BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech - ECPv5.9.1//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-WR-CALNAME:LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech
X-ORIGINAL-URL:https://lsz.lu
X-WR-CALDESC:Events for LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech
BEGIN:VTIMEZONE
TZID:Europe/Zurich
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20210328T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20211031T010000
END:STANDARD
END:VTIMEZONE
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20210305T070000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20210307T190000
DTSTAMP:20211009T011420
CREATED:20210114T183136Z
LAST-MODIFIED:20210115T092011Z
UID:14551-1614927600-1615143600@lsz.lu
SUMMARY:Wantersport Weekend
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nTraditionell geet den LSZ och dës Wantersaison nees an d’Bierger a jauft mat den hëlzene Brieder d’Pisten erof. Natierlech ass eis bewosst\, dass déi aktuell Corona-Lag net immens villverspriechend ausgesäit. Allerdéngs ass et fir ons wichteg d’Eventer sou wäit ewéi méiglech ze plangen an zu engem raisonnabelen Zäitpunkt d’Decisioun ze huelen\, op d’Aktivitéit ka stattfannen oder net. \nAus dësem Grond bleiwe mir optimistesch an hunn decidéiert d’Umeldunge fir den LSZ-Wantersportweekend opzemaachen. Am Fall wou mer missten de Weekend ofsoen\, falen natierlech keng Käschte fir den ugemellte Member un. \nMat engem neie Konzept geet et dëst Kéier op d’Lenzerheide an de Chalet Raschainas\, dee mir vir eis eleng gelount hunn. D’Skigebitt Arosa- Lenzerheide zielt mat sengen 225 Pistenkilometer zu engem vun deene gréissten aus der Schwäiz. \nLink: Gruppenferienhaus | Raschainas – Lenzerheide \nLink: https://arosalenzerheide.swiss/de/Winter/Skifahren-Snowboarden/Schneesportgebiet \nWei den Numm et scho verréit\, soll et sech dëst Joer net nëmmen em d’Skifueren dréien\, mee och déi manner skibegeeschtert ënnert iech wäerten op hier Käschte kommen\, sief et beim Schlittfueren\, Wanderen\, Schlittschongfueren oder vir einfach eng flott Zäit zesummen ze verbréngen.    \nMéiglech Aktivitéiten fannt dir ënnert folgenden Links: \nSchlittfueren: \nhttps://arosalenzerheide.swiss/de/Region/Lenzerheide/Winter/Weitere-Winteraktivitaeten/Schlitteln \nFoxtrail: \nhttps://arosalenzerheide.swiss/de/Region/Lenzerheide/Winter/Weitere-Winteraktivitaeten/Foxtrail \nSchlittschong: \nhttps://arosalenzerheide.swiss/de/Region/Lenzerheide/Winter/Weitere-Winteraktivitaeten/Eissport \nSchneeschuhwanderung: \nhttps://arosalenzerheide.swiss/de/Region/Lenzerheide/Winter/Weitere-Winteraktivitaeten/Schneeschuhlaufen \nGitt dowéinst direkt bei der Umeldung un ob dir wëllt Skifueren oder net (dëst ass wichteg wéinst der Skipassreservatioun). E Mix aus béiden ass natierlech och méiglech\, sot eis dofir awer w.e.g. am viraus Bescheed. \nDen Depart ass geplangt Freides de 05.03 um 7:00h um Campus Hönggerberg a mer wäerte Sonndes de 07.03 géint 19:00h rëm zu Zürich sinn. Genau Informatiounen zum Depart a Retour kritt dier zu engem méi spéideren Zäitpunkt. \nD’Participatioun läit dëst Joer bei ongeféier 300€ fir déi wou Skifueren\, an ongeféier 165€ fir déi wou net Skifueren. An deem Präis ass ënner anerem de Ski-\, Schneischung- oder Schlittverleih resp. d’Mëttegiessen nach net mat aberechent. \nIwwert d’Feierdeeg huet sech de Comité nei verbindlech Umelldungsconditiounen (APB) iwwerluecht. Liest iech déi w.e.g. emol gutt duerch firundeems dir iech umellt. Link: https://lsz.lu/wp-content/uploads/2021/01/APB.pdf  \nD’Platze fir de Wantersportweekend sinn op 30 Persoune limitéiert. Dir kennt iech ab dem 16.01 (18:00) bis den 16.02 (18:00) hei ënnendrënner umellen. Eréischt no där Period kritt dir vun eis Bescheed gesot ob dir definitiv kennt mat goen. Ass dëst de Fall\, bieden mer iech ab dësem Zäitpunkt är Participatioun ze bezuelen.\nSpéider Umeldunge sinn och méiglech\, eventuell musst dir dann awer domat rechnen op der Wardelescht ze landen. \nMir freeën eis op ee flotte Weekend! \nde Comité \nResponsables Wantersportweekend: \nFanny Goy (fanny@lsz.lu); Felix Engel (felix.engel@lsz.lu);  Sacha Thill (sacha@lsz.lu) \nYou do not have permission to view this form.
URL:https://lsz.lu/event/wantersport-weekend/
LOCATION:Gruppenferienhaus Raschainas\, Voa Tgantieni 2A\, Lenzerheide\, Graubünden\, 7078\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ%20Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20210317T190000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20210317T230000
DTSTAMP:20211009T011420
CREATED:20210307T113228Z
LAST-MODIFIED:20210308T205945Z
UID:14568-1616007600-1616022000@lsz.lu
SUMMARY:Fréijoers AG 2021
DESCRIPTION:D’ Assemblée Générale vum Fréijoerssemester fënnt de 17. Mäerz 2021 um 19h00 online statt. \nFir d’ AG méi attraktiv ze maachen\, kënnt dir iech bis zu 5 Léit bei engem doheem treffen an d’ AG zesumme verfollegen. De Comité bréngt iech dann Verfleegung laanscht (Gedrénks a Snacks). Et brauch sech just 1 pro Grupp unzemëllen. D’ Verfleegung kritt dir den Daag firdrun vun eis geliwwert. \nYou do not have permission to view this form.\n 
URL:https://lsz.lu/event/freijoers-ag-2021/
LOCATION:Zürich/Virtuell
CATEGORIES:Event
ORGANIZER;CN="LSZ%20Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20210424
DTEND;VALUE=DATE:20210425
DTSTAMP:20211009T011420
CREATED:20210413T121723Z
LAST-MODIFIED:20210421T095945Z
UID:15022-1619222400-1619308799@lsz.lu
SUMMARY:Rallye
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nDe 24.04 organiséiert de Comité en Rallye duerch Züri. Op dësem Tour kennt dir äert Kennen unhand vu Spiller ënner Beweis stellen\, souwéi dir och unhand vu klengen Challengen um Wee Punkte sammele kennt. Wann dir virun allem an dësen Zäiten eng Ofwiesslung zum Alldag wëllt hunn\, ass dëst sécherlech eng top Méiglechkeet. Dir kennt iech an engem Team vun bis zu 4 Persounen bis den 22.04 hei drënner umellen: \nYou do not have permission to view this form.\n  \nWeider Informatiounen kommen no äerer Umeldung no. \nWICHTEG – Infos zur  Sportchallenge:\nVir all Team wat och un der Sportchallenge deelhëlt: De Rallye ass des Woch d’Explore Challenge\, mais och dir musst iech als Team nachengkeier uewen umellen. Pro Teammember wou um Rallye deelhëlt ginn et 10 Punkten\, déi jiddereen fix kritt. Dann kennt dir um Wee selwer nach unhand vu Spiller a klengen Challengen Punkte vir eart Team gewannen. Daat Team waat um Rallye am Ganzen am meeschte Punkte sammelt kritt 40 supplementär Punkten. Et ass soumat och eng weider super Méiglechkeet säin Team direkt no den éischten 2 Wochen bis op de Podium ze puchen. \nSelbstverständlech kennen/sollen sech och Teams umellen déi net bei der Sportchallenge matmaachen. Falls dir als Team sollt gewannen\, waart op iech e klenge Präis. \nMir hoffen der vill vun iech säit laangem erëmzegesinn. \nBis dann\, \nde Comité 
URL:https://lsz.lu/event/rallye/
ORGANIZER;CN="LSZ%20Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20210603T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20210603T233000
DTSTAMP:20211009T011420
CREATED:20210523T212646Z
LAST-MODIFIED:20210601T125928Z
UID:15564-1622743200-1622763000@lsz.lu
SUMMARY:Beerpong an Semesterofschloss
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nlues a lues gëtt et Zäit déi nei Beerpongchampions vir d’Joer 2021 ze kréinen an vir em dësen Titel ze kämpfen soll natierlech keen vun iech feelen!🏆 \nDowéinst sidd dir all agelueden Donneschdes den 3. Juni um Beerpongsturneier op der grousser Grillplatz Vitaparcours Zürich Käferberg (via Google Maps fannt dir d’Grillplatz zimmlech einfach) deelzehuelen. Umellen kennt dir iech bis en Desnchden Owend (01.06) hei: \nYou do not have permission to view this form.\nVu dass den 3. Juni den zweetleschten Dag vum Semester ass\, ass dëst eng super Geleeënheet d’Semesterenn zesummen ze verbrengen. Mir wäerten soumat net nemmen nei Beerpongchamps kréinen mais och zesummen op dat vergaangent Semester ustoussen an dat net nëmmen bei guddem Gegrills a fäinem Béier🍺\, mais och mat top Wäin🍷\, a gäilen Cocktail(s)🍹\, well ween kann schon engem gudden Züri Long Island widerstoen🤤 Et lount sech definitiv laanscht ze kommen! \nMéi Informatiounen kommen nach no!  \nBis dann\, \nde Comité
URL:https://lsz.lu/event/beerpong-an-semesterofschloss/
ORGANIZER;CN="LSZ%20Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20210711T200000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20210711T233000
DTSTAMP:20211009T011420
CREATED:20210626T130535Z
LAST-MODIFIED:20210626T130535Z
UID:15746-1626033600-1626046200@lsz.lu
SUMMARY:EM- Finall Stammdesch
DESCRIPTION:D'Umeldung fir dëst Event ass eriwwer. Falls dir iech nach umellen wëllt\, dann mellt iech beim Fanny.
URL:https://lsz.lu/event/em-finall-stammdesch/
ORGANIZER;CN="LSZ%20Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
END:VCALENDAR