, gitt dëst w.e.g bei der Umeldung un\, et muss och keng Platz an engem Bett sinn\, eng Loftmatrass mécht d’Saach och 😉\n\nNach eng Kéier zesummegefaasst wat fir iech anescht ass wei fir déi extern Gäscht. \n\nd’Umeldungsperiod geet 2 Deeg éischter op an dir kritt eng garantéiert Platz wann dir iech innerhalb vun deenen 2 Deeg umellt\nd’Participatioun fir den Clear the Bottles selwer ass méi niddereg\n\nBei Froen oder Onkloerheeten kënnt dir iech bei eis mëllen. \n  \nMir freeën eis op ee flotten Weekend mat iech an ären Kolleegen\, \nDen LSZ Comité \n  \nPlease select a valid form\n 
URL:https://lsz.lu/event/intercercle-2023-intern/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231119T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231119T233000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20231102T112316Z
LAST-MODIFIED:20231105T115859Z
UID:20459-1700416800-1700436600@lsz.lu
SUMMARY:Fussballmatch Liechtenstein - Letzebuerg
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \n  \nFir déi\, déi den Weekend vum Clear the Bottles nach net genug Action haten\, fueren mir den Sonndeg\, 19. November zesummen op Vaduz\, Liechtenstein eis Rout Léiwen fir den läschten Fussball-EM Qualifikatiounsmatch ennerstetzen. Och wann d’Qualifikatioun net méi wahrscheinlech ass\, kennen mir fir gutt Stemmung am Auswäertsblock suergen\, an den Liechtensteiner weisen wie mir sinn. Mir géifen mam Bus vum Höngg géint 18h30 fortfueren\, an den Owend selwer och nees zeréckfueren\, soudass mir em kuerz no Metternuecht nees zu Zürech sinn. D’Plazen sinn aktuell op 30 begrenzt\, wann d’Demande grouss genug ass\, kennen mir awer probéieren nach méi Tickets ze kréien. D’Participatioun (Transport + Ticket) läit bei ongeféier 25€\, dat kann sech awer nach e bessen änneren. \nDir kennt iech ab dem Sonnden\, 5. November em 18h ennert desem Link (www.lsz.lu/event/fussballmatch-liechtenstein-letzebuerg/) umellen. \nD’Umeldungen verlaafen no den APB. \n  \nBis um CtB\, \n  \nÄre Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/fussballmatch-liechtenstein-letzebuerg/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20231124T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20231124T170000
DTSTAMP:20260406T191929
CREATED:20231124T135858Z
LAST-MODIFIED:20231124T135858Z
UID:20908-1700812800-1700845200@lsz.lu
SUMMARY:LSZ goes Fliplab
DESCRIPTION:Den LSZ invitéiert op e klengen Ausfluch an d’Fliplab Zürech! Et ass Zäit fir sech mol eng Kéier e bëssen ze beweegen amplaz sech nëmmen een an d’Rüstung ze réimeren. Key facts: \n– Gratis\n– 30 Plazen\n– Treffen sur place um 17h15\, keen organiséierten Trajet\n– Start ass um 17h30\, mee et gëtt sech nach waarm gemaach\n– Schluss ass um 18h30 \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/lsz-goes-fliplab/
END:VEVENT
END:VCALENDAR