BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech - ECPv6.15.20//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-ORIGINAL-URL:https://lsz.lu
X-WR-CALDESC:Events for LSZ - Letzebuerger Studenten zu Zürech
REFRESH-INTERVAL;VALUE=DURATION:PT1H
X-Robots-Tag:noindex
X-PUBLISHED-TTL:PT1H
BEGIN:VTIMEZONE
TZID:Europe/Zurich
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20190331T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20191027T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20200329T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20201025T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20210328T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20211031T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20220327T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20221030T010000
END:STANDARD
BEGIN:DAYLIGHT
TZOFFSETFROM:+0100
TZOFFSETTO:+0200
TZNAME:CEST
DTSTART:20230326T010000
END:DAYLIGHT
BEGIN:STANDARD
TZOFFSETFROM:+0200
TZOFFSETTO:+0100
TZNAME:CET
DTSTART:20231029T010000
END:STANDARD
END:VTIMEZONE
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20200228T060000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20200301T200000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20200116T094815Z
LAST-MODIFIED:20200118T125455Z
UID:13579-1582869600-1583092800@lsz.lu
SUMMARY:Skiweekend
DESCRIPTION:Leif LSZ’ler\, \nNo engem Joer waarden ass et rëm sou weit\, et ass genuch Schnéi gefall a mer hunn laang genuch bei der Wantersessioun geschweesst\, et geet rëm op eent vun den Highlights vum LSZ-Joer\, nämlech de Ski-Weekend. \nDëse fënnt dëst Joer rëm zu Lech am Arlberg an Eisterreich statt\, a mer fuere Freides den 28.2 moies frei mam Bus dohin a komme Sonndes den 1.3 no 3 flotten Deeg op de Skipistë rëm zeréck op Zürech.  D’Skigebiet Arlberg gehéiert mat sengen 88 Lifter an 306 Pistenkilometer zu deene gréissten a beschte Skigebieter weltwäit. \nhttps://www.lechzuers.com/ \nMee et gëtt net nëmme Ski gefuer zu Lech mee mer wäerten och genuch Zäit um Après-Ski verbréngen ënnert anerem am berüümt berüchtegte Mooserwirt zu St. Anton. Dofir denk drun der en klengt Täschegeld mat ze brénge vir dass du och ni dresche muss zeréck an d’Jugendherberge goen. \nDen Depart ass geplangt Freides den 28.2 moies um 6h um Sihlquai beim HB a mer wäerte Sonndes den 1.3 géint 20h rëm do ukommen. Genau Informatiounen zum Depart a Retour ginn et awer nach eng Kéier an den Deeg virdrun. \nD’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 200€. Do dran inclus ass den Bus vir bis dohin an zeréck\, d’Jugendherberge vir 2 Nuechten\, d’Skipäss an de Restaurant vu Freidegowes. \nFalls du dir Material léine muss\, kanns du dat natierlech ouni Problem op der Statioun maachen\, do gëtt et vill Méiglechkeeten. Des Käschte sinn allerdéngs NET an denger Participatioun mat abegraff. \nD’Platze vir de Skiweekend sinn op 40 Persoune limitéiert. Dofir ma dech séier bei. De Comité well am Viraus schonn ënnersträichen\, dass all déi fläisseg Leit déi vill Schichten um Zürcher Bal geschafft hunn Virrang hunn an der Umeldung\, well all Asaatz vir de LSZ soll belount sinn!  Trotzdeem gëtt bei nämmlecht groussem Asaatz op den Zäitpunkt vun denger Umeldung gekuckt dofir mell dech séier un. Umelle kanns du dech ab dem 18.1 um 18:00 hei drënner: \nPlease select a valid form\n  \nD’Deadline fir d’Umeldung ass den 30. Januar um 23h59. Du kriss da vun eis dono eng Mail mat alleguerten den Informatiounen déi nach neidesch si fir ze bezuelen a wat d’Reduktioun vum Zürcher Bal ugeet. \nMir freeën eis op ee flotte Weekend! \nde Comité
URL:https://lsz.lu/event/skiweekend/
LOCATION:Lech am Arlberg\, Stubenbach 244\, Lech\, 6764\, Austria
CATEGORIES:Event,Member
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20200321
DTEND;VALUE=DATE:20200322
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20200210T160710Z
LAST-MODIFIED:20200210T173538Z
UID:13675-1584748800-1584835199@lsz.lu
SUMMARY:Swisscup 2020
DESCRIPTION:Hei kanns du dech umellen fir den Swisscup 2020 \, deen Samschdes den 21. Mäerz an der Sportshal um Campus Hönggerberg stattfënnt. \nDen Tournoi zitt sech vun Samschdegmoies géint 10 Auer bis an den spéiden Nomëtteg. Ween matmaachen wëll\, oder awer och nëmmen ufeieren kommen wëll ass häerzlech wëllkomm! Fir Béier an sportlech Leckerbëssen ass gesuergt! \nWichteg ass dass all Sportler seng gülteg(!) Studentenkaart (Legi) derbäi huet an Haaleschung matbréngt déi keng Sträifen an den Terrain maachen. \nNom sportlechen Exploit geet et dann Owes géint 19:30 an den Restaurant Commihalle (https://www.commercio.ch/de/commihalle/ ) wou et wäert Nuddelen à volonté ginn mat verschiddenen Zosen. Bei Intoleranzen schreift et einfach an d’Kommentarfeld\, do kucken mer dann eng Léisung ze fannen. Fir déi Motivéiert geet et dann dono nach op den Tour🍻 \nBei weideren Froen mell dech einfach bei dem Responsabelen vun dengem Cercle oder direkt beim Felix Engel.\n			\n				\n				\n				\n				\n				Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/swisscup-2020/
LOCATION:ASVZ Sporthalle Hönggerberg\, Robert-Gnehm-Platz 1\, Zurich\, Zurich\, 8093\, Switzerland
CATEGORIES:Event
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20200325T173000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20200325T210000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20200305T145343Z
LAST-MODIFIED:20200305T164604Z
UID:13703-1585157400-1585170000@lsz.lu
SUMMARY:Visite Paul Wurth
DESCRIPTION:Leif LSZ’ler\, \nSeit en puer Joren zielt Paul Wurth schonn zu den Sponsoren vun eisem Cercle an an dësem Kader kommen si hir Büroen op Zürech presentéieren. Mat iwwer 1700 Employéen an Actviteiten an ronn 20 Länner\, gehéiert Paul Wurth zu deenen gréissten Ingenieursbüroen zu Lëtzebuerg. Fir weider Informatiounen am Virfeld\, kanns du dech gearen bëssen duerch hiren Internetsite liesen : http://www.paulwurth.com/ \nFir des intressant Presentatioun an d’Méiglechkeet mat Representanten vun Paul Wurth ze schwätzen\, net ze verpassen\, mell dech iwwert eisen Internetsite un : \nDat ganzt fënnt statt den 25. März 2020 am ETH IFW C33 um 17h50.  \nNo der Presentatioun invitéiert den Büro vun Paul Wurth nach op eng Kéisfondue an den Hotel Glärnischhof\, an gëtt dir d’Geleeënheet weider Froen un d’Representanten vun Paul Wurth ze stellen. \nD’Platzen sinn op 36 limitéiert\, also maach dech bei. \nBei Froen kanns du dech gearen bei mir mellen : paul@lsz.lu \nPaul Elvinger \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/visite-paul-wurth/
LOCATION:ETH Zentrum\, Rämistrasse 101\, Zurich\, Zurich\, 8092\, Switzerland
CATEGORIES:Event,Member,Visite Entreprise
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20200422T190000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20200422T230000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20200311T101813Z
LAST-MODIFIED:20200311T102115Z
UID:13729-1587582000-1587596400@lsz.lu
SUMMARY:3-Schichten Iessen
DESCRIPTION:Du hues dest Joer um Zürcher Bal 3-Schichten geschafft. Fir deen Owend\, wous du hues misse schaffen\, an dei aaner sech amuseiert hun rem wett ze maachen\, feiere mir elo zesummen d’3-Schichten Iessen.\nDëst fënnt dest Joer den 22. Abrell an der Comihalle statt\, an et wärt en Pasta-Plausch ginn mat enger Boule Glace. Falls du eng bestemmten Allergie hues an wanns du doduerch keng Nuddelen kanns iessen\, so eis bescheed. Wanns du wells matkommen\, mell dech weg bis den Mettwoch\, den 08. Abrell un. Falls du net kanns matkommen\, mell dech weg of. \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/3-schichten-iessen/
LOCATION:Commihalle\, Stampfenbachstrasse 8\, Zürich\, 8001\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20200917T070000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20200920T220000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20200630T165018Z
LAST-MODIFIED:20200715T174151Z
UID:13847-1600326000-1600639200@lsz.lu
SUMMARY:Clubrees 2020
DESCRIPTION:Léif Memberen\, \nMir hoffen dir genéisst är Vakanz\, lol! \nFir besser duerch d’Léierphase ze kommen\, huet sech den Comité eppes extraes fir iech afalen gelooss: \nMat engem brandneien Konzept (Clubrees meets Wanderweekend) an engem ongewéinlechen Datum huelen mer eis\, leider verpassten\, Rees aus dem Mee direkt um Start vum Semester no an kombinéieren se direkt mat engem sportlechen Tour op den Bierg. Anstatt den Deluxe-Hostel geet et op den 4*-Camping op Lugano am sonnegen Tessin. Vum Nomadenzelt iwwert den Nostalgiewon bis hin zum Deluxe Safarizelt\, kann all LSZ’ler säin Genoss um Glampen (Glamour-Camping) fannen an engem LSZ-Niveau entspriechend braucht der iech keng Gedankem em en Zelt ze maachen\, et sinn genuch Ennerkünfte gebucht. \nLass geet et Donneschdes moies den 17. September virum Lochness mam Bus op den TCS-Camping Muzzano\, vun deem mer Sonndes Owes rëm op  Zürich zréckfueren. Link an all Infoe zum Camping mat den Schlofplazen fannt der: Link \nProgramm: \n\nDonneschdes: Arrivée an Visitte guidée vun Lugano\nFreides: Wanderen\nSamschdes: Fräizäit an gemeinsaamt Owesiessen mat 1 (2\,3\,4…) Patt offréiert vum LSZ\nSonndes: Eventuell Aktivitéit an Depart op Zürich\n\nDetails zum Programm kommen zu engem spéideren Zäitpunkt. \nÄr Reesbegleeder\, den Patrick an den Bischti\, betreien iech während der ganzer Rees an suergen derfir\, dass ären Openthalt reiwungslos ofleeft\, souwuel an gudden wei och sëffegen Zäiten. Sie hunn ëmmer en oppent Ouer fir är Froen ronderëm d’Land\, d’Leit\, d’Kultur sowei d’Geschicht vun Lugano an ginn iech niewebäi nach den Tipp fir den beschten Café vun der Stad. \nKommen mer zum organisatoreschen Deel vun eisem Spaass: D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 125 Euro\, dodran abegraff sinn dräi Nuechten um Camping\, een gemeinsamen Owend offréiert vum LSZ\, den Transport op Lugano\, eng gutt Stëmmung an schéin gemeinsam Momenter. \nAm Forms froen mer iech och op der en Auto hutt\, respektiv op der en Transport op Lugano braucht\, obwuel mer grad geschriwwen hunn dass den Transport am Bus op Lugano schon am Präis mat dran ass: Dat läit drun dass\, falls mir genuch Autoen zesumme sollten kréien\, mir wéi beim Wanderweekend an Gruppen mam Auto op Lugano géife fueren. Déi Suen déi mer dobäi géifen spueren fléissen dann natierlech an eng extra Aktivitéit. \n  \nD’Umeldung geet den 17.07 um 18:00 op an den 31.07 um 23:59 zou. D’Platzen sinn limitéiert mat der eventueller Méiglechkeet dass een vun der Waardelëscht noréckelen kann. \nSchreift eis gären bei Froen op comite@lsz.lu oder engem vun eis zwee direkt. \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/clubrees-2020/
LOCATION:Lugano\, Via alla Foce 14\, Muzzano\, Ticino\, 6933\, Switzerland
CATEGORIES:Event,Member
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20201022T183000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20201022T233000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20201009T120317Z
LAST-MODIFIED:20201009T120629Z
UID:13905-1603391400-1603409400@lsz.lu
SUMMARY:Beerpong
DESCRIPTION:Et ass erem Zäit fir en legendären Owend fir d‘fro ze klären: Weieeng 2 LSZ‘ler sinn d’BeerPong Kings 2020?\nWann och Dir wëllt bei eisem Tournoi matmaachen dann mellt Iech hei an desem Forms un. D‘Plazen sinn limitéiert also maacht iech bei! Iwwerleet iech en originellen Teamnumm\, dat kéint iech en klengen Preis abrengen. \n  \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/beerpong/
LOCATION:GZ Höngg\, Limmattalstrasse 214\, Zürich\, Zurich\, 8049\, Switzerland
CATEGORIES:Event,Member
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20201030T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20201030T230000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20201016T065331Z
LAST-MODIFIED:20201020T152616Z
UID:13951-1604080800-1604098800@lsz.lu
SUMMARY:Stammdësch
DESCRIPTION:Duerch déi aktuell Situatioun sinn mer gezwongen den Stammdësch bessen manner spontan ze organiseieren\, dowéinst wieren mer frou wanns de dech hei kiins unmellen 😉 \nWei emmer iwwerhellt den LSZ déi éischt puer Ronnen\, mir freen eis schon drop! \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/stammdesch/
LOCATION:Aya Bar\, Hardstrasse 260\, Zürich\, Zurich\, 8005\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20201107T130000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20201107T150000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20201025T124918Z
LAST-MODIFIED:20201025T125516Z
UID:13988-1604754000-1604761200@lsz.lu
SUMMARY:Kulturausfluch
DESCRIPTION:Léif LSZler\,\nWéi schonn ugekënnegt maache mir Samschden\, de 7. November eise Kulturausfluch. Et geet an d’Lindt House of Chocolate zu Kilchberg.\nMir maachen do d’Choco-Deluxe Féierung wou mir d’Produktioun vu Schockela erkläert kréien an och Saache schmaache kennen.\nD’Féierung fänkt um 13:30 un an dauert ongeféier bis 15:00. Mir bieden iech dofir um 13:15 bei der Entrée ze sinn.\nWann der wëllt matkommen mëllt iech bis den 30. Oktober op eiser Website un an iwwerweist 27€(!) mat der Mentioun “Lindt 2020+Numm” op  LU34 0019 2955 4503 3000 oder per Digicash op d‘Nummer 0041 76 497 12 86 mat der selwechter Mentioun.\nD’Platze sinn op 30 begrenzt also maacht iech bäi! \n  \nPlease select a valid form\n 
URL:https://lsz.lu/event/kulturausfluch-2/
LOCATION:Lindt Home of Chocolate\, Schokoladenplatz 1\, Kilchberg\, Zürich\, 8802\, Switzerland
CATEGORIES:Event,Member
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20201201T170000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20201201T183000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20201125T083902Z
LAST-MODIFIED:20201125T084039Z
UID:14523-1606842000-1606847400@lsz.lu
SUMMARY:Visite en ligne - CDCL
DESCRIPTION:Léiw LSZler\, \nden 1. Dezember\, dat heescht nächsten Dënschden\, um 5 Auer\, hält d’CDCL\, d’Compagnie De Construction Luxembourgeoise\, een vun eisen wichtegsten Sponsoren\, dem LSZ eng Präsentatioun op Teams wou si sech virstellen an mer Froen kënnen stellen. \nCDCL \nGegrënnt 1979 vun zwee ETH alumni\, ass d’CDCL mat ronn 500 Employéen een groussen Acteur am Konstruktiounssecteur zu Lëtzebuerg. Mat enger breetgefächerter Panoplie un Projeten\, dorënner ënnert anerem den vertikal link am Pafendall\, den Athenée an den Luxembourg Kongress Center\, ass d’CDCL aktiv an sou gutt wéi all Domaine vun der Bauingenieurie. \nMotivatioun \nOch wann dës Présentatioun am interessantsten fir eis Bau- an Maschinnebauingenieuren ass. Zéckt net fir trotzdeem nozelauschteren an eppes iwwert een vun deenen wichtegsten Secteuren zu Lëtzebuerg ze leieren. Den Mr. Luc Didier\, deen d’Presentatioun halen wäert\, war bis virun véier Joer nach selwer op der ETH an kann ierch soumat och all är Froen iwwert d’Transitioun an d’Beruffswelt\, souwéi seng takeaways vum Studium beäntwerten. Speziell fir eis rezent Bleuen\, déi lo stolz LSZler sinn\, ass dëst\, trotz dem digitalen Charakter\, eng immens flott éischt Firmenvisite. Et ass wichteg\, dass mer eisen Sponsoren nolauschteren an present sinn\, ouni hiren Support wär eisen Club\, speziell dëst Joer\, net méiglech. \nTeams \nOch wann der nach ni virdrun Microsoft Teams benotzt hutt\, kënnt der einfach ouni Account oder Software direkt duerch den Browser der Sessioun joinen. Dëst funktionéiert allerdéngs nëmmen op Chrome\, Safari an Edge. Hei den Link:  https://teams.microsoft.com/l/meetup-join/19%3ameeting_ZjFmNTE4ZDItZmUyYy00MmEyLWIyMjEtZjczMWVlMDgwZTcy%40thread.v2/0?context=%7b%22Tid%22%3a%22ae013cbc-082f-4988-a54b-75a2851811f2%22%2c%22Oid%22%3a%226e71c7fc-61a8-4ca3-916a-eada5a990ed9%22%7d
URL:https://lsz.lu/event/visite-en-ligne-cdcl/
LOCATION:Microsoft Teams
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20201205T190000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20201205T230000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20201118T143823Z
LAST-MODIFIED:20201118T180402Z
UID:14511-1607194800-1607209200@lsz.lu
SUMMARY:Kleeschen
DESCRIPTION:L̶é̶i̶f̶ ̶L̶S̶Z̶’̶l̶e̶r̶\,̶ ̶ ̶\nL̶e̶i̶d̶e̶r̶ ̶m̶u̶s̶s̶e̶n̶ ̶m̶e̶r̶ ̶*̶i̶n̶s̶e̶r̶t̶ ̶E̶v̶e̶n̶t̶*̶ ̶w̶é̶i̶n̶s̶t̶ ̶d̶e̶r̶ ̶a̶k̶t̶u̶e̶l̶l̶e̶r̶ ̶S̶i̶t̶u̶a̶t̶i̶o̶u̶n̶ ̶o̶f̶s̶o̶e̶n̶\,̶ ̶e̶t̶ ̶a̶s̶s̶ ̶l̶e̶i̶d̶e̶r̶ ̶.̶.̶.̶ \nNee\, haut zielen mer iech léiwer d’Geschicht vum Kleeschen: Deen huet sech en ganzt Joer drop gefreet fir endlech mol rëm bei den LSZ ze kommen\, en gudden Béier ze drénken an mat sengem Kolleg\, dem Houseker en flotten Owend ze verbréngen. Déi Freed wollt en sech natierlech net huelen loossen an huet sech mam Houseker zesummegesat an sech eppes afalen gelooss; mat Corona war déi ganz Saach awer net sou einfach :/ Wei kann en dann all seng brav LSZ’ler gesinn\, ouni Unstiechungen? Ganz einfach an op déi traditionell Art an Weis\, den Kleeschen kennt einfach bei d’LSZ’ler heem an bréngt do seng Kadoen mat. Séier den Schlitt géint en schnëttegen Polo getosch\, den Béier an Schockela agelueden an schon huet en sech op den Wee gemaach. Momentan ass en nach ënnerwee am héichen Norden\, mee mer sollen iech folgendes soen: \n-Hien fänkt säin Tour am Owend vum 5.12 un\n-D’LSZ’ler sollen sech an klengen Gruppen (4-5 Leit) bei engem doheem treffen\n-Jiddereen kritt dann säin Kado laanschtbruecht (Schockela\, Mandarinnen\, Nëss\, Glühwäin an vläicht och eng Rutt!)\n-Pro WG gëtt et en Kajot Béier als Kado (gitt em w.e.g. 11CHF fir den Pfand mat)\n-Fir dass och jiddereen weess wou den Kleeschen grad drun ass gëtt et en Spill/Quizowend iwwert Zoom mat Livestream direkt vum Schlitt\n-Sot dem Kleeschen och w.e.g. Bescheed wou der wunnt\, hien kënnt nëmmen den Café Schlauch an d’Alumni Lounge zu Zürich :/ \nFir den Kleeschen an den Houseker\,\nBischti & Eric \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/kleeschen/
LOCATION:Zürich/Virtuell
CATEGORIES:Event,Member
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20201211
DTEND;VALUE=DATE:20201212
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20201128T193335Z
LAST-MODIFIED:20201128T193844Z
UID:14034-1607644800-1607731199@lsz.lu
SUMMARY:3-Schichten-Iessen
DESCRIPTION:Léiwen LSZ’ler \nNet eng\, net zwou mee dréi Schichten hues du läscht Joer um Zürcher Bal geschafft an hues dir domadder net nëmmen d’Dankbarkeet vum gesamte LSZ\, mee och een Iesse verdéngt.\nDëst fënnt den 11. Dezember um 19:00 an der Commihalle statt. Um Menü steet ee Pasta-Plausch.\nD’Iesse wéi och d’Gedrénks ginn op den LSZ.\nNatierlech wäert dat ganzt Iessen an eisen Openthalt am Restaurant Corona gerecht stattfannen. Mir wäerten op laangen Descher setzen\, déi mat “stillvollen” Glastrennwänn ofgetrennt sinn\, soudass d’maximal Dëschbesetzung vun 4 Léit net iwwerschratt gëtt\, mir awer trotzdeem alleguerten zesumme féiere kënnen.\nWann s du dir dat net wëlls entgoe loossen\, mell dech bis spéitstens nächste Samschden de 5. Dezember un. Falls du net um Iesse kanns deel huelen\, mell dech w.e.g ënnert deem nämmlechte Link of. Bei Froe stinn ech gären zur Verfügung. \nBis speitens den 11. Dezember.\nFir den Comité\, \nChristine \nPlease select a valid form\n 
URL:https://lsz.lu/event/3-schichten-iessen-2/
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20210305T070000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20210307T190000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20210114T183136Z
LAST-MODIFIED:20210115T092011Z
UID:14551-1614927600-1615143600@lsz.lu
SUMMARY:Wantersport Weekend
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nTraditionell geet den LSZ och dës Wantersaison nees an d’Bierger a jauft mat den hëlzene Brieder d’Pisten erof. Natierlech ass eis bewosst\, dass déi aktuell Corona-Lag net immens villverspriechend ausgesäit. Allerdéngs ass et fir ons wichteg d’Eventer sou wäit ewéi méiglech ze plangen an zu engem raisonnabelen Zäitpunkt d’Decisioun ze huelen\, op d’Aktivitéit ka stattfannen oder net. \nAus dësem Grond bleiwe mir optimistesch an hunn decidéiert d’Umeldunge fir den LSZ-Wantersportweekend opzemaachen. Am Fall wou mer missten de Weekend ofsoen\, falen natierlech keng Käschte fir den ugemellte Member un. \nMat engem neie Konzept geet et dëst Kéier op d’Lenzerheide an de Chalet Raschainas\, dee mir vir eis eleng gelount hunn. D’Skigebitt Arosa- Lenzerheide zielt mat sengen 225 Pistenkilometer zu engem vun deene gréissten aus der Schwäiz. \nLink: Gruppenferienhaus | Raschainas – Lenzerheide \nLink: https://arosalenzerheide.swiss/de/Winter/Skifahren-Snowboarden/Schneesportgebiet \nWei den Numm et scho verréit\, soll et sech dëst Joer net nëmmen em d’Skifueren dréien\, mee och déi manner skibegeeschtert ënnert iech wäerten op hier Käschte kommen\, sief et beim Schlittfueren\, Wanderen\, Schlittschongfueren oder vir einfach eng flott Zäit zesummen ze verbréngen.    \nMéiglech Aktivitéiten fannt dir ënnert folgenden Links: \nSchlittfueren: \nhttps://arosalenzerheide.swiss/de/Region/Lenzerheide/Winter/Weitere-Winteraktivitaeten/Schlitteln \nFoxtrail: \nhttps://arosalenzerheide.swiss/de/Region/Lenzerheide/Winter/Weitere-Winteraktivitaeten/Foxtrail \nSchlittschong: \nhttps://arosalenzerheide.swiss/de/Region/Lenzerheide/Winter/Weitere-Winteraktivitaeten/Eissport \nSchneeschuhwanderung: \nhttps://arosalenzerheide.swiss/de/Region/Lenzerheide/Winter/Weitere-Winteraktivitaeten/Schneeschuhlaufen \nGitt dowéinst direkt bei der Umeldung un ob dir wëllt Skifueren oder net (dëst ass wichteg wéinst der Skipassreservatioun). E Mix aus béiden ass natierlech och méiglech\, sot eis dofir awer w.e.g. am viraus Bescheed. \nDen Depart ass geplangt Freides de 05.03 um 7:00h um Campus Hönggerberg a mer wäerte Sonndes de 07.03 géint 19:00h rëm zu Zürich sinn. Genau Informatiounen zum Depart a Retour kritt dier zu engem méi spéideren Zäitpunkt. \nD’Participatioun läit dëst Joer bei ongeféier 300€ fir déi wou Skifueren\, an ongeféier 165€ fir déi wou net Skifueren. An deem Präis ass ënner anerem de Ski-\, Schneischung- oder Schlittverleih resp. d’Mëttegiessen nach net mat aberechent. \nIwwert d’Feierdeeg huet sech de Comité nei verbindlech Umelldungsconditiounen (APB) iwwerluecht. Liest iech déi w.e.g. emol gutt duerch firundeems dir iech umellt. Link: https://lsz.lu/wp-content/uploads/2021/01/APB.pdf  \nD’Platze fir de Wantersportweekend sinn op 30 Persoune limitéiert. Dir kennt iech ab dem 16.01 (18:00) bis den 16.02 (18:00) hei ënnendrënner umellen. Eréischt no där Period kritt dir vun eis Bescheed gesot ob dir definitiv kennt mat goen. Ass dëst de Fall\, bieden mer iech ab dësem Zäitpunkt är Participatioun ze bezuelen.\nSpéider Umeldunge sinn och méiglech\, eventuell musst dir dann awer domat rechnen op der Wardelescht ze landen. \nMir freeën eis op ee flotte Weekend! \nde Comité \nResponsables Wantersportweekend: \nFanny Goy (fanny@lsz.lu); Felix Engel (felix.engel@lsz.lu);  Sacha Thill (sacha@lsz.lu) \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/wantersport-weekend/
LOCATION:Gruppenferienhaus Raschainas\, Voa Tgantieni 2A\, Lenzerheide\, Graubünden\, 7078\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20210317T190000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20210317T230000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20210307T113228Z
LAST-MODIFIED:20210308T205945Z
UID:14568-1616007600-1616022000@lsz.lu
SUMMARY:Fréijoers AG 2021
DESCRIPTION:D’ Assemblée Générale vum Fréijoerssemester fënnt de 17. Mäerz 2021 um 19h00 online statt. \nFir d’ AG méi attraktiv ze maachen\, kënnt dir iech bis zu 5 Léit bei engem doheem treffen an d’ AG zesumme verfollegen. De Comité bréngt iech dann Verfleegung laanscht (Gedrénks a Snacks). Et brauch sech just 1 pro Grupp unzemëllen. D’ Verfleegung kritt dir den Daag firdrun vun eis geliwwert. \nPlease select a valid form\n 
URL:https://lsz.lu/event/freijoers-ag-2021/
LOCATION:Zürich/Virtuell
CATEGORIES:Event
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20210424
DTEND;VALUE=DATE:20210425
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20210413T121723Z
LAST-MODIFIED:20210421T095945Z
UID:15022-1619222400-1619308799@lsz.lu
SUMMARY:Rallye
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nDe 24.04 organiséiert de Comité en Rallye duerch Züri. Op dësem Tour kennt dir äert Kennen unhand vu Spiller ënner Beweis stellen\, souwéi dir och unhand vu klengen Challengen um Wee Punkte sammele kennt. Wann dir virun allem an dësen Zäiten eng Ofwiesslung zum Alldag wëllt hunn\, ass dëst sécherlech eng top Méiglechkeet. Dir kennt iech an engem Team vun bis zu 4 Persounen bis den 22.04 hei drënner umellen: \nPlease select a valid form\n  \nWeider Informatiounen kommen no äerer Umeldung no. \nWICHTEG – Infos zur  Sportchallenge:\nVir all Team wat och un der Sportchallenge deelhëlt: De Rallye ass des Woch d’Explore Challenge\, mais och dir musst iech als Team nachengkeier uewen umellen. Pro Teammember wou um Rallye deelhëlt ginn et 10 Punkten\, déi jiddereen fix kritt. Dann kennt dir um Wee selwer nach unhand vu Spiller a klengen Challengen Punkte vir eart Team gewannen. Daat Team waat um Rallye am Ganzen am meeschte Punkte sammelt kritt 40 supplementär Punkten. Et ass soumat och eng weider super Méiglechkeet säin Team direkt no den éischten 2 Wochen bis op de Podium ze puchen. \nSelbstverständlech kennen/sollen sech och Teams umellen déi net bei der Sportchallenge matmaachen. Falls dir als Team sollt gewannen\, waart op iech e klenge Präis. \nMir hoffen der vill vun iech säit laangem erëmzegesinn. \nBis dann\, \nde Comité 
URL:https://lsz.lu/event/rallye/
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20210603T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20210603T233000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20210523T212646Z
LAST-MODIFIED:20210601T125928Z
UID:15564-1622743200-1622763000@lsz.lu
SUMMARY:Beerpong an Semesterofschloss
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nlues a lues gëtt et Zäit déi nei Beerpongchampions vir d’Joer 2021 ze kréinen an vir em dësen Titel ze kämpfen soll natierlech keen vun iech feelen!🏆 \nDowéinst sidd dir all agelueden Donneschdes den 3. Juni um Beerpongsturneier op der grousser Grillplatz Vitaparcours Zürich Käferberg (via Google Maps fannt dir d’Grillplatz zimmlech einfach) deelzehuelen. Umellen kennt dir iech bis en Desnchden Owend (01.06) hei: \nPlease select a valid form\nVu dass den 3. Juni den zweetleschten Dag vum Semester ass\, ass dëst eng super Geleeënheet d’Semesterenn zesummen ze verbrengen. Mir wäerten soumat net nemmen nei Beerpongchamps kréinen mais och zesummen op dat vergaangent Semester ustoussen an dat net nëmmen bei guddem Gegrills a fäinem Béier🍺\, mais och mat top Wäin🍷\, a gäilen Cocktail(s)🍹\, well ween kann schon engem gudden Züri Long Island widerstoen🤤 Et lount sech definitiv laanscht ze kommen! \nMéi Informatiounen kommen nach no!  \nBis dann\, \nde Comité
URL:https://lsz.lu/event/beerpong-an-semesterofschloss/
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20210711T200000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20210711T233000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20210626T130535Z
LAST-MODIFIED:20210626T130535Z
UID:15746-1626033600-1626046200@lsz.lu
SUMMARY:EM- Finall Stammdesch
DESCRIPTION:Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/em-finall-stammdesch/
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20211106T190000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20211107T030000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20211012T130530Z
LAST-MODIFIED:20211024T135646Z
UID:15863-1636225200-1636254000@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2021
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nNo baal 2 batteren Joeren ouni SPL\, ass et endlech nees souwäit! Ech hunn déi grouss Freed iech den 6.November an den Restaurant ze invitéieren. Dir hudd dëst Joër den Choix tëscht 3 Entréen\, 3 Haaptplaten an 3 Desserten\, soot eis w.e.g. bei Allergien mat Zäiten bescheed. Start ass wei gewinnt um 19:00 mam Apéro iert et dann op d’Gruppenfoto geet. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 70 Euro\, iwwerweist déi w.e.g. réicht nodeems der vun eis d’Confirmatioun dozou krut. Dir kënnt och rem äer Wonschsetzpartner unginn\, schwätzt ierch do w.e.g. virdrunner mateneen oof. Traditionell ass den Dresscode Owestenue\, daat heescht Costume oder Kleed. \nMir freen eis rieseg ierch all rem dierfen op d’SPL kënnen ze invitéieren an hoffen iech kennen do ze hunn!\nFir den Comité\,\nBischti\, Nicolas & Paul \nWichteg: Fir deelzehuelen braucht der en gültegt Covid-Zertifikat! \nD’Unmellungsperiode geet vum 24.10 18:00 bis den 27.10 18:00 \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/spl-2021/
LOCATION:Mariott\, Neumühlequai 42\, Zurich\, Zurich\, 8006
ATTACH;FMTTYPE=image/jpeg:https://lsz.lu/wp-content/uploads/2020/11/SPL-scaled.jpeg
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20211119T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20211121T040000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20211024T231544Z
LAST-MODIFIED:20211025T190409Z
UID:15915-1637344800-1637467200@lsz.lu
SUMMARY:Intercercle 2021 - Intern
DESCRIPTION:Den 19.11 an 20.11 fënnt wéi all Joer eisen traditionelle Clear-The-Bottles Intercercle zu Zürich statt.\nZesumme mat iech stelle mer eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn. \nWëlls du dobäi sinn? Dann hues du ab Dënschten den 26ten um 12:00 d’Méiglechkeet dech fir den Intercercle mat folgenden Events unzemellen: \n\nFreides 19.11 Owes em 18:00 Auer: Invitéiert den LSZ op eng gutt Kéis-Fondue mat engem Patt.\nSamschdes 20.11 Mëttes em 13:30: Gett dann een Rallye duecht Stad Zürech organiséiert\, mat Genuch Stëmmung an flësseger Motivatioun duerch eis wonnerschéi Stad.\nSamschdes 20.11: Owes em 20:00 ass de legendäre Clear-The-Bottles. Open Bar am Sektor 11 mat allem wat d’Häerz begiert bis 4:00.\n\nMir freeën eis schon vill bekannten an och nei Gesiichter ze gesinn\,\nÄren Comité \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/intercercle-2021-intern/
LOCATION:Zürich\, Zürich\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20211119T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20211121T050000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20211024T224644Z
LAST-MODIFIED:20211025T173028Z
UID:15910-1637344800-1637470800@lsz.lu
SUMMARY:Intercercle 2021 - Extern
DESCRIPTION:Den 19.11 an 20.11 fënnt wéi all Joer eisen traditionelle Clear-The-Bottles Intercercle zu Zürich statt. \nZesumme mat iech stelle mer eis der schwiereger Aufgab dem Alkohol meeschter ze ginn.\nWëlls du dobäi sinn? Dann hues du ab dem 29. Oktober 12:00 d’Méiglechkeet dech fir den Intercercle mat folgenden Events unzemellen: \n\nFreides 19.11 Owes em 18:00 Auer: Invitéiert den LSZ op eng gutt Kéis-Fondue mat engem Patt.\nSamschdes 20.11 Mëttes em 13:30: Gett dann een Rallye duecht Stad Zürech organiséiert\, mat Genuch Stëmmung an flësseger Motivatioun duerch eis wonnerschéi Stad.\nSamschdes 20.11: Owes em 20:00 ass de legendäre Clear-The-Bottles. Open Bar am Sektor 11 mat allem wat d’Häerz begiert bis 4:00\n\nMir freeën eis schon vill bekannten an och nei Gesiichter ze gesinn.\nDen LSZ Comité \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/intercercle-2021-extern/
LOCATION:Zürich\, Zürich\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20211204T190000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20211204T230000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20211110T213343Z
LAST-MODIFIED:20211110T213558Z
UID:16653-1638644400-1638658800@lsz.lu
SUMMARY:3-Schichten Iessen
DESCRIPTION:Léiwen LSZ’ler \nNet eng\, net zwou mee dréi Schichten hues du läscht Joer um Zürcher Bal geschafft an hues dir domadder net nëmmen d’Dankbarkeet vum gesamte LSZ\, mee och een Iesse verdéngt. \nDëst fënnt den 04. Dezember um 19:00 an der Commihalle statt. Um Menü steet ee Pasta-Plausch.\nD’Iesse wéi och d’Gedrénks ginn op den LSZ. \nWann s du dir dat net wëlls entgoe loossen\, mell dech bis spéitstens nächste Samschden de 20. November un. Falls du net um Iesse kanns deel huelen\, mell dech w.e.g ënnert deem nämmlechte Link of. Bei Froe stinn ech gären zur Verfügung. \nBis hoffentlech den 04. Dezember.\nFir den Comité\, \nChristine \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/3-schichten-iessen-3/
LOCATION:Commihalle\, Stampfenbachstrasse 8\, Zürich\, 8001\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20211210T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20211210T220000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20211129T131559Z
LAST-MODIFIED:20211130T162343Z
UID:16747-1639159200-1639173600@lsz.lu
SUMMARY:LSZ Schlittschong 2021
DESCRIPTION:  \nHo ho ho\, \nNodeems ech lescht Joer perséinlech bei Iech heem koum\, hunn ech mir dëst Joer afale gelooss\, mat Iech den 10. Dezember um 18:00 direkt op der Schlittschongpiste um Dolder een flotten Owend ze verbréngen\, an duerno zesummen op den Chrëschtmaart eppes iessen an drénken zegoen!\nEch suergen dëst Joer net nemmen vir Glühwäin\, mais natierlech hunn ech och d‘Stongen vir d‘Belounungen um Zürcher Bal 2021 rëmfonnt\, déi ech well un Iech verdeelen an ären Asaatz bis elo belounen!\nBezüglech Transport: Déi Leit dei en Auto zur Verfügung hunn\, an domat bis op den Dolder fueren wellen\, ginn vum LSZ rembourséiert wann se an engem Auto mat min. 4 LSZler kommen. Gidd doweinst an der Umellung un op dir en Auto zur Verfügung stellt\, oder op dir mat engem mam Auto matfuert respektiv matfueren wellt. Kommt laanscht wann dir en flotten Owend mat mir an mengem gudden Kolleeg\, dem Schmutzli\, wëllt verbréngen. Ech freeën mech op Iech! \nDe Kleeschen\nan enker Zesummenaarbecht mam Comité vum LSZ \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/schlittschong-2021/
LOCATION:Dolder Kunsteisbahn\, Adlisbergstrasse 36\, Zürich\, Zurich\, 8044\, Switzerland
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20220304
DTEND;VALUE=DATE:20220307
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20220115T210206Z
LAST-MODIFIED:20220119T155307Z
UID:16776-1646352000-1646611199@lsz.lu
SUMMARY:Wantersportweekend 2022
DESCRIPTION:Léif LSZler\,  \net gëtt lues a lues Zäit seng holzen Brieder ze preparéieren\, well vum 4. bis 6. Mäerz  geet den LSZ nees an d’Bierger a jauft zesummen d’Pisten erof a Richtung Apres – Ski.   \nDëst Joer geet et an d’Skigebitt Andermatt – Sedrun – Disentis\, wou mir de Chalet Rheinquelle ganz vir eis eleng gelount hunn. Méi Informatiounen dozou fannt dir ënnert folgende Links: \nLink Skigebitt: https://www.andermatt-sedrun-disentis.ch/de/ \nLink Chalet: https://www.ferienzentrum-rheinquelle.ch \nWei den Numm et scho verréit\, soll et sech dëst Joer net nëmmen em d’Skifueren dréien\, mee och déi manner skibegeeschtert ënnert iech wäerten op hier Käschte kommen\, sief et beim Schlittfueren\, Wanderen\, Schlittschongfueren oder vir einfach eng flott Zäit zesummen ze verbréngen. Gitt aus dësem Grond an der Umeldung un op dir en Skipass braucht oder net.  \nDen Depart mam Bus ass geplangt Freides  den 04.03 am fréien Moien um Campus Hönggerberg a mer wäerte Sonndes de 06.03 géinter Owend rëm zu Zürich sinn. Genau Informatiounen zum Depart a Retour kritt dir zu engem méi spéideren Zäitpunkt. \nD’Participatioun läit dëst Joer bei  250€ fir déi wou Skifueren. An deem Präis mat abegraff ass den Transport hin an zeréck\, de Skipass\, de Chalet vir 2 Nueten\, souwéi d’Moies – an Owesiessen. Vir déi aner (Net – Skifuerer) läit den Präis bei 150€\, inclus sinn déi selwecht schon obgenannte Saachen\, just ouni Skipass.    \nD’Allgemeng Participatiounsbedingungen wäerten vir den Wantersportweekend mat folgenden Ännerungen ugewandt ginn:  \n\nUmeldung: Beim Deel 2. Umeldung vun den APB  wäerten am Prioritéitenprinzip d’Punkten 2 an 3 net gëllen. Deementspriechend ass d‘Reihenfolg vun de Prioritéiten wei folgend : \n\nComitésmemberen\nAktiv Memberen\nPassiv Memberen\nExterner\n\n\nOfmeldung: Am Fall vun enger Ofmeldung wäert een mussen 150€ bezuelen\, et sief dann\, et fënnt een op eegen Hand en Ersatz falls et keng Waardelëscht gëtt. \n\nDen Wantersportweekend ass en 2G+ Event. Et muss een also geboostert sinn oder en zerifizéierten Test (Schnelltest oder PCR) virweisen kennen\, falls déi läscht Impfung méi wéi 6 Méint hier ass. Och wann ee schon geboostert ass\, wäere mir frou wann dir am Viraus ee Schnelltest géingt maachen. Mir wäerten och virum Bus Schnelltester zur Verfügung stellen. Denkt drun ären Zertifikat um Wantersportweekend iwwerall derbäi ze hunn. \nDir kennt iech ab dem 19.01 (18:00) bis den 02.02 (18:00) hei umellen: \n Please select a valid form \nD’Platze fir de Wantersportweekend sinn op 30 Persoune limitéiert\, macht Iech also schnell bäi. \nEréischt no der Umeldungsperiod kritt dir vun eis Bescheed gesot ob dir definitiv kennt mat goen. Ass dëst de Fall\, bieden mir iech ab deem Zäitpunkt är Participatioun ze bezuelen\, entweder per Digicash un d’Nummer 0041764971286 oder un d’Kontosnummer LU34 0019 2955 4503 3000. Spéider Umeldunge sinn och méiglech\, eventuell musst du dann awer domat rechnen op der Waardelëscht ze landen. \nBei Froen kennt dir iech bei den Responsables vum Wantersportweekend mellen: Fanny Goy (fanny@lsz.lu); Felix Schoellen (felix.schoellen@lsz.lu); Nicolas Thill (nicolas@lsz.lu) a Sacha Thill (sacha@lsz.lu). \nMir freeën eis op ee flotte Weekend! \nde Comité
URL:https://lsz.lu/event/wantersportweekend-2022/
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220430T140000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220430T233000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20220402T211548Z
LAST-MODIFIED:20220523T144437Z
UID:16956-1651327200-1651361400@lsz.lu
SUMMARY:Zürcher Luft
DESCRIPTION:Léif LSZler\,  \nMat grousser Virfreed invitéieren mir iech alleguer Samschdes\, den 30. Abrëll op eist nächst (Gönner)Event “Zürcher Luft”. \nLass geet et samschdes Mettes um 14:00 bei der Tramstatioun Triemli wou mir eis all zesummen treffen\, d’Iessen an d’Gedrenks ënnert eis LSZler opdeelen\, an dann den Uetlibierg eropwanderen. Uewen um Bierg gëtt dann zesummen gegrillt an gedronk.  \nNodeems mir eis nees op den Wee fir rof machen\, geet et um 21:00 am Lochness weider. De Prinzip wäert deenen meeschten vum Clear the Bottles bekannt sinn: Open Bar\, stëmmungsvoll Musek\, genuch ze drenken\, an dat bis spéit an d’Nuet eran! Vu dass mir vermeiden wëllen dass den ganzen Alkohol schon virun 22 Auer fort ass\, mussen mir iech leider eng Participatioun vun 15€ froen\, esou kenne mir dofir garantéieren\, dass den ganzen Owend iwwer fir genuch Gedrénks gesuergt ass. \nAm Lochness gëtt et eng Limitt op 100 Leit an d’Umeldungen lafen nom Prinzip vun eisen APB. Falls dir trotzdeem gären Externer\, ganz gären schwäizer Kolleegen\, invitéiert\, kënnt dir dëst maachen\, dir musst deenen den Link dann weiderschécken an sie mussen sech och umellen. Sidd iech an deem Fall just bewosst dass Externer laut dem Prioritéitsprinzip awer als lescht eng Platz kréien.  \nUmellen kennt dir iech ab dem 8. Abrëll bis den 15. Abrëll hei: Please select a valid form \nMir freeën eis op iech! \nde Comité \n 
URL:https://lsz.lu/event/zurcherluft/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220507T080000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220507T170000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20220222T201906Z
LAST-MODIFIED:20220222T202457Z
UID:16813-1651910400-1651942800@lsz.lu
SUMMARY:Sola 2022
DESCRIPTION:D’Sola ass eng Staffel duerch Zürich. En Team besteet aus 14 Leefer déi zesummen eng Gesamtstreck vun 113.85km lafen. D’Strecke sinn teschend 3.71 km – 14.09 km laang. 2 Strecke sinn obligatoresch fir Fraen. Gitt dowéinst am beschten är Beschtzäit op 5 km oder 10 km un\, sou dass mir d’Leefer optimal op de verschiddene Strecke kënnen opdeelen. \nBei weidere Froe kënnt dir iech gäre beim Fanny mëllen. \nHei kënnt dir iech fir d’Sola umellen: \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/sola-2022/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20220513
DTEND;VALUE=DATE:20220516
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20220411T075258Z
LAST-MODIFIED:20220411T075258Z
UID:17052-1652400000-1652659199@lsz.lu
SUMMARY:Bologna 2022
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \n  \nGeschwënn ass et endlech esou wäit\, eis Clubrees 2022 steet virun der Dier! Dëst Joer féiert eis eis Rees an d’Haaptstad vun der norditalienescher Regioun Emilia-Romagna\, an zwar an déi wonnerschéi Stad Bologna.  \n  \nMir fueren Freidegmoies\, den 13. Mee\, vum Zürecher HB mam Zuch bis op Bologna\, wou mir am Hostel Combo Bologna iwwernuechten. Nees zeréck op Zürech geet et Sonndes de 15.5. am spéiden Nomëtteg. \n  \nFir en spannenden Programm ass och gesuergt. Freides am Nomëtte gi mir zesummen d’Stad an den Uni-Campus entdecken an duerno maache mir eis en flotten Clubowend. Samsdes huelen mer den Zuch bis an d’Nopeschstad Modena\, wou mer den bekannte Ferrari-Musée kucken ginn. Owes gi mer dann nees zu Bologna all zesumme gutt italienesch iessen. Sonndes besiche mir de MAMbo\, de Museum of Modern Art Bologna\, iert mer eis Owes leider nees op de Réckwee maachen mussen. Do dernierft ass awer och genuch Fräizäit\, wou dir dat maache kennt\, wourop der Loscht hutt. \n  \nAn Italien gëllen bis den 30. Abrëll nach relativ strikt Covid-Mesuren\, et brauch een den Covid-Check z.B. fir an den Intercityzich an och fir am Restaurant dobannen z’iessen. Méi detailléiert Infoen zu den aktuellen Covid-Mesuren fannt dir hei. Wéi eng Mesuren nom 30. Abrëll an Italien ginn\, wësse mir leider nach net. Mir wäerten iech um Courant halen\, wéi sech d’Situatioun an Italien entwéckelt. \n  \nD’Participatioun läit dëst Joer bei 100€\, do sinn den Transport\, den Hostel\, een Nuechtiessen an déi kleng Aktivitéiten déi mir all zesumme maachen\, mat abegraff. \n  \nDir kennt iech vum Mëttwoch den 13.4. (18h00) bis den 20.4. (18h00) op eiser Website umellen. D’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB ausser dass d’Punkten 2 an 3 net gëllen. D’Prioritéite sinn also: \n\nComitésmemberen\nAktiv Memberen\nPassiv Memberen\nExterner\n\nD’Plaze sinn op 35 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \n  \nWann d’Umeldungsphas eriwwer ass\, kritt dir Bescheed gesot\, op dir eng Platz kritt hutt. Zu deem Zäitpunkt kritt dir och d’Detailer fir d’Participatioun ze bezuelen. \n  \nBei Froen kennt dir iech gär bei de Responsabelen vun der Clubrees mellen: Cedric Mulders (cedric@lsz.lu) an Kéo Oran (keo@lsz.lu).  \n  \nMir freeën eis op eng flott Rees mam LSZ! \n  \nDe Comité \n  \n  \nPlease select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/bologna-2022/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220520T170000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220520T233000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20220520T093007Z
LAST-MODIFIED:20220520T091855Z
UID:17311-1653066000-1653089400@lsz.lu
SUMMARY:Beerpong & Semesteroofschloss
DESCRIPTION:Leif LSZler\, \nwell sech dëst Semester sou lues dem Enn zouneigt\, gëtt et och gläich Zäit fir eist lescht Event vum Semester: den alljärlechen Beerpong Tournoi an Semesteroofschloss. Schnaapt iech also ären Beerpong Partner an ergräift är Chance fir déi nei Beerpongchampions fir d’Joer 2022 ze ginn. Des wäerten den 2. Juni op der grousser Grillplaz Vitaparcours Zürich-Käferberg gekréint gi. Et wäerten dëst Joer och e puer vun eisen Fribourger an Lausanner Kolleegen eis Konkurrenz maachen kommen\, also mellt iech ënnert folgendem Link(eng Persoun pro Team) ab 19h an bis den 27.05 un fir eis Reputatioun ze halen: Please select a valid form (Platzen sinn op 32 Teams begrenzt). \n  \nBei guddem Gegrills a Gedrénks kenne mir den Owend dann och auskléngen loossen an op dat vergaangent Semester ustoussen. \n  \nMir freeën eis op iech\,  \nären Comité \n 
URL:https://lsz.lu/event/beerpong-semesteroofschloss/
LOCATION:Zürich\, Zürich\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220521T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220521T233000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20220404T211853Z
LAST-MODIFIED:20220429T063039Z
UID:16963-1653156000-1653175800@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2022
DESCRIPTION:Léif LSZ’ler\, \nNëmmen en halleft Joer hutt dir missen waarden\, an schon ass et nees souwäit! Mir hunn déi grouss Freed iech den 21. Mai an d’Zunfthaus zur Meisen op d’SPL ze invitéieren. Des SPL leeft ganz nom Motto “Where old meets new” an domat ass déi grouss Ännerung vir des Editioun\, dass och Alumnien\, also LSZ’ler déi virun mei laanger Zäit zu Zürech studéiert hunn\, invitéiert sinn a mat eis e flotten Owend verbréngen. \nDir hutt den Choix tëscht engem Fleesch – an Vegimenü\, Den genauen Menü fannt dir an der Umeldung. Sot eis w.e.g. bei Allergien mat Zäiten Bescheed.  \nStart ass um 18:00 mam Apero iert et dann op d’Gruppefoto geet. D’Participatioun beleeft sech dëst Joer op 80 Euro\, iwwerweist déi w.e.g. réicht nodeems der vun eis d’Confirmatioun dozou krut.  \nDir kënnt och rëm äre Wonschsetzpartner uginn\, schwätzt iech do w.e.g. virdrunner mateneen of. Traditionell ass den Dresscode Owestenue\, dat heescht Costume oder Kleed. \nDenkt och w.e.g. drun dass mir nach Wäin hunn deen op Zürech muss transportéiert ginn\, mellt Iech dowéinst w.e.g bei eis wann dir vun Lëtzebuerg op Zürech fuert fir e puer Këschten matzebréngen. \nDir kennt iech ab Freiden\, den 29.4. (18h00) bis den 06.05. (18h00) hei drënner umellen: Please select a valid form \nD’Umeldungen verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB ausser dass d’Punkten 2 an 3 net gëllen. D’Prioritéite sinn also: \n\nComitésmemberen\nAktiv Memberen\nPassiv Memberen\nExterner\n\nD’Plaze sinn op 90 Persounen begrenzt an bannent de Kategorien vun de Prioritéiten gelt den Prinzip vum “first come first served”. Mellt iech also séier un! \nMir freeën eis riseg iech all rëm kënnen op d’SPL ze invitéieren an hoffen der vill vun iech kennen do ze hunn! \nFir den Comité\,  \nSarah Hoffmann (sarah.hoffmann@lsz.lu) \nSacha Thill (sacha@lsz.lu) \n 
URL:https://lsz.lu/event/spl-2022-2/
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220521T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220522T020000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20220320T105824Z
LAST-MODIFIED:20220425T100816Z
UID:16910-1653156000-1653184800@lsz.lu
SUMMARY:SPL 2022 Alumni
DESCRIPTION:Leif Alumnis vum LSZ\, \nFir de Kontakt tëscht den LSZler\, an den Alumnis weiderhin oprecht ze erhalen\, invitéieren mir Iech ganz häerzlech den 21. Mai op eis traditionell SPL.  \nD’Konzept vun der SPL sollt deenen meeschten nach bekannt sinn: En 3 – Gäng – Menü an enger schicker Ambiance mat\, aus Lëtzebuerg importéiertem\, Wäin a Cremant fir den ETH Professeren ze gedenken déi eis Lëtzebuerger Studenten wärend dem 2. Weltkrich bäi sech opgeholl hunn.  \nDëst ass mat een vun eisen gréissten Eventer am Joer an et géif eis immens freeën eng Rei Alumnis vum LSZ do begréissen ze kennen. Net nëmmen ass dëst fir eis eng flott Méiglechkeet vun Erfarungen aus der Beruffswelt ze heieren an vun ärer Uniszäit gezielt ze kréien\, mais et ass sécher och fir Iech eng super Alternativ dem LSZ nees mei no ze kommen an gezielt ze kréien\, wat sech alles säit ärer Uniszäit verännert huet.  \nD’SPL fënnt dëst Joer den 21. Mai am Zunfthaus zur Meisen (https://www.zunfthaus-zur-meisen.ch) statt. Dei genau Address ass Münsterhof 20\, CH-8001 Zürich. Mir géifen um 18:00 mam Apero starten. Wei gewinnt gelt op der SPL d’Tenue correcte. Dir hutt den Choix tëscht 2 Menüen (Fleesch an vegetaresch)\, mei Informatiounen dozou kommen no der Umeldung. D’Participatioun beleet sech op 150€.  \nFalls dir interesséiert sidd un der SPL deelzehuelen\, géifen mir Iech bieden Iech ab muer\, 25. Mäerz ab 12:00\, hei unzemellen: Please select a valid form \nD’Platzen (vir d’Alumnien) sinn op 40 Persounen limitéiert\, dir kennt Iech bis den 8. Abrëll umellen. \nBäi Froen kennt dir Iech gären bei eis mellen.  \nMir freeën eis Iech rem op d’SPL kënnen ze invitéieren\, an hoffen der vill vun Iech kënnen do ze gesinn.   \nVir de Comité vum LSZ \nSacha Thill (sacha@lsz.lu) & Sarah Hoffmann (sarah.hoffmann@lsz.lu) \n 
URL:https://lsz.lu/event/spl-2022/
LOCATION:Zunfthaus zur Meisen\, Münsterhof 20\, Zurich\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=Europe/Zurich:20220920T180000
DTEND;TZID=Europe/Zurich:20220920T180000
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20220902T091112Z
LAST-MODIFIED:20220902T093114Z
UID:17447-1663696800-1663696800@lsz.lu
SUMMARY:First Contact
DESCRIPTION:Leiwe Bleu\, \nHärzlech wellkomm an denger Studentenstadt Zürich ! \nFir dass du dem LSZ seng Memberen an mir dech kennen kennenleieren\, lueden mir dech op eisen First Contact an der Alumni Lounge um Campus Hönggerberg an. Fir dass mir ongefeier wessen zu weivill mir wärten sinn\, bieden mir dech desen Formular auszefellen. \nMir freen eis op dech ! \nDe Comité \nPlease select a valid form\n  \n 
URL:https://lsz.lu/event/first-contact/
LOCATION:Alumni Quattro Lounge\, Stefano-Franscini-Platz 5\, Zürich\, 8093\, Switzerland
ORGANIZER;CN="LSZ Comite":MAILTO:comite@lsz.lu
END:VEVENT
BEGIN:VEVENT
DTSTART;VALUE=DATE:20220924
DTEND;VALUE=DATE:20220926
DTSTAMP:20260425T164035
CREATED:20220830T092438Z
LAST-MODIFIED:20220830T133025Z
UID:17423-1663977600-1664150399@lsz.lu
SUMMARY:Wanderweekend 2022
DESCRIPTION:Léif LSZler\, \nNo all de verpasste Wanderweekender an de leschten 2 Jore wou eis de Corona en Stréch duerch Rechnung gemaach huet\, kënne mir mat beschter Laun annoncéieren\, dass et de Weekend vum 24ten a 25ten rëm op de Bierg geet! \nEt start fir eis héich motivéiert Wanderer samschdes de 24ten em 8:00 vun Zürech aus bis op Göschenen. Vun do aus man mir eis steil de Bierg rop bis op Salbithütte. Fir déi déi dann nach net genuch midd sinn\, kann et nach weider bis op Salbit Hängebrücke goen. Opgepasst awer\, dir sollt dofir onbedéngt schwindelfräi sinn! Dëst ass en Ufanksabschnitt vun engem laange Klettersteig\, bei deem ee fir eise kuerzen Deel awer  net onbedéngt en Klettersteigset braucht. Aus dem Grond biede mir iech an der Umeldung unzekräizen wéi dir iech selwer aschätzt!  \nDen nächsten Dag ënnerhuele mir en traditionellen Wandertour bis op en klenge Gipfel\, an optional virdrun bei en klenge Séi\, bzw. éischter en méi groussen Waasserpull😂. Den Tour kann a verschiddene Variatiounen gemaach ginn:  \n\n7.6 km mat 630hm an \n9.5km mat 840hm\n\nWann mer all rëm zréck an der Hütte sinn\, gëtt et och rëm Zäit fir sech op den Heemwee ze maachen dh zréck erof op de Parking zu Göschenen an ab op Zürech. \nWéi schonn erwäänt geet eis Rees bis bei d’Salbithütte. Bei der Hütt handelt et sech em eng ganz traditionell Hütt soudass si kee fléissend waarmt Waasser hunn! Schlofen wäerte mir an engem Matrazenlager (héchstwarscheinlech mat aneren Leit). Heifir brauch all Mënsch ee Schlofsak!!  \nDe Präis beleeft sech ob ongeféier 55- 60€ op de Kapp\, d’Iessen Samschden Owes souwéi Sonndes Moies ass doranner abegraff. Et si begrenzt platzen dofir mat iech bäi! Umeldungen ginn den 1ten September em 12:00 op a bleiwen dëst bis de 12ten September\, an verlafen nom Prioritéitenprinzip aus eisen APB. \nMir freeën eis op top motivéiert LSZler\, \nDe Comité \n			\n				\n					\n					\n					\n				\n				Optioun 1\n					\n					\n					\n				\n				Optioun 2\n					\n					\n					\n				\n				Salbithängebrücke\n				\n				\n				\n				\n				Please select a valid form
URL:https://lsz.lu/event/wanderweekend-2022/
END:VEVENT
END:VCALENDAR